M. Sven Clement (Piraten) | Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Pandemie a besonnesch
d’Zäit vum Confinement hunn eis alleguerten zougesat. Besonnesch fir d’Kanner an déi Jonk war et eng
ganz schwiereg Zäit, déi mat villen Ängschten a Suerge verbonne war an och mat Momenter, an deenen
ee sech eleng gefillt huet oder vläicht och einfach
nëmmen immens gelangweilt huet.
Mee d’Pandemie war fir verschidde Famillen och eng
Chance, eng Chance, fir endlech emol nees Zäit kënnen zesummen ze verbréngen, …
Une voix | Très bien!
M. Sven Clement (Piraten) | … an och e Moment, an
deem ee sech emol nees bewosst ginn ass, wéi wäertvoll déi eege Gesondheet an déi vun der Famill an de
Frënn engem sinn. D’Pandemie gouf deemno net vu
jidderengem a gläicher Weis wouergeholl an duerfir
ass et ganz interessant, e Bléck op déi lescht Studien
ze werfen, déi sech mam Bien-être vun de Kanner an
de Jonken an deene leschte Jore beschäftegt hunn, an
d’Resultater hei ze diskutéieren.
Ech soen duerfir de Kolleege vun der CSV a ganz
besonnesch dem Marc Spautz villmools Merci, datt
se dës Interpellatioun ugefrot hunn. Eng Interpellatioun, déi jo e bëssen op sech waarde gelooss huet,
nodeems d’Demande scho viru méi wéi engem Joer
eragereecht ginn ass an d’Pandemie awer ëmmer
weider ugehalen huet, esou datt et nach net méiglech war, Konklusiounen ze zéien.
Ob et haut da scho souwäit ass, Konklusiounen ze
zéien? Et ass vläicht Zäit fir den éischte Bilan, mee déi
final Konklusiounen, fäerten ech ganz, wäerten nach
e bëssen op sech waarde loossen.
Haut hu mer dann awer elo endlech d’Chance, op déi
akut Phas vun der Pandemie kënnen zréckzeblécken,
an dat aus enger zimmlech stabiller sanitärer Situatioun. An dat freet eis natierlech alleguerten. Wat kënne mer also haut, e bësse méi wéi zwee Joer nom Ausbroch vu Covid-19, iwwert d’Situatioun vun de
Kanner a Jugendleche wärend der Pandemie soen?
Wéi ze erwaarde konnten d’Etüde weisen, datt d’Pandemie e kloren Afloss op d’Wuelbefanne vun de Kanner hat, mee et huet sech awer och gewisen, datt Kanner a Jonker immens upassungsfäeg sinn a sech no der Phas vum Confinement Weeër gesicht hunn,
mat der Situatioun eens ze ginn, esou datt hiert
Wuelbefanne sech awer no engem éischte Creux
erëm verbessert huet. An elo, wou et nees manner
Restriktioune gëtt, hunn déi Jonk och nees séier zu
hiren ale Gewunnechten zréckfonnt.
Mee och wann et hinnen elo nees besser geet, waren
déi lescht Joren net einfach. Déi Jonk hu wärend der
Pandemie de Kontakt mat hire Frënn vermësst an
hunn oft um eegene Kierper erlieft, wéi belaaschtend
et ka sinn, wann et engem psychesch net gutt geet,
och wann de Kierper physesch gesi gesond ass.
Dat huet d’Theema vun der mentaler Gesondheet
an de Fokus vun dem Interessi vun deene Jonke gesat, an dat ass en Interessi, deen d’Politik op alle Fall
eescht huele muss an op deem opgebaut muss ginn.
Datt d’Theema fir déi Jonk wichteg ass, huet een an
de leschte Sëtzunge mam Jugendparlament gesinn.
An et gesäit een et och an de Schoulen, wou Schülerinnen a Schüler sech ëmmer méi zu Wuert mellen,
wann et drëms geet, wéi de psychologeschen Accompagnement an de Schoule kéint verbessert ginn.
Verlaangt gi Servicer, déi op d’Schülerinnen an
d’Schüler duerginn an net waarden, bis ee bei si
kënnt, en Encadrement, wat ganz natierlech an de
Schoulalldag soll agebonne ginn a keng stigmatiséierend Visitt nom Unterrecht am Büro vum Schoulpsycholog, wou een nach zousätzlech gestresst gëtt,
well ee fäert, datt d’Kolleegen um Gank vläicht kéinte
gesinn, wéi een do an dee Büro erageet. Dat si ganz
konkreet Proposen, léif Kolleeginnen a Kolleegen, déi
ëmsetzbar sinn a wou een definitiv op déi Jonk sollt
lauschteren.
Nieft enger Adaptatioun vun der Betreiung an de
Schoule muss awer och d’ausserschoulesch Prise en
charge verbessert ginn. An dat bedeit, datt d’Verhandlunge ronderëm de Remboursement vun der Psychotherapie net méi weider kënne schleefe gelooss ginn.
Une voix | Très bien!
M. Sven Clement (Piraten) | An der Äntwert op eng
rezent parlamentaresch Fro vu mir gouf gesot, datt
déi nächst Verhandlungssëtzungen tëscht der FAPSYLUX an der CNS jo fir Ufank Juni 2022 ugesat gi
wieren. Mir sinn elo Mëtt Juni 2022 an ech hunn nach
näischt Neies héieren. Sinn d’Verhandlunge scho
weidergefouert ginn? Falls jo, wou sti mer? Dat wäre
Froen un de Minister fir d’Sécurité sociale. Vläicht
gesi mer jo an deenen nächste Wochen a Méint, waat do erauskoum. Vläicht huet awer och de Minister fir
d’Éducation nationale fir säi Kolleeg gutt Nouvellë
matbruecht. D’Hoffnung stierft bekannterweis zulescht.
Une voix | Très bien!
M. Sven Clement (Piraten) | Vill Leit am Land waarden op dësen Accord an dorënner sinn eeben och vill
Jonker. Et kann net sinn, datt hei zu Lëtzebuerg d’Psychotherapie nach ëmmer deene virbehalen ass, déi et
sech leeschte kënnen, oder am Fall vu Jonken, deenen
hir Eltere sech et leeschte kënnen, pro Therapiestonn
méi wéi 100 Euro op den Dësch ze bliederen, wärend
all déi aner ouni Hëllef auskomme mussen, well déi
Servicer, déi een net aus eegener Täsch bezuele muss,
esou hoffnungslos iwwerlaf sinn, datt se emol keng
Waardelëschteplaze méi ubidden.
Fir vill Kanner a Jonker war d’Famill wärend der Pandemie duerfir e wichtegen Anker, dee Stress reduzéiere
konnt a Sécherheet an onsécheren Zäite vermëttelt
huet. Mee net fir jiddereen: 53 % vun de Befroten aus
enger Etüd ënnert den 8- bis 12-Järegen zu Lëtzebuerg
hu wärend der Pandemie der Ausso zougestëmmt, datt
hir Eltere méi ugespaant a besuergt gewiescht wieren
bezéiungsweis méi streide géife wéi virun der Covidkris. An dat ass kloer eng Belaaschtung fir d’Kanner.
Geneesou wéi och déi finanziell Suergen, déi vill
Eltere wärend der Pandemie haten, net spuerlos
un de Kanner laanschtgaange sinn: Kanner, déi en
niddregen Niveau de bien-être an der Etüd gewisen
hunn, koumen duebel esou oft aus Famillje mat Geldsuerge wéi d’Kanner mat engem héije Wuelbefannen
an hunn duebel esou oft an enger Famille monoparentale gelieft. An et si jo grad dës Familljen, déi och
am meeschte vum Aarmutsrisiko betraff sinn.
Dat weist kloer, datt et och net kann duergoen, just
eng Prise en charge vun de Kanner ze maachen,
wann hir mental Gesondheet bis broochläit, mee datt
een de Problem doriwwer eraus och un der Wuerzel
muss upaken.
Natierlech, et gëtt villfälteg Grënn, déi d’Wuelbefanne vu Kanner a Jonken negativ beaflossen, an net
all Facteur ka politesch beaflosst ginn. Mee grad de
finanziellen Drock, deen op den elengerzéienden Eltere läit an deen de Stress erzeuge kann, deen och
d’Kanner erliewen, kéint duerch politesch Mesurë
reduzéiert ginn.
Säit Jore weise mer dorop hin, datt eise Steiersystem
ongerecht ass, well e verschidde Familljemodeller
begënschtegt an anerer benodeelegt. De Fall vun de
Monoparentallen an de Wittleit ass dobäi deen offensichtlechsten an hei kënnen och vill kleng Aiden …
(Interruption provenant d’une vidéo sur portable et hilarité générale)
An hei kënnen och vill …
(Hilarité)
M. Yves Cruchten (LSAP) | Loosst Iech net ënnerbriechen.
M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här Cruchten.
M. Fernand Etgen, Président | Här Clement, Dir hutt
d’Wuert.
(Hilarité)
M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Et
deet mer leed, heiansdo léisst ee sech awer aus dem
Konzept bréngen.
De Fall vun de Monoparentallen an de Wittleit ass
dobäi deen offensichtlechsten. An hei kënnen och déi
vill kleng Aiden, déi ausgeschott ginn a vun deenen
d’Regierung esou gäre schwätzt, d’Ongerechtegkeet
un der Basis net ausgläichen. Hei muss eng Steierreform hier. A wann déi grouss Steierreform krisebedéngt dann net ka kommen, da mussen eeben
iwwergangsweis punktuell Ännerunge kommen, well
d’Leit waarden! An domadder och d’mental Gesondheet vun hire Kanner!
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ier ech
zum Schluss kommen, wëll ech dann awer nach op
e lescht Resultat aus de lëtzebuergeschen Etüden
agoen, an zwar dat, datt et fir d’Wuelbefannen net
wichteg ass, wéi vill strukturéierten Aktivitéiten e
Kand nokënnt, mee just, datt et Aktivitéite gëtt. D’fräit
Spill mat de Frënn un der frëscher Loft oder gemeinsam en Tour mat der Famill um Vëlo dinn de Kanner
geneesou gutt wéi e Cours. Leider hu vill Kanner fir
esou fräi Aktivitéite mat der Famill haut awer guer
net méi esou vill Zäit, an dat deet hiren Elteren an
hinnen oft leed. D’Kanner sinn an der Schoul, ginn an
d’Maison relais a si vläicht och nach an engem Veräin
an d’Eltere sinn op der Aarbecht. Do bleift ënnert der
Woch net méi vill Zäit fir gemeinsam Aktivitéiten.
Wärend der Pandemie war dat anescht an – ech sot et
am Ufank – dat hu vill Leit genoss.
Leider hu se awer elo net méi de Choix, ob se léiwer
wëlle manner schaffen, fir bei hirer Famill ze bleiwen.
Si mussen nämlech schaffen, well se soss net iwwert
d’Ronne kommen. An da si mer erëm beim Constat,
datt Kanner aus Famillje mat finanzielle Suergen och
iwwerduerchschnëttlech oft e schlecht Wuelbefannen
haten.
Mir Piraten fannen, datt een deene Leit, déi aus der
Pandemie d’Léier gezunn hunn, datt se léiwer méi
Zäit mat hirer Famill wëlle verbréngen an duerfir op
staatlech Betreiungsstrukture verzichte wéilten, dës
Optioun sollt ginn. Déi Suen, déi de Staat spuert, well
en net fir d’Betreiung vun de Kanner muss opkommen, sollten den Elteren a Form vun engem bore
Chèque-service accueil ausbezuelt ginn, fir datt si
sech et esou kënne leeschten, sech et kënnen erlaben, manner Stonnen ze schaffen. A wie seng Kanner
léiwer an eng Crèche oder Maison relais wëll ginn,
dee soll dat och weider mam klassesche Modell vum
Chèque-service accueil maache kënnen.
Et geet net drëms, ee Modell ze favoriséieren, mee de
Leit e Choix ze loossen, e Choix, bei deem d’Kanner
a béide Modeller glécklech opwuesse kënnen, mee
dat virun allem dann, wann d’Famill sech och mam
Betreiungsmodell wuel fillt. Ass dat net de Fall, da
gëtt d’Betreiung zum Stressfacteur fir d’Elteren. An
dat mierken dann och ganz séier d’Kanner an da gëtt
hiert Wuelbefannen onnéideg reduzéiert.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir kënnen aus der Pandemie also méi wéi eng Léier zéien,
fir d’Wuelbefanne vun de Kanner a Jugendlechen an
Zukunft nach weider ze verbesseren. An ech hoffen,
datt mer dës Chance net ongenotzt wäerte versträiche
loossen.
Villmools merci
- September 27, 2023
- 9:26 am
- Parlamentaresch Froen, Questions parlementaires, Sport
Am Juli 2023 hat ech dem Minister e puer Froen zum Subside de Qualité+ an dem Règlement grand-ducal vum 23ten Dezember 2016 gestallt (Fro