Kënnegungsschutz fir schwanger Fraen

Schwanger Fraen hunn e Kënnegungsschutz, deen och gëlteg ass, wa si d’Schwangerschaft dem Employeur nach net matgedeelt hunn. Kritt eng schwanger Fra gekënnegt, éier si hirem Employeur d’Schwangerschaft matdeele konnt, huet si 8 Deeg Zäit, fir d’Schwangerschaft vun engem Dokter zertifiéieren ze loossen. De Patron muss d’Kënnegung dann zeréck zéien. Geschitt dat net, huet d’Fra 15 Deeg Zäit, fir d’Ophiewung vun der Kënnegung beim Aarbeschtsgericht unzefroen oder 3 Méint Zäit fir eng action judiciaire en licenciement abusif ze maachen.
Leider kënnt et ëmmer nees vir, dass Fraen hier Rechter an dësem Beräich awer net kennen a mengen, dass de Kënnegungsschutz eréischt ab deem Moment gëllt, wou een dem Patron d’Schwangerschaft matgedeelt huet. Si akzeptéieren d’Kënnegung dann a verléieren domat och d’Urecht op d’Remuneratioun aus dem Congé de maternité an dem éischte Congé parental. Dat kann zu extreme finanziellen Engpäss feieren an och dozou, dass d’Mamm ganz frei no der Gebuert vun hirem Kand nees schaffe geet, fir iwwert d’Ronnen ze kommen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass de Ministère sech dem genannte Problem bewosst a ginn et Pläng, fir konkret Zuelen ze erhiewen, fir de geneeën Ëmfang vum Problem besser aschätzen ze kënnen? 

  2. Plangt de Ministère Campagnen, fir schwanger Aarbechterinne besser iwwert hier Rechter opzeklären?

  3. Plangt de Ministère, déi genannte Fristen, innerhalb vun deenen ee sech als schwanger Fra géint eng Kënnegung ka wieren, ze verlängeren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 518

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt