Kann een an enger Aarbechtsmesure de Congé pour raisons familiales kréien

Vum Congé pour raisons familiales kënnen all d’Employéen, Independanten a Léierjongen a -meedecher profitéiteren. Et geet bei dëser Fräistellung drëms, fir den Elteren z’erméiglechen, no hirem kranke Kand ze kuken. Den Artikel L.234-51 vum Code de travail präziséiert allerdéngs net, wéi et ëm Persoune steet, déi an enger Aarbechtsmesure vun der ADEM schaffen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann een als Persoun an enger Occupation temporaire indemnisée (OTI) vum Congé pour raisons familiales profitéieren?

  2. Kann een als Persoun an enger Contrat d’appui-emploi (CAE) vum Congé pour raisons familiales profitéieren?

  3. Kann een als Persoun an enger Contrat d’initiation à l’emploi (CIE) vum Congé pour raisons familiales profitéieren?

  4. Kann een als Persoun an enger Stage de professionnalisation (SP) vum Congé pour raisons familiales profitéieren?

  5. Kann een als Persoun an enger Contrat de réinsertion-emploi (CRE) vum Congé pour raisons familiales profitéieren?

  6. Kann een als Persoun an anere Beschäftegungsmesurë vun der ADEM vum Congé pour raisons familiales profitéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7226

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt