De Loyer vun der Akommessteier ofsetzen

Schonns 2022 hate mir eng Propose an der Chamber gemaach, fir dass Locatairen hire Loyer vun de Steieren kënnen ofsetzen. Dës Propose gouf awer vun den anere Parteien an der Chamber ofgeleent.
 
2024 hu mer et nach eng Keier probéiert:

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • D’Regierung wëll d’Recht op Wunnen an de Virdergrond stellen;
  • Aktuell bevirdeelegt déi lëtzebuergesch Steierpolitik d’Proprietären, déi d’Zënse vun hiren Immobiliëprête souwéi den Amortissement accéléré kënne vun hirer Steierlaascht ofsetzen;
  • D’Locatairen hunn aktuell keng Méiglechkeet, fir hier Wunnkäschten vun hire Steieren ofzesetzen.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. d’Méiglechkeet auszeschaffen, fir de Loyer bis zu engem bestëmmte Plaffong kënne vun der Akommessteier ofzesetzen.

https://piraten.lu/de-loyer-vun-der-akommessteier-ofsetzen/

Zesummenhang posts

D’Post bitt zënter 2023 de Service vum online Recommandé un, mat deem ee Bréiwer iwwert den elektronesche Wee kann un een Destinatäre fortschécken. D’Post
A menge parlamentaresche Froe n°3813 an 3927 hat ech op d’Situatioun vun Déierenbesëtzer um Wunnmarché opmierksam gemaach, wou et virkënnt, dass Locatairen verbuede kréien,