ACCOUNT

Interpellatioun iwwert d’Verkéierssécherheet

Marc Goergen:
Merci, Här President.
Merci och der honorabeler Cécile Hemmen fir d’Ufro vun dem wichtegen Theema, wéi ee méi Sécherheet op der Strooss kéint hikréien. A mir stëmmen hir och a ganz ville Punkten, déi se gesot huet, zou.
D’Theema ass eis Piraten immens wichteg, well all Affer ass eent ze vill, an och well ënnert den Affer och Persoune sinn, déi net selwer en Accident provozéiert hunn, mee just zur falscher Zäit op der falscher Plaz waren.
Mir Piraten setzen eis zënter der Grënnung fir méi Sécherheet an, awer wéi ze erwaarden: Als digital Partei setze mir op d’Méiglechkeete vun der Technik. De Mënsch wäert sech kaum bis guer net besseren, also kann een dee Faktor net eleng kucken, fir manner Accidenter op eise Stroossen ze hunn. Mee d’Technik entwéckelt sech awer rasant weider an et kann een domat konsequent Liewe retten.
Wann d’Technik sech weiderentwéckelt – Level 2, Level 3 oder souguer Level 4 am autonome Fueren -, da mécht eis Stroosseninfrastruktur dat awer leider net. Eng Villzuel vu parlamentaresche Froen hu mir Pirate schonn an déi Richtung gestallt. An ëmmer erëm stelle mir fest: Dës Regierung huet keng Ambitiounen, eis Stroossen dofir fit ze maachen, fir dass technesch Assistenten eis kënnen hëllefen, Liewen ze retten.
Huele mer emol esou munch Stroossen hei am Land, wou bewosst, wéi mir geäntwert krute vum Minister, op eng Mëttellinn verzicht ginn ass, déi also net nëmmen de Fuerer et méi schwéier maachen – wéi jo oft op de Stroossen duerch de Bësch -, mee och der Technik hir Grondlag huelen, fir aktiv fir Schutz ze suergen. Wann een iwwer Sécherheet schwätzt, da muss een eeben och déi Punkte verbesseren. An e Stréch an der Mëtt vun der Strooss dierf kee Kriterium vu Präis oder Ideologie sinn.
Huele mer als Beispill déi Assistenten, déi dem Fuerer hëllefen, seng Spuer ze halen, jo, elo souguer den Auto automatesch erëm an d’Spuer bréngen. Esou verhënnert een Accidenter mam Géigeverkéier, jo, souguer esou munch Accidenter mat der Leitplank oder mam Bam. Elo ass d’Technik awer scho méi wäit, wéi just e Stréch ze erkennen, jo, si ka sech souguer selwer upassen, ofbremsen, selwer renkelen, dat och op de Landstroossen, fir esou méi Sécherheet ze bréngen, do wou déi meescht Accidenter geschéien.
Do misst een awer och elo als Staat scho seng Verantwortung iwwerhuelen. An esou Assistente sollen zum Standard an all Auto ginn, an dat ouni Oppräis – an net waarden, bis d’EU-Moossnam kënnt!
Natierlech begréisse mir Piraten, dass d’Regierung elo endlech – well natierlech d’EU se och wäert forcéieren – déi Moossnamen ëmsetzt. Wie kéim haut nach op d’Iddi ze soen, en Airbag oder e Sécherheetsgurt misst een als Optioun bezuelen? Guer keen!
Mir Piraten haten och virun e puer Méint hei am Parlament eng Motioun deposéiert, fir nieft der Elektroprimm och eng Primm ze gi fir de Bremsassistent, also eng konkreet Sécherheetsmoossnam an eise Stied, jo, souguer um Landwee beim Wëldwiessel. Esou en Assistent bremst méi schnell wéi de Fuerer selwer, fir de Fall, wou e Foussgänger oder Vëlosfuerer iwwersi ginn ass, jo souguer, wann ee vun der Sonn geblent ass oder et ze vill reent. Leider gouf eis Motioun fir méi Sécherheet vun de Regierungsparteien ofgeleent – an dat grad, wou et oft Leit sinn, déi just Affer sinn, well se zur falscher Zäit op der falscher Plaz waren, well en Autofuerer se iwwersinn huet, deen zwar am Auto geschützt ass, awer de Vëlosfuerer oder Foussgänger ass et net!
Mir hunn also haut schonn eng Technik, déi fäeg ass, fir Accidenter mat Foussgänger a 77 % vun de Fäll, esou eng Etüd aus Schweden, ze verhënneren. An déi reschtlech 23 % sinn net esou schlëmm verlaf, well den Auto eebe scho méi fréi gebremst huet wéi de Fuerer selwer, den Impakt also verklengert ginn ass.
Esou kann een Accidenter verhënneren, jo, souguer bremsen, wann de Fuerer d’Rout Luucht iwwersinn huet. Déi Technik ass hei am Land nach guer net aktiv. Mir Piraten hu se ewell an der Mobilitéitskommissioun gefrot an et ass laut Minister och net onméiglech, mee trotzdeem ass déi Technik nach net do, wärend se an anere Länner awer schonn ze fannen ass. Dat ass schued.
Dat selwecht gëllt fir d’Accidenter op der Autobunn. Ausser am Stau geschéien déi meescht Tëschefäll op der Autobunn, well een ze fréi erauszitt, also d’Spuer wiesselt ouni opzepassen. Do kritt een haut eng Technik, den Doudege-Wénkel-Assistent, wou den Auto an deem Fall zréckzitt an den Accident soumat verhënnert – och esou eng Funktioun, déi fir eis Piraten wéi de Sécherheetsgurt elo scho per Gesetz an all Auto misst sinn.
Zousätzlech schwätze mer eis dergéint aus, dass weider Luuchte sollen op der Autobunn ewechkommen. Well wivill Leit kënnen nuets net richteg erkennen, wat op den Autobunnen ass, just well aus Spuermoossnamen iergendzwousch Luuchten ewechgeholl gi sinn? Dat selwecht gëllt fir de Projet vun der Pannespuer, deen nach op esou vill Honnerte Meteren, Kilometere soll sinn – och e Sécherheetsaspekt, deen net ze vernoléissegen ass.
Elo kann den Auto awer nach vill méi. Géif de Fuerer sech dofir entscheeden, fir genau no Gesetz ze fueren, also de Semi-Autopilot unzeschalten, da kéint een d’Quot vun den Accidenter scho kräfteg erofdrécken. Et stellt sech awer hei d’Fro, ob Lëtzebuerg, also ob dës Regierung, eis Stroosse virbereet huet. An déi aner Fro: Sinn d’Gesetzer, fir de Level 3 oder Level 4 fräizeschalten an ze benotzen, schonn iwwerhaapt virbereet? Ech ginn zou, als ee vun de Fans vun den Autopiloten – dat ass eng Faszinatioun vu mir – kann ech duerch eng Villzuel un Testkilometeren hei am Land soen: Et ass schwiereg bis guer net virbereet.
Eis Stroosseninfrastruktur ass nach net ugepasst un eis nei Méiglechkeete vun der Technik. Dat fänkt bei banale Problemer un. Autoe kënnen haut automatesch Schëlder liesen, also iwwerall automatesch déi gesetzlech Geschwindegkeet fueren. Jo, ech muss zouginn, wann ech dat ausprobéieren, dann tuten a blénken d’Leit hanner mir – jo, dat ass och net ganz virbildlech, grad an Tunnellen oder an den Dierfer.
Mee zréck zum Problem. Ma eis Schëlder sinn net alleguerte kloer am Land. Da feele se, si stinn net siichtbar, si sti verdeckt oder Chantiersschëlder gi vergiess, och wann de Chantier fort ass. Schlëmm ass et no den Tunnellen: Do feelen dann einfach emol Schëlder, fir d’Geschwindegkeet erëm ze aktualiséieren.
Dat selwecht ass och mat de Stroossemarkéierungen an de Chantieren – fir d’Technik eng Katastroph. An anere Länner ass dat vill besser geléist. Do stellt e Chantier net d’Technik virun eng Erausfuerderung. Mir kréien hei am Land op esou munchem Chantier keng propper Markéierung um Buedem hin. Do misst och de Minister bei den Ausschreiwungen awer besser drop oppassen, op d’Sécherheet, well do geschéien och vill Accidenter.
Beim Chantier hei am Land ass allgemeng, an dat kéint déi Accidenter am Stau verhënneren, nach vill am Digitalen ze verbesseren fir d’Assistenten am Auto souwéi fir d’Navigatioun. D’Chantiere sinn net alleguer richteg gemellt oder agedroen a si feele ganz einfach. Do ass et eleng net dem Staat seng Verantwortung, mee och eise Gemengen hir. Oft sinn et d’Chantieren an den Dierfer, déi net gemellt sinn, wou muss nogebessert ginn.
Wa mir an den Dierfer sinn, do si mir Piraten ganz op d’Sécherheet aus. Ofgesi vun eiser Fuerderung vun engem automatesche Bremsassistent, froe mir eng generell Tempolimitt vun 30 Stonnekilometer an den Duerfzenteren a Wunnquartieren – do, wou vill Passante sinn, wou vill Beweegunge sinn, wou de Risiko grouss ass.
Jo, et si Gemengen, déi schonn esou Zone gemaach hunn, och an enger mir gutt bekannter Gemeng, an et kann ee soen: Den Notzen ass wierklech grouss. An den Zone sinn d’Accidenter grad mat de Foussgänger zréckgaangen. Trotz der ganzer Technik ass et awer nach de Mënsch, deen entscheet, wéi e mam Auto fiert, och leider alt ze
riskant, ze schnell oder mat ze vill Alkohol.
An et muss kontrolléiert ginn, ganz richteg, Här Bausch. Do kommen ech awer nach eng Kéier drop zréck, op d’Policekontroll.
Schnell iwwerschätzt de Fuerer sech, bréngt sech an eng onkontrolléiert Situatioun. Grad och mat der neier Generatioun vun den Elektroautoen, déi an de Stied eng Beschleunegung opweise kënne wéi soss vu Sportsautoe bekannt, klëmmt och de Risiko vun der Geschwindegkeet a soumat den Accidenter.
Sécherlech ass et interessant fir den Hiersteller, dass e kann an der Werbung soen: „A véier Sekonnen op 100, e schnellen Elektro, souguer mat Booster!“ Mee fir d’Sécherheet ass dat kontraproduktiv, well do komme mir op eise Punkt vum Ufank zréck: E Subsid vum Staat dierf net just op d’Auswiel vum Elektromotor bezuelt ginn, mee misst och un d’Selektioun vu Sécherheetstechnike geknëppt ginn.
A wann een ze schnell fiert, da si mer bei de Kontrollen. Ech fänken elo net déi Fixradar-Diskussioun u mat Bremsen, Gasginn – déi Positioun er – klären ech haut net op en Neits. Mee awer eis Positioun, wa mer iwwer Sécherheet schwätzen: Et
musse mobill Kontrolle ginn. Jo, déi mobill Kontrollen ënnerstëtze mir Piraten. Et kann een d’Police do vill méi iwwerraschend a flexibel asetzen, wou de e Risiko besteet. Well et kann och net sinn, dass een einfach egal wéi fuere kann, géint de Code de la route, ouni mussen ze fäerten, an eng mobill Kontroll ze falen. Esou Kontrolle wären an eisen Ae méi wichteg, wéi owes Beamten anzesetzen, fir Ausgangsspären ze kontrolléieren, well eng héich Vitess ass déidlech.
O, Dir kënnt laachen. Mee mir kënne jo eng Kéier …, et ass eng gutt Iddi, fir an enger Question parlementaire ze froen, wivill Vitesskontrolle manner gemaach gi sinn, wärend d’Ausgangsspär kontrolléiert ginn ass. Do hutt Der mech elo op eng gutt Iddi bruecht!
Och ouni ze héich Vitess muss d’Material, also den Auto, an engem Eent-a Toppzoustand sinn. Dofir froe mir Piraten och scho laang eenheetlech europäesch Mindeststandarde fir eng technesch Kontroll.
Zu eisem Fazit: Et gëtt eng Villzuel u Méiglechkeeten, ouni just op de Facteur Mënsch, also de Fuerer, ze setzen, mee eng Kombinatioun mat moderner Technik, fir esou d’Unzuel u Verkéiersaffer ze reduzéieren. Well all Accident, all Affer ass op e Feeler zréckzeféieren, kann also verhënnert ginn.
Mir Piraten soen dofir kloer: Et ass awer och d’politesch Verantwortung, fir eis Stroossen esou sécher wéi méiglech ze gestalten, dat heescht och, se virzebereeden op Autopiloten souwéi all déi Assistenzen, déi dem Fuerer hëllefen.
Mir Piraten sinn op fir all digitalen Assistent, fir esou de Stroosseverkéier méi sécher ze gestalten.
Merci.

Zesummenhang posts

Context: Projet de loi 8087 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: datt et eng Fro vun Dignitéit fir déi Betraffen ass eng eegen Toilette
An der Äntwert op meng Fro n°4733 hat d’Familljeministesch mech informéiert, dass Stand August 2021, 271 Logementer an Alters- a Fleegeheemer keng eege Toilette