Invitationen fir den Large Scale Testing

An enger zweeter Phase vum Large Scale Testing, géif méi cibléiert getest ginn, sot d’Gesondheetsministesch. Ënnert anerem, solle Beruffsgruppen, déi am Alldag mat besonnesch ville Léit a Kontakt sinn, méi oft invitéiert ginn, um Large Scale Testing deelzehuelen. “Le deuxième contingent sera constitué de la « population d’individus particulièrement exposés », en raison de sa vulnérabilité ou de son haut risque d’exposition.” U mech ass d’Informatiounen erugedroe ginn, dass d’Personal am Bildungssecteur säit dem Schoulufank manner Invitatioune geschéckt kritt hätt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Huet d’Zuel vun den Invitatiounen, déi u Persounen aus dem Bildungswiese geschéckt goufen, sech säit dem 15.09.2020 verännert?  Falls jo, wéi vill Tester sinn, 

• virum 14.09 wöchentlech un dës Persoune gescheckt ginn?

• vum 14.09 bis den 4.10 wöchentlech un dës Persoune gescheckt ginn?

• vum 5.10 bis den 1.11 wöchentlech un dës Persoune gescheckt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3084

Zesummenhang posts

D’Regierung well méi bauen a méi séier bauen an huet dofir d’lescht Joer am Juni verschidde Moossnahmen ugekënnegt, dorënner den nouveau partenariat public-privé (PPP)
Iwwert 5.000 Persoune schaffe bei den CFL mam Zil, fir Lëtzebuerg um Rullen ze halen. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°949 hat
Op Social Media ass ee Post ze gesinn, op deem eng Awunnerin zu Luerenzweiler op d’Situatioun der Zuchbarrière an der Rue de l’Alzette opmierksam