De Loyer vun der Akommessteier ofsetzen

D’Piraten haten eng Propose an der Chamber gemaach, fir dass een an Zukunft ka säi Loyer vu senge Steieren ofsetzen. Dës Propose gouf awer vun den anere Parteien an der Chamber ofgeleent.

 

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • D’Regierung wëll d’Recht op Wunnen an de Virdergrond stellen;
  • Aktuell bevirdeelegt déi lëtzebuergesch Steierpolitik d’Proprietären, déi d’Zënse vun hiren Immobiliëprête souwéi den Amortissement accéléré kënne vun hirer Steierlaascht ofsetzen;
  • D’Locatairen hunn aktuell keng Méiglechkeet, fir hier Wunnkäschten vun hire Steieren ofzesetzen.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. d’Méiglechkeet auszeschaffen, fir de Loyer bis zu engem bestëmmte Plaffong kënne vun der Akommessteier ofzesetzen.

 

Dës Motioun gouf vun allen anere Parteien ofgeleent.

 

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen