Klimabonus: wéi laang muss ech nach waarden?

Persounen, déi Photovoltaiksanlagen op hiert Haus installéieren, kënnen zënter enger Rei Joren eng Subventioun fir d’Installatioun ufroen (“Klimabonus”). Déi Primm gëtt ausbezuelt, nodeems d’PV-Anlag installéiert gouf.

Aus der Äntwert op d’parlamentaresch Fro 6969 goung ervir, dass d’Délaien am Joer 2022 fir d’Ausbezuelen vun de Primmen immens laang waren, am Duerchschnëtt 182 Deeg. Mëtt 2022 war deemno nach keng eenzeg Primm vum lafende Joer ausbezuelt.

An der Äntwert op d’Fro 7163 gouf versprach, dass “alles dru gesat [géif ginn] fir déi momentan Retarde beim Ausbezuele vun de Primme schnellstméiglech ze reduzéieren, sou dass déi Fro sech an Zukunft net méi stellt.” an, dass ee kompletten Dossier an engem Delai vu maximal 3 Méint misst traitéiert sinn.
Dës Weidere gouf ugekënnegt, dass “d’Ëmweltverwaltung 10 weider Posten à durée déterminée zougesprach [kritt huet] fir d’Beaarbechtungszäiten ze reduzéieren a Stéit schnellstméiglech des finanziell Hëllefen zur Verfügung stellen ze kënnen”.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Demandë fir d’Subventioun vu Photovoltaiksanlagen goufen 2022 oder virdru gemaach a sinn nach net ofgeschloss?
    Wéi vill Demandë goufen 2023 gemaach a sinn nach net ofgeschloss?
    Wéi vill Demandë goufen 2024 gemaach a sinn nach net ofgeschloss? 

  2. Wéi al ass déi eelsten Demande, déi agaangen ass an nach net ofgeschloss ass?

  3. Wat ass d’Duerchschnëttswaardezäit fir d’Ausbezuelen vum Klimabonus fir PV-Anlagen am Joer 2022, am Joer 2023 an am Joer 2024 (Stand Mäerz)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 531

Nofro

Persounen, déi Photovoltaiksanlagen op hieren Daach setzen, eng nei Wärmepompel installéieren oder hir Wunneng renovéieren, kënnen eng finanziell Hëllef beim Staat dofir ufroen (“Klimabonus”). 

Déi Primm gëtt ausbezuelt, nodeems d’Aarbechten gemaach a vum Besëtzer bezuelt goufen.

Aus der Äntwert op fréier parlamentaresch Froen goung ervir, dass d’Délaien fir d’Ausbezuelen vun de Primmen immens laang sinn: fir d’Subventioun vun Photovoltaikanlagen 2022 waren et am Schnëtt 6 Méint, duerno 2023 ee Joer an 2024 waren et erëm 10 Méint. 

An der Äntwert vun der virëgter Ëmweltministesch op meng Fro n°7163 hat ee sech virgesat, dass ee kompletten Dossier an engem Delai vu maximal 3 Méint misst traitéiert sinn. Dofir sollten och 10 Posten beim Emweltministère geschaf ginn.

  1. Wéi vill Demandë fir de Klimabonus goufen 2022 oder virdru gemaach a sinn haut nach net ofgeschloss?
  2. Wéi vill Demandë fir de Klimabonus goufen 2023 oder virdru gemaach a sinn haut nach net ofgeschloss?
  3. Wéi vill Klimabonus-Demanden goufen 2022, 2023 an 2024 fir folgend Aarbechten agereecht:
    • Photovoltaikanlag,
    • Wärmepompel,
    • Renovatioun?
  4. Wéi vill Klimabonus-Demanden goufen 2022, 2023 an 2024 fir folgend Aarbechten ugeholl/ofgelehnt:
    • Photovoltaikanlag,
    • Wärmepompel,
    • Renovatioun?
  5. Wéi vill Subsiden goufen 2022, 2023 an 2024 fir de Klimabonus ausbezuelt, opgelëscht no Joer an no folgender Kategorie:
    • Photovoltaikanlag,
    • Wärmepompel,
    • Renovatioun?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2296

Zesummenhang posts

 Stéit, deenen et finanziell net gutt geet, kënne beim Staat beim Fonds National de Solidarité eng Energieprimm ufroen (zousätzlech zur Allocation de vie chère).
Déi vireg Regierung hat verschidde Militärfligere fir Lëtzebuerg akaaft, dorënner een Airbus A330 MRTT (Multi-Role Tanker Transport), deen am Kader vun der NATO (EATC)
Op EU-Niveau hunn d’Verkéiersministere lescht Woch Ännerunge bei de Passagéierrechter ugekënnegt, woubäi d’Entschiedegunge fir d’Passagéier wäerten erof goen an d’Verspéidungszäiten am Interessi vun den