M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Tourismus ass e ganz interessant Theema. Virun
allem hutt Dir elo gesot, et wier elo e Joer hier, dass
Der d’Demande gemaach hutt. Elo hate mer dann e
Joer méi Zäit, fir den Tourismus zu Lëtzebuerg ze entdecken a flott Plazen ze fannen.
Sécherlech huet Corona e groussen Impakt gehat,
an d’Angscht ass bei de Leit och nach ëmmer do.
Ech mengen, et däerf een net soen, dass op eemol
Corona scho fort wär. Am Contraire, d’Leit – dat soen
d’Statistike ganz kloer – buche vill méi kuerzfristeg.
Se hunn en anert Buchungsverhalen, wéi se dat nach
virun der Pandemie haten. An dat ass sécherlech
och eng Erausfuerderung fir eis touristesch Betriber,
wa se méi kuerzfristeg Clientë kréien, wéi dat fréier
vläicht war, wéi dat Traditioun war, sechs, siwe Méint
am Viraus d’Reese schonn ze buchen.
Tourismus sinn net eleng déi Leit, déi um Tourismus
direkt bedeelegt sinn, mee och alleguerten d’Liwwerketten, d’Liwweranten, de Wäin, d’Iessen, d’Miwwelen, all Méigleches, dat am Tourismus e ganz
groussen Impakt huet. Wann den Tourismus méi lues
dréit, hunn och eis Wënzer, eis Metzleren, eis Betriber
manner Clienten, un déi se hir Produite kënne verkafen.
Jo, am Moment héiert een an der Press iwwerall, dass
en neien Trend do ass, fir elo schnell fortzefléien. Et
gesäit een iwwerall, dass d’Flughäfen … Ech mengen,
dës Woch waren nach … de leschte Weekend gouf et
souguer Flughäfen am Ausland, déi hu missen zougemaach ginn, se hu keng Leit méi akzeptéiert, esou vill
Leit wollten elo no Corona fortfléien.
Dat ass natierlech elo eng grouss Erausfuerderung fir
Länner wéi Lëtzebuerg, well mir wëlle jo eigentlech,
dass d’Leit sollen heihinnerkommen oder heibleiwen,
déi hei si fir den Tourismus. Dat ass elo fir eis déi
grouss Erausfuerderung, woubäi ee muss soen: Déi
Leit, déi am Summer vläicht elo e bësse méi wäit fortfléien oder -fueren, kommen awer zu aneren Zäiten,
wou de Weekend vläicht méi kuerz ass, aus aneren
europäesche Länner heihinner.
Viru Kuerzem hate mer eng Kommissiounssëtzung,
woubäi ech de Minister gefrot hat, fir dass e sollt dohinner kommen an e bëssen e Status maachen, wat
am Moment an der ganzer Branche vum Tourismus
zu Lëtzebuerg leeft. An dee Feedback war ganz positiv, d’Zuelen, déi mer do presentéiert kritt hunn. D’Buchunge ginn an d’Luucht. Déi meescht Firme si mat
den Hëllefen, déi d’Chamber decidéiert huet, iwwert
d’Ronne komm, soudass mer zu Lëtzebuerg net, wéi
an anere Länner, den Tourismus an eng Kris geheit
hunn.
Ech fänken awer nach beim Findel un, well dat eis
grouss Agangsdier ass an ech do de Potenzial gesi
virun allem fir déi Leit, déi erakommen, net déi Leit,
déi sollen erausfléien. Am Moment ass et esou, dass
awer de Marketing méi drop läit, wou een hifléie
kann, wéi dass de Marketing drop läit, dass een inbound ass an dass dann d’Luxair d’Passagéier heihinnerbréngt.
An do ass eeben d’Fro un de Minister, wéi eis Pub
am Moment opgestallt ass am Ausland. Ech hunn elo
virdru VisitLuxembourg gekuckt. Ech verstinn, dass et
am Moment just a véier Sproochen ass, Englesch ass
sécherlech déi wichtegst, mee wann ech awer Visit
vun anere Stied kucken, do sinn Italieenesch, Spuenesch, allméiglech Sproochen derbäi, fir déi Leit awer
unzezéien. An dat géif sécherlech och dem Findel hëllefen.
Wat mer als Piraten awer ganz kritesch gesinn um
Findel, dat sinn déi ganz Low-Cost-Geschichten, déi
och eiser nationaler Fluchgesellschaft Konkurrenz
maachen, an da meeschtens och nach duerch dubios
Staatshëllefen. Huele mer elo d’Volotea, déi dann einfach higeet a Millioune vum Staat kritt huet a Spuenien, awer dann hei Zwee-Euro-Ticketen ubitt, wat
souguer nach ënnert den Taxen ass, wat eigentlech
misst verbuede sinn! An dat ass wierklech en Theema,
dat een eng Kéier muss opgräifen, well mir mussen
oppassen, dass eis national Fluchgesellschaft net
ze vill ënner Drock geréit duerch esou Praktiken aus
dem Ausland.
Et kéint een och elo nach easyJet, Ryanair, alleguerten déi nennen. Op där anerer Säit sinn déi alleguerten awer och fragwierdeg Praktiken, wat d’sozial
Mesuren ubelaangt, virun allem am Aarbechtsrecht.
Soudass mer do am Tourismus oppasse sollten, well
wann d’Luxair eng Kéier an d’Struewele géif kommen, dann hu mir e ganz grousse Problem hei am
Tourismus, soudass mer dat virdru scho reegele sollten.
Dofir wäerte mir Piraten och e Gesetzestext deposéieren, dee géif virschreiwen, dass een net méi dierf zu
Lëtzebuerg Ticketen ënnert den Taxe verkafen, dat
aus dem sozialen Aspekt, awer och aus dem Ëmweltschutz. Ech hat dat schonn e puermol hei ugedeit a
mir sinn elo amgaangen, deen Text ze schreiwen,
dass een net méi dierft ënnert den Taxe fléien an och
net méi ënnert den Entsteeungskäschten.
Dann zum Bus an Zuch. Mam Zuch mengen ech
elo net de flotten touristeschen Train 1900 an der
Gemeng Péiteng an Déifferdeng, mee den Zuch, mat
deem een heihinner ka kommen, woumat een zweifelsweis och ka fortfueren. Mee ech hunn natierlech
léiwer, d’Leit kommen heihinner a se kënnen dann
herno hiert Geld hei an eiser Ekonomie ausginn.
Mee, do hunn ech dann e bësse gekuckt, wann ech
dann elo Tourist wär am Ausland. Ech hu leider keng
Busentreprisë fonnt, déi iergendwellech Reesen ubidden op Lëtzebuerg. Dat ass am Internet quasi inexistent. Et si ganz vill Busentreprisen, déi vu Lëtzebuerg
eraus eppes ubidden, mee awer fir op Lëtzebuerg elo
Linne gëtt et quasi keng. Esou wéi mir et hei kennen,
dass ee Kataloge kritt, wou een an d’Alpe ka fueren
oder soss enzwousch, hunn ech elo um Internet net
fonnt, fir dass een dat kéint spontan op Lëtzebuerg
buchen, also Busreesen, déi explizitt op Lëtzebuerg
fueren. Et gëtt der ganz vill, déi virun allem mat asiatesche Clienten duerch Lëtzebuerg fueren an da ganz
kuerz hei sinn, eng Foto maachen an net wierklech
eppes an der Ekonomie loossen. Mee där, déi awer e
puer Deeg heibleiwen, gëtt et der leider nach ze wéineg.
Dann op d’Musel, wou ech dëse Weekend en Tierche
maache war. Do sinn et d’Schëffer, déi sécherlech
touristesch Attraktioune sinn. An ech muss och soen:
Dat ass och an der Groussregioun sécherlech ee vun
den Highlighten, wann een op der Musel ka fueren
an dann do an engems och eng Schëfffaart ka matmaachen.
M. André Bauler (DP) | Dir kennt Iech jo gutt domadder aus.
M. Marc Goergen (Piraten) | Jo, mir Piraten kennen
eis gutt mat der Schëfffaart aus. Dat ass richteg, Här
Bauler.
(Hilarité)
M. Mars Di Bartolomeo (LSAP) | An Dir plangt et
och.
M. Marc Goergen (Piraten) | Jo. An do wollt ech de
Minister froen … Ech hat elo an e puer Zeitunge gelies,
an de Gemengeréit an der Regioun vun der Musel,
dass mir elo eist aalt Marie-Astrid – ech mengen, dat
ass dat bekanntste Schëff; dozou ware jo och Questionparlementairen – och erëm zréck géifen huelen, op
deem de Schengener Accord ënnerschriwwe ginn ass,
mee dass elo mat deem aktuelle Marie-Astrid Defizit
gemaach gi wär an dass d’Gemengen do hätte misse
Budget nostëmmen. Ob de Minister do e puer Explikatiounen huet an ob vläicht déi Hëllefen, déi d’MarieAstrid deementspriechend krut – ech froen Iech, ob
dat keng Privatentreprise ass, mee staatlech, gemenglech matfinanzéiert ass –, duergaange si wärend der
Kris, fir dass d’Marie-Astrid awer elo stabill dosteet a
stabill an d’Zukunft geet.
An da wollt ech och froen, wéi et mat der Infrastruktur ass fir allgemeng Schëffsbetriber, fir dass déi
kënnen touristesch hei zu Lëtzebuerg uleeën. Zum
Beispill feelt zu Réimech en Terminal, fir Toilettë propper ze maachen. Dat ass elo e klengt Beispill. Wann
do en auslännescht Schëff géif kommen, ass keen
Terminal do, wou déi kéinten d’Toilettë propper maachen. Et si Klengegkeeten, mee trotzdeem: Déi Schëffer, déi um Rhäin oder esou fueren, kéinten dann
net heihinnerkommen, well déi Infrastruktur einfach
net do ass. Dat sinn esou Detailer, déi mer heiansdo
bräichten, fir awer kënne méi Touristen unzezéien.
Dann d’international Vermaartung. Mir hu mat déi
schéinste Schlässer a Buergen, sou wéi de Minister se
international an der Vermaartung ugebueden huet,
well dat awer sécherlech mat eng vun eise Kärkompetenzen ass, mat där mer kënnen Touristen heihinnerlackelen, well dat awer eppes Eemoleges ass, dat an
der Groussregioun esou net ze fannen ass.
Dann eppes ganz Positives, dat ass déi LuxembourgCard. Do sinn am Moment 90 Plazen drop. Do keeft
een eng Kaart op VisitLuxembourg an da kann ee
Visitte maache vun esou vill Muséeën, Schlässer an
allem, an dat ass alles inclus. Ob de Minister do gedenkt, déi nach weider auszebauen, well dat eigentlech e ganz flotte Projet ass. An do si sécherlech an
den eenzele Gemengen nach Méiglechkeeten, fir déi
och matanzebauen. Wéi dat wäert goen.
Esch2022 ass sécherlech och eng Chance fir den Tourismus. Mir sinn elo matzen dran. Ob de Minister do
schonn e puer Resultater oder Feedbacke krut, wéi
Esch 2022 sech op den Tourismus grad am Süden ausgewierkt huet.
Dann ass en neit Gesetz an der Maach fir Elektrobornen, virun allem wat d’Firmen ubelaangt. Dat war elo
déi leschte Kéier an der Energiekommissioun. An et
ass mir scho geschitt, dass, wann ech an d’Ausland
fueren, da bidden d’Hoteller do gratis Stroum un, fir
den Auto ze lueden. An zu Lëtzebuerg, wann ech dat
neit Gesetz awer interpretéieren, an et hëlt een déi
Hëllef vum Staat, ass dat net méiglech. Da muss een
iwwert de Chargy-System fueren. Dat heescht, eis Hoteller kéinten déi Offer deementspriechend net ubidden, wat ech immens schued géif fannen, well awer
dat eng Attraktioun ass fir d’Clienten. Si bezuele jo
d’Zëmmer, se consomméieren do, a wann een dann
eng Elektroborn … Also ech hu se genotzt an deenen
Hoteller, well da fiert ee quasi gratis dohinner an da
kann een do säin Auto lueden an den Hoteller.
Lëtzebuerg kéint dat mat deem neie Subsid net ubidden, hunn ech mer an der Energiekommissioun soe
gelooss, well ech genau dat nogefrot hat mat de
Chargyen. Wann een esou eng Born baut an déi public ass, muss se am Chargy-Reseau sinn. Dat
heescht, et muss een déi 40 Cent facturéieren. Dat
wär schued fir den Tourismus hei am Land.
D’Präisser allgemeng wäerten duerch d’Inflatioun
eropgoen. Do huet de Minister sécherlech och scho
Feedback kritt, well ech huelen och un, d’Hotelszëmmeren, d’Iessen, all Méigleches wäert och zu Lëtzebuerg eropgoen. Do kënnt Dir vläicht e puer Erklärunge ginn, wéi mer awer do zu der Groussregioun
stinn. An ech mengen, mir bidde jo awer eng besonnesch Qualitéit un. Ech weess, dass een zu Lëtzebuerg
net dee präiswäertesten Tourismus wäert kënnen
ubidden, mee mir hunn de qualitativen. An dofir wëll
ech och jidderengem Merci soen, deen am Tourismus
schafft, well ouni si kéinte mer haut net diskutéieren,
dass den Tourismus esou staark ass. An ech weess, do
si Leit, déi schaffe ganz vill Nuechten, ganz vill Weekender. Et ass en ustrengenden Job. Dofir hinnen e
grousse Merci. A merci dem Stéphanie Empain, dass et
dës Interpellatioun ugefrot huet.
Merci.
- September 21, 2023
- 5:26 pm
- Programm 2023, Uncategorized @lb-lu
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.