Verkafspräisser Kiem2050

De Fonds Kirchberg ass een ëffentleche Fong, deen dem Ministère fir ëffentlech Bauten ënnersteet. 

Aktuell bitt de Fonds Kirchberg de Wunnprojet Kiem2050 un, bei deem Wunnengen um Kierchbierg zu engem “abordabelen” Präis verkaf ginn. Een Appartmeent mat engem Zëmmer vu 60m2 gëtt fir ronn 600.000€ ugebueden, fir 50m2 bezillt een nach ëmmer iwwert eng hallef Millioun Euro. De Metercarréspräis läit bei dësem “abordabele” Projet also iwwert 10.000€ pro m2. An engem RTL-Artikel vum 15te Mee gëtt behapt, dass een domadder d’Mëttelschicht viséiert.

Dësen “abordabelen” Meterscarréspräis ass erstaunlech héich, wann ee bedenkt, dass den duerchschnëttleche Baupräis am Privatsektor bei ronn 4.000€/m2 läit (Ausso Logementsminister op enger Table ronde bei Paperjam am Mäerz 2023) a ronn 5.300€/m2 bei der SNHBM oder beim Fonds du Logement (Äntwert QP n°390). De Metercarréspräis erschéngt dann nach méi erstaunlech, wann ee bedenkt, dass bei den Appartementer mol net de Präis vum Terrain mat dran ass, well d’Keefer an engem Bail emphytéotique kafen, also den Terrain nëmmen op 99 Joer “lounen”. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi héich war de m2 Baupräis fir d’Wunnenge vum Projet Kiem2050? 

  2. Falls de Baupräis ënnert 10.000€/m2 läit, firwat ass de Fonds Kirchberg net higaangen an huet d’Wunnengen zu engem  méi niddrege Präis ugebueden, fir méi Leit aus der Mëttelschicht d’Chance ze ginn, fir hei eng Wunneng kënnen ze kréien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 819

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene