Krankheetsfäll am Privé, beim Staat a bei de Gemengen

Am Fall vu ville Krankheete kënne verschidde Leit hiren Aufgaben op der Aarbecht net méi nogoen. Eng Persoun, déi Réckwéi huet, ka keng Këschten droen. Eng Persoun, déi duerch eng Krankheet Middegkeet oder Konzentratiounsproblem verspiert, kann schwéier Stonne virum Bildschierm sëtzen oder ee grousst Gefier lenken.
Déi medezinesch Evaluatioun vun esou Fäll gëtt vu Medezinner gemaach. Den Hausdokter vun der Persoun souwéi den Aarbechtsdokter kënne medezinesch Restriktioune fir eng Persoun constatéieren, soudass dem Salarié dem Patron bescheinegt, dass hie verschidden Aufgaben net méi kann oder nëmmen nach limitéiert kann auszeféieren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn d’Restriktiounen, déi vun engem Hausdokter an/oder Aarbechtsdokter festgehale ginn, fir de Patron verbindlech, oder kann de Patron dës refuséieren?

  2. Wat fir Méiglechkeeten huet de Patron, wann hien der Meenung ass, datt dës Restriktiounen net mat der Ausféierung vun der Aarbecht kompatibel sinn (z. B. Upassung vum Poste, Reklassement, Kënnegung) a wat fir Sanktioune si virgesinn, wann e Patron dës Restriktiounen net respektéiert?

  3. Ginn et Kontrollmechanismen, déi iwwerpréiwen, ob d´Patronen sech un déi medezinesch Restriktioune halen?

  4. Ginn et, fir déi virëg Froen, Ënnerscheeder tëschent dem normalen Aarbechtsrecht an dem ëffentlechen Déngscht an tëschent dem normalen Aarbechtsrecht an dem Gemengendéngscht? 

  5. Huet de Staat Donnéeën oder Statistiken, wéi dacks et am Zesummenhang mat medezinesche Restriktiounen an hirer Ëmsetzung op der Aarbechtsplaz an der Fonction publique an am Gemengesecteur zu Konflikter koum?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3897

Nofro

n°3988

CHD-Link

A virege parlamentaresche Froen (n°3623 an 3758) wollt ech vun de Ressortministeren Kloerheeten bei Krankeschäiner am ëffentlechen Déngscht souwéi am Gemengesecteur, spezifesch wat d’Retroaktivitéit vun de Krankeschäiner betrëfft. Am Kontext vun der Uwendung vum Chapitre V – Congé pour raisons de santévum Fonctionnairesstatut stellt sech eng weider Problematik an der Praxis, notamment beim Gemengesyndikat TICE.

An engem konkrete Fall war en Agent Donneschdes a Freides krank gemellt, ouni Certificat médical, konform zum Artikel 16, dee virgesäit, datt eng Persoun maximal dräi Deeg konsekutiv ouni Attest ka feelen. Duerno hat den Agent de Weekend fräi a war net fir d’Aarbecht agedeelt. Méindes huet déi Persoun sech nach ëmmer net gutt gefillt an huet sech nees krank gemellt – nach ëmmer ouni Certificat médical.

D’Direktioun vum TICE interpretéiert dës Situatioun esou, datt de Weekend (Samschdeg a Sonndeg) automatesch an d’Krankheetsperiod mat abezu gëtt, obwuel den Agent sech fir dës Deeg net krank gemellt huet, well si, dem Schichtplang no, ee fräie Weekend hat. An der Äntwert op d’Fro n°3758 haten d’Ministeren den  Artikel 28-3, Alinea 4, vum Staatsbeamtestatut zitéiert, deen vum jour ouvré schreift. De jour ouvré ass awer am Gemengesecteur net kloer am Gesetz vum 24ten Dezember 1985 fixant le statut général des fonctionnaires communaux definéiert, wat am Kontext vu Schichtaarbecht an onreegelméissegen Aarbechtszäiten zu Interpretatiounsspillraum féiert.

  1. Gëllt de Weekend am Gemengebeamtestatut als „jour ouvré“? 
  2. Gëllt, am Fall vu Schichtaarbecht, een Dag, un deem den Agent net ageplangt ass, fir ze schaffen (z. B. Roudeeg), als „jour ouvré“?
  3. Bezitt sech de Begrëff vum “jour ouvré” ausschliisslech op effektiv geplangten Aarbechtsdeeg?
  4. Op wéi enger rechtlecher Basis kënnen Deeg, déi weder geplangten Aarbechtsdeeg sinn nach explizit krank gemellt goufen, als Fortsetzung vun enger Krankheetsperiod ugesi ginn?
  5. Ass et konform mam Statut vum Beamte souwéi Gemengebeamten, dass Deeg ouni geplangten Déngscht (Roudeeg) als Deel vun enger Krankheetsperiod consideréiert ginn?

Zesummenhang posts

Am Kader vun der weiderer Ausbreedung vun der asiatescher Harespel (Vespa velutina) an der Gefor, déi dës fir eis lokal Biodiversitéit an eis Beienzuucht