Verkafspräisser Kiem2050 – Nofro

De Fonds Kirchberg ass een ëffentleche Fong, deen dem Ministère fir ëffentlech Bauten ënnersteet. De Fonds Kirchberg ass, esou wéi e selwer op senger Website ugëtt, ee staatlech gelenkten Vehikel, wou Staatsvertrieder vun der Regierung an de Verwaltungsrot gesat ginn. 

Aktuell bitt de Fonds Kirchberg de Wunnprojet Kiem2050 un, bei deem Wunnengen um Kierchbierg zu engem “abordabelen” Präis verkaf ginn. Een Appartement mat engem Zëmmer vu 60m2 gëtt fir ronn 600.000€ ugebueden, fir 50m2 bezilt een nach ëmmer iwwert eng hallef Millioun Euro. De Metercarréspräis läit bei dësem “abordabele” Projet 10.000€ pro m2. 

Déi zoustänneg Ministeren äntweren op déi viregt parlamentaresch Fro n°819, dass Appartementer mat dräi Schlofkummere fir ee Quadratmeterpräis tëschent 7.147 € an 8.559€/m2 SC offréiert ginn. 

Eierlecherweis muss ee soen, dass d’Ministeren am Beispill vun 7.147€ ee Balcon vu ronn 30 Quadratmeter an d’Wunnfläch matarechnen, fir op dee Präis ze kommen. Och dat Appartement kascht mat sengen 112 Quadratmeter Wunnfläch (ouni Balcon) nach 1.060.865,09€, also ronn 10.000€ pro Quadratmeter. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi ännert sech d’Präisfourchette, déi d’Ministeren uginn hunn, wann een d’Balconen aus der Rechnung eraushëllt a reng d’Wunnfläch kuckt?

  2. De Fonds Kierchbierg ass keen ëffentleche Promoteur a kritt keng Subventioun oder Finanzéierung vum Staat. Seng Aktivitéiten mussen et him also erméiglechen, genuch Ressourcen ze generéieren fir seng “mission d’utilité publique” ze erfëllen.
    • Wéi vill Ar Terrain goufe vum Staat/vum Fong/vun der Gemeng Stad Lëtzebuerg fir de Projet Kiem2050 zur Verfügung gestallt?
    • Wéi vill Suen huet de Fonds Kirchberg fir déi Terraine bezuelt?
    • Wéi vill Suen huet de Staat fir de Kaf/d’Enteegnung vun dësen Terraine bezuelt?

  3. Op meng Äntwert zu de Baukäschten hunn d’Ministere geschriwwen:
    “De Verkafspräis pro Quadratmeter Kadasterfläch (€/m2SC), dee vum Fonds Kierchbierg festgeluecht gëtt a vum Entwéckler respektéiert gëtt, ass en Duerchschnëttspräis, dee kann bis zu 10% erop oder erof variéieren, soulaang d’Moyenne respektéiert gëtt.”

    Wéi héich huet de Fonds Kirchberg d’Baukäschte vum Projet ugesat?
    Wat ass hei den duerchschnëttleche Baukäschtepräis (Quadratmeterpräis Konstruktioun)? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 989

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt