Ausbezuele vun de Solar-Subventiounen Nofro

An der Äntwert op d’Fro 6969 huet de Minister d’Zuele ginn zu den ausbezuelte Solar-Subventiounen. De Minister huet an der Äntwert missten zouginn, dass bis elo nach keng Demande vun 2022 traitéiert wier. Verschidde Biergerinnen a Bierger hunn hir Anlag via Prêt op der Bank kaaft a konnten de Subside esou nach net notze fir en Deel vun hirem Prêt ofzebezuelen. Doduerch mussen si da méi héisch Zënse bezuelen, wéi wann de Subside schonn ausbezuelt wier.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert de Staat d’Méikäschte vun den Zënsen um Prêt vun de Leit iwwerhuelen, déi doduerch entstinn, dass de Subside méi spéit vum Prêt kann ofgerechent ginn? Wa nee, firwat net?

  2. Wat wäert de Minister maachen, fir d’Beaarbechtungszäit vun den Demande fir Subsiden ze reduzéieren?

  3. Wat ass fir de Minister ee raisonnabelen Delai an deem de Staat eng Demande sollt traitéiert hunn?

  4. Wäert de Minister eng Piste ausschaffen, déi et erméiglecht, dass d’Leit am Fall vun engem Prêt de Subside ugerechent kréien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7163

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt