lnterpellation de Mme Francine Closener au sujet des écoles internationales au Luxembourg

M. Sven Clement (Piraten) |

Merci, Här President. Léif
Kolleeginnen a Kolleegen, eise Bildungsminister sot an engem Interview am Kader vun der Ouverture vun enger neier Europaschoul eng Kéier, datt d’Schoulen als Spigelbild vun der Gesellschaft kéinte gesi ginn, datt eis Gesellschaft ëmmer méi heterogeen a multikulturell géif ginn an et dofir nëmmen normal wier,
datt och de Schoulsystem méi heterogeen géif ginn.
An ech kann där Ausso nëmmen zoustëmmen. Leider
spigelt sech awer net just d’Multikulturalitéit an eise
Schoulen, mee och eng ganz Rei vun de gesellschaftleche Problemer, déi gesamtgesellschaftlech existéieren. Och wuessend sozial Ongläichheeten an e Mangel u gesellschaftlecher Kohäsioun sinn an eisem Schoulsystem leider nach ëmmer siichtbar. Jo, eis Gesellschaft
gëtt ëmmer méi heterogeen. Mee déi eenzel Gruppen hu leider net déi selwecht Chancen a liewen zum Deel och laanschteneen a ganz verschiddene Liewenswelten. Dat ass e grousse Problem an och een, dee bis elo och duerch d’Europaschoulen nach net geléist konnt ginn. Mee dat soll net heeschen, datt mer de Modell vun
den internationale Schoulen net gutt géife fannen. Mir hunn aktuell e grousse Besoin un engem alternative Schoulparcours fir Kanner a Jonker, déi am traditionelle Schoulsystem wéinst de Sproochen duerch de Raster falen.
An et ass gutt, datt d’Europaschoulen dëse Schülerinnen a Schüler eng Optioun bidden. Wa 75 % vun de Schülerinnen a Schüler aus der Stad an den Alentouren tëschent 2014 an 2020 an de Lycée classique orientéiert goufen a manner wéi 20 % zu Wolz, Déifferdeng oder an der Fiels et gepackt hunn, da weist dat ganz kloer, wou et nach zu Ongläichheete kënnt. D’staatlech Europaschoulen, déi fir jiddereen op sinn an an deene keng héich Studiegebüren ufalen, kënne
sécher e Wee sinn, fir Schülerinnen a Schüler, un déi den aktuelle Schoulsystem net ugepasst ass, besser Bildungschancen ze bidden. An dofir hu se aktuell sécherlech hir Daseinsberechtegung.
Laangfristeg muss ee sech awer iwwerleeën, wéi een dës zwee Schoulmodeller, engersäits den traditionelle Lëtzebuerger Modell an anerersäits déi nei international Schoulen, méi no unenee réckele kann. Mir beobachten net eréischt zanter gëschter, datt sech
bestëmmte Liewenswelten am Land esou wäit vunenee
getrennt hunn, datt déi eenzel Gruppen ënnerenee keen oder nëmme wéineg Kontakt hunn an dowéinst och leider heefeg de Versteesdemech fir d’Situatioun vun deem enge fir deen anere feelt.


(M. Fernand Etgen reprend la présidence.)

Do wären zum Beispill d’Lëtzebuerger Fonctionnairen ad’Staatsemployéen an d’Aarbechter aus dem Privé, déi fir de Mindestloun schaffen; déi international héich qualifizéiert Mataarbechterinnen a Mataarbechter aus dem Finanzsecteur an den europäeschen Institutiounen um Kierchbierg an d’Handwierker an
d’Aarbechter/innen aus der Industrie; d’Frontalieren
an d’Residenten; d’Bierger/inne mat Migratiounshannergrond a Familljen, déi zanter Generatiounen hei liewen; an nach ganz vill weiderer, déi ech elo net all hei opziele muss. Ech mengen, Dir gesitt, wéi e Bild ech zeechne wëll. Schonn an eisem ale Schoulsystem huet et mat der Opdeelung tëscht Technique a Classique zu enger
gewëssener Trennung gefouert, déi doduerch, datt verschidde Lycéeën och just déi eng oder just déi aner Spart ugebueden hunn, nach verstäerkt gouf. Elo ass mam Ausbau vun den Europaschoulen nach e weidere Pilier entstanen. An do musse mer natierlech oppassen, datt dës Differenzéierungen net laangfristeg derzou féieren, datt mer d’Spaltung vun der Gesellschaft a Gruppen nach méi verstäerken. Mir Piraten sinn dofir der Meenung, datt d’Europaschoulen als eng temporaire Léisung solle gesi ginn, mee laangfristeg awer d’Zil sollt sinn, de Schoulsystem ze harmoniséieren, ouni dobäi natierlech Optiounen ze verléieren. Am Moment trenne mer Schüler op no Classique, Technique a Modulaire an dann och nach emol no Sproochen, an deene se ënnerriicht ginn, mat der Differenzéierung tëscht den Europaschoulen an den anere staatleche Schoulen. Muss dat an där Form sinn? Natierlech ass et organisatoresch net méi einfach, wann all Schoul alles muss ubidden. Et ass ganz kloer méi einfach, wann all Schoul just eng bestëmmten Ausbildungsform ubitt an dat dann am beschten och nach ëmmer fir Kanner, déi all änlech Kompetenzen hunn. Et ass méi einfach mat enger homogeener Grupp ze schaffe wéi mat heterogeene Besoinen. Well da kann een e Programm opsetzen an dee gëtt alle Schülerinnen a Schüler méi gerecht a muss net méi ugepasst ginn, well déi Schüler a Schülerinnen, deenen en eventuell net gerecht géif ginn, huet ee vun Ufank u guer net an dës Schoul orientéiert oder si si souguer esou séier duerch de Raster gefall, datt se fräiwëlleg erëm
gaange sinn. Mee dat ka jo awer och net d’Zil vun enger inklusiver Bildungspolitik sinn. Laangfristeg musse mer also dofir dréngend den
Opbau vun eisem ganze Schoulsystem iwwerdenken. Wisou trenne mer am Lycée ëmmer nach konsequent tëschent Technique a Classique, amplaz de Schüler/ innen hir Kompetenzen an den eenzele Fächer entspriechend ze fërderen? Firwat kann e Schüler aus
dem Technique, deen zum Beispill besonnesch gutt am Engleschen ass an an deenen anere Fächer vläicht Problemer huet, net an deem Fach d’Coursë vum Classique suivéieren? Firwat muss deen duerch seng Orientéierung an den Technique an all senge Kompetenze limitéiert ginn, obwuel en an eenzele vläicht ganz staark wier?
Firwat hale mer ausserhalb vun den Europaschoulen ëmmer nach steif dru fest, datt et am klassesche Lycée, fir eng Première ze kréien, esou wichteg ass, d’Niewefächer fir d’éischt op Däitsch an dono op
Franséisch ze suivéieren an an der Primärschoul eng Alphabetiséierung haut nach gréisstendeels muss, mat klengen Ausnamen, op Däitsch gemaach ginn? Wa manner wéi d’Hallschent vun der Populatioun hei am Land nach ausschliisslech Lëtzebuergesch doheem schwätzt, da kann et net sinn, datt mer e
Schoulsystem bäibehalen, deen exklusiv op Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger zougeschnidden ass. Wann eisen aktuelle Schoulsystem ëmmer manner Kanner gerecht ka ginn, da läit dat net un de Kanner, mee dorunner, datt de System muss ugepasst ginn.
Eis Gesellschaft ass extreem am Wandel, an eis Schoulen hunn do e bëssen e Problem nozekommen, well de Wandel geet immens séier. Wann ee kuckt, wéi d’Schoule virun 20 Joer ausgesinn hunn, et domadder vergläicht, wéi et virun 10 Joer ausgesinn huet an et domadder vergläicht, wéi et haut ausgesäit, da gesäit een, datt dee gesellschaftleche Wandel an de Schoulen do ass a vum Gefill hier – dat ass natierlech ganz subjektiv – acceleréiert oder zumindest
ëmmer méi séier ausgesäit. D’Europaschoule kënnen hei, an dat sot ech virdru schonn, kuerzfristeg sécherlech Ofhëllef schafen. Mee
laangfristeg mussen och déi aner ëffentlech Schoulen hei am Land hir Offer erweideren. Déi international Schoule si schliisslech och haut nach net fir jiddereen zougänglech, och wann hir Diere fir jiddereen opstinn. Datt prinzipiell sech jiddereen umelle kann, heescht jo net, datt och all Kand déi selwecht Opportunitéiten huet, an esou eng europäesch Primärschoul oder an e Lycée ze kommen. Dat hänkt schliisslech och ganz dovunner of, ob d’Elteren d’Offer kennen, ob d’Léierpersonal bei der Orientéierung drun denkt, och
dës Schoulen als Optioun ze nennen oder ob d’Schoul no genuch beim Wunnuert läit, well ënner anerem am Norde gëtt et der nach net ganz vill. Natierlech kéint een och soen, datt een dann eeben
nach méi Europaschoule baue muss, fir se nach méi visibel an nach méi einfach zougänglech ze maachen. Mee dat wär an eisen Aen dann awer iergendwou dee falsche Wee. Dat géif just derzou féieren, datt mer op eemol zwee komplett getrennte Gesellschaftsgruppen duerno hätten, déi sech weeder als Kand nach als Jugendleche begéint sinn a sech domadder och net austausche konnten. Wann ee sech just nach an der Fräizäit begéint – an och do gesi mer an de Sportsveräiner, zumindest an deenen, an deenen ech aktiv sinn, datt ee ganz kloer Ekippe gesäit, déi ëmmer méi reng aus Europaschoule
rekrutéiert ginn an anerer, déi reng aus de staatleche Schoule rekrutéiert ginn, well dann déi Ekippen och méi nobäi leien –, féiert dat awer zu enger ganz, ganz geféierlecher Situatioun. Mir brauchen also méi déifgräifend Upassungen an eisem Schoulsystem an net just einfach ëmmer méi Europaschoulen. An ech weess, datt esou Reformen net einfach sinn an d’Oppositioun mécht et dem Minister och net ëmmer ganz einfach, wa se dann och nach ëmmer iwwerall probéieren, d’Hoer an der Zopp ze fannen, dat ginn ech dann och gären zou. Mee dat ass nun emol de Rôle vun der Oppositioun, fir no
deenen Hoer ze sichen, se ze markéieren an dann ze soen: Kéint een dat net nach besser maachen? Schliisslech sinn déi Persounen, déi haut am Enseignement do um Bildungsministère schaffen, nëmme
seelen déi Kanner gewiescht, déi am aktuelle Schoulsystem Problemer haten. Wien haut entscheede kann, wéi d’Bildung zu Lëtzebuerg ausgesäit, ass deen, deen et gepackt huet, mat der Dräisproochegkeet an eise Schoulen eens ze ginn a seng Première oder Treizième ze packen a potenziell duerno nach weider ze studéieren. An all déi aner, all déi, déi eeben net mam Schoulsystem eens gi sinn, si vill manner siichtbar an deem Debat. Mee och si sinn do an och fir si mussen eis Schoulen eng Offer hunn, an dat net isoléiert vun deenen aneren, mee mattendran. Well Léiere kann
ee schliisslech net nëmme vu senge Proffen, mee och
grad a vläicht heiansdo souguer méi vu senge villfältege Matschüler.


Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat