Iwwerhuele vun Affekotskäschten duerch de Staat

Zënter 2016 ass de fréiere Generaldirekter vum Mudam an engem juristesche Sträit mat deemolege Mataarbechter vun RTL Lëtzebuerg, dorënner zwee Journalisten. Am Mäerz 2026 wäert et an d’Appelinstanz goen.
Zënter dem Ufank vun der Geriichtsaffaire sollen dem fréiere Generaldirekter seng Affekotskäschten am Kader vun dëser Affär aus der Staatskeess gedroe gi sinn. Dat goung aus verschiddenen Presseartikelen ervir:

“Den Enrico Lunghi kritt Ënnerstëtzung vum Staat, fir juristesch géint d’RTL-Mammenhaus CLT-UFA virzegoen. Den  nach-Mudam-Direkter huet eisen Informatiounen no gëschter Bescheed kritt, datt dës Ënnerstëtzung accordéiert gouf, sou wéi de Statut vum Staatsbeamnte se virgesäit. De Staat wäert also seng Affekotefraisen iwwerhuelen.” (100,7 vum 8ten Dezember 2016)

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi héich sinn déi bis elo vum Staat gedroe Käschten am Zesummenhang mat den Affekote vum Ex-Generaldirekter?

  2. Wat geschitt am Fall vun enger Néierlag vum fréiere Generaldirekter am Appel?
    Mussen an dësem Fall d’Affekotskäschte un d’Staatskeess zréckbezuelt ginn?

  3. Wéi ass et méiglech, dass den deemolegen Generaldirekter, deen a senger Funktioun als Mudamchef an dësem Zäitfënster kee Staatsbeamten war, trotzdeem d’Affekotskäschten iwwerholl krut ?        

  4. Wéi eng Bedingungen mussen erfëllt sinn, dass Staatsbeamten d’Affekotskäschten vum Staat virgestreckt an iwwerholl kréien? 

  5. Wéi vill Affekotskäschten goufen an de vergaangenen 10 Jore vum Staat iwwerholl?
    Wéi vill Demandë goufe refuséiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3127

Nofro

A menger Fro n°3127 wollt ech Informatiounen dozou, ënnert wéi enge Bedingunge Staatsbeamten d’Affekotskäschten vum Staat virgestreckt an iwwerholl kréien. Dëst am Kontext vun engem méi bekanntene Fall, wou den Ex-Generaldirekter vum Mudam Käschte virgestreckt krut. 

De Minister wollt zu dësem spezifesche Fall keng ëffentlech Ausso zu dësem Dossier maachen. Et geet hei awer net drëms, een eenzelnen Dossier ze bewäerten oder Stellung zur enger Justizaffaire a sengem Contenu ze huelen, mee dorëms, ob de Staat hei den Affekot bezilt. 

  1. Kann de Minister op mannst bestätegen, dass de Staat d’Affekotskäschten am Fall vum Ex-Generaldirekter virgestreckt huet?
  2. Kann de Minister bestätegen, dass de Staat d’Affekotskäschten am Fall vum Ex-Generaldirekter iwwerholl huet?Falls de Minister net dorobber äntwerte wëll, dann ass dovunner auszegoen, dass meng Informatioune stëmmen an de Staat bezilt den Affekot. 

CHD

n°3272

Zesummenhang posts

Rezent Medieberichte vum RTL thematiséieren d’Diskussioun iwwer d’Aféiere vun Unisex-Toiletten an den ëffentlechen Infrastrukturen, besonnesch an de ländleche Lycéeën. An dësem Kontext gëtt an
De Phänomen vum “Caller ID Spoofing”, bei deem d’Uruffer-ID manipuléiert gëtt fir eng falsch Identitéit virzeginn, stellt eng ëmmer méi grouss Gefor fir d’Privatsphär
Rezent Berichter an der Press hunn e Fall vun engem orthopädesche Chirurg thematiséiert, deen de 22. Januar 2026 vun der Gesondheetsministesch provisoresch suspendéiert gouf,