Geméiss dem Artikel 27 vum Gemengegesetz kënnen d’Gemengen, Jetons de présence un Membere vum Gemengerot an u Membere vu consultative Kommissiounen ausbezuelen. De Montant vun dëse Jetonen ass heibäi vu Gemeng zu Gemeng ënnerschiddlech. An der Gemeng Péiteng huet d’Koalitioun zum Beispill direkt no de Gemengewalen de Montant vun de Jetonen erhéicht, wärend an anere Gemengen dëst net gemaach gouf. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°3895 huet den Inneministère erkläert, datt d’Decisiounen iwwert d’Jetons de présence vun de Gemengen kengem Kontrollmechanismus ënnerleien an datt de Ministère dofir iwwer keng Informatiounen zu hirer Héicht verfüügt. Allerdéngs ginn d’Gemengebudgete vum Inneministère iwwerpréift, an an dëse Budgete sinn och entspriechend Budgetsposte fir d’Jetons de présence virgesinn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Op Basis vun de Gemengebudgeten fir 2026: wéi héich sinn d’Jetons de présence aktuell an de verschiddene Gemengen zu Lëtzebuerg, a kann de Minister eng detailléiert Iwwersiicht no Gemeng ginn?
Falls esou Donnéeën net zentral disponibel sinn: Wéi erkläert de Minister, datt dës Informatiounen net kënne gesammelt ginn, obwuel si deelweis an de Gemengebudgeten enthale sinn, déi vum Ministère kontrolléiert ginn?
QP Nummer 4010