Kaffikonsum beim Staat

Am Kader vun Nohaltegkeet an Ëmweltschutz gëtt ganz heefeg de Konsum vu virverpaakte Produiten an Einwegverpackungen diskutéiert. Dëst Thema ass grad bei Kaffismaschinnen déi mat Kapselen oder anere Systemer vun Eenzelpackunge fonctionnéieren e rekurrent Thema.

A ville Verwaltungen a Ministèren, ginn et Kaffismaschinnen entweder fir Visiteuren ze zerwéieren oder awer och fir dem Personal d’Méiglechkeet ze ginn Kaffi ze konsuméieren. Dës Maschinne ginn zum Deel iwwert de Budget vun de jeeweilege Verwaltungen a Ministerèn finanzéiert an och bedriwwen.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Opgeschlësselt no Ministère, wéi vill Kaffismaschinne sinn am Asaz?
    • Wéi vill dovunner sinn traditionell Kaffismaschinnen?
    • Wéi vill dovunner si Vollautomaten?
    • Wéi vill dovunner baséieren op engem Kapselsystem oder aneren Einwegverpackungen?
  2. Opgeschlësselt no Ministère, wéi vill Prozent vun de Kapselen oder Einwegverpackunge vun dëse Kaffismaschinne gi recycléiert?
  3. Gëtt et e Plang vun der Regierung fir Kapselsystemer progressiv duerch aner Léisungen, déi méi ëmweltfrëndlech sinn, ofzeléisen?
    • Wa jo, wéi gesäit dëse Plang aus a bis wéini ass mat sengem Ofschloss ze rechnen?
  4. Wéi vill Kaffismaschinne sinn an deene leschte 5 Joer vun deene verschiddenen Typpen ugeschaaft ginn?
  5. Wéi deelt sech den Akaf (a Gewiicht a finanziell) vun den eenzele Ministèren op déi verschidden Kaffisproduiten op?
    • Kaffisbounen?
    • Kaffispolver?
    • Einwegverpackungen?
    • Fäerdegkaffi?

Zesummenhang posts

Fir d’Sécherheet an eiser Gesellschaft ze garantéieren, brauch et ee staarke Rechtsstaat. Ee staarke Rechtstaat bedeit, dass Strofdoten erkannt, verfollegt a sanktionnéiert ginn. De
Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land