llo.lu

Eng begréissenswäert Initiativ ass d’Online-Léierplattform LLO.lu, déi am Joer 2022 gestart gouf fir den Zougang zum Lëtzebuergesch-Léieren ze erliichteren. Dës Initiativ huet zum Zil, d’sproochlech Integratioun ze ënnerstëtzen a bitt Coursë vum Niveau A1 bis B2 un. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Leit hunn sech zënter dem Start am Joer 2022 op der Plattform LLO.lu agedroen, a wéi vill Notzer sinn aktuell aktiv?

  2. Wéi verdeelen sech d’Umeldungen op déi verschidde Coursniveauen (A1, A2, B1, B2)?

  3. Wéi vill Participanten hunn zënter 2022 déi verschidde Coursniveauen mat Succès ofgeschloss? Wéi héich ass den Erfollegstaux pro Niveau?

  4. Wéi bewäert de Ministère den Erfolleg vun dëser Initiativ a wéi eng Moossnamen si geplangt fir d’Offer nach weider ze verbesseren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3410

Zesummenhang posts

Rezent Medieberichte vum RTL thematiséieren d’Diskussioun iwwer d’Aféiere vun Unisex-Toiletten an den ëffentlechen Infrastrukturen, besonnesch an de ländleche Lycéeën. An dësem Kontext gëtt an
De Phänomen vum “Caller ID Spoofing”, bei deem d’Uruffer-ID manipuléiert gëtt fir eng falsch Identitéit virzeginn, stellt eng ëmmer méi grouss Gefor fir d’Privatsphär
Rezent Berichter an der Press hunn e Fall vun engem orthopädesche Chirurg thematiséiert, deen de 22. Januar 2026 vun der Gesondheetsministesch provisoresch suspendéiert gouf,