An der Gemeng Waldbëlleg ass zu Haler e Mobilfunkmast vun 42 Meter Héicht opgestallt ginn, ouni datt d’Bierger am Virfeld adequat informéiert gi wieren. Laut enger Biergerinitiativ huet d’Gemeng de Bewunner matgedeelt, et géif sech leedeglech ëm eng kleng Antenn handelen, woubäi de Mast an der Realitéit eng Héicht vun 42 Meter erreecht. Heiduerch stellen sech Froen iwwer d’Transparenz an d’Informatiounsflicht vu Gemengen am Kader vun Infrastrukturprojeten, souwéi iwwer d’Geneemegungsprozedure fir Mobilfunkmasten op nationalem Niveau. D’Bierger hunn e Recht drop, korrekt a vollstänneg iwwer Bauprojeten an hirer Noperschaft informéiert ze ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi eng gesetzlech Virgaben a Prozedure gëllen zu Lëtzebuerg fir d’Opstelle vu Mobilfunkmasten, a wien ass zoustänneg fir d’Ausstelle vun den entspriechende Geneemegungen?
Ass de Minister der Meenung, datt d’Gemengen hir Informatiounsflicht géigeniwwer de Bierger am Kader vun sou Projeten adequat erfëllen, a wéi gëtt dëst kontrolléiert?
Wéi eng Recoursméiglechkeete stinn de Bierger zur Verfügung, wann si der Meenung sinn, datt si vun enger Gemeng falsch oder onvollstänneg iwwer e Bauprojet informéiert goufen?
Gedenkt de Minister Moossname virzehuelen, fir d’Transparenz an d’Kommunikatioun vu Gemengen am Zesummenhang mat Infrastrukturprojeten ze verbesseren?
QP Nummer 3878