Interpellation de M. Marc Hansen surla médecine environnementale

M. Sven Clement (Piraten)

Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech wëll et guer net verstoppen: Ech si keen Expert an där heiter Matière.
Plusieurs voix | Ou!
M. Sven Clement (Piraten) mee éischter en
aviséierten Amateur.
(Hilarité)
Une voix | Dir ënnerschätzt Iech!
M. Sven Clement (Piraten) Mir ginn et.
(Hilarité)
Dir gesitt, och ech kann zouginn, datt ech.
Une voix | A!
M. Sven Clement (Piraten) mech nëmmen agelies hunn an en Dossier.
Une voix | O nee

Une autre voix | Très bien!


M. Sven Clement (Piraten) Mee komme mer zum Theema. Mir ginn et net gären zou, mee eis Aart a Weis ze liewen ass derbäi, eis ëmzebréngen. A ville Beräicher genéisse mer an eiser moderner Gesellschaft en enorme Confort, mee gläichzäiteg ass et genee dëse Confort, deen eis lues awer sécher krank mécht.
(M. Fernand Etgen reprend la présidence.)
Mir hunn Iessen am Iwwerfloss, mee och Herbiziden, Fungiziden, Pestiziden an eng gutt Portioun Antibiotika iesse mer net seele mat. Mir si mobill a kënnen all Eck vun der Welt bereesen, mee eis Mobilitéit generéiert esou vill CO2 a Feinstaub, datt eis Otemweeër belaascht ginn an de Weltklima sech verännert. Mir kënnen alles bauen, wat eis an de Kapp kënnt, an dat aus deene verschiddenste Materialien, mee och an eise Flëss an an de Mierer fanne mer ëmmer méi kleng a grouss Partikele vu genau dëse Materialien, déi do guer näischt ze sichen hunn an déi eis an d’Déieren- an d’Planzewelt krank maachen. 2019 sinn der Europäescher Ëmweltagence EEA no eleng an der EU iwwer 300.000 Mënschen un de Konsequenze vun enger ze héijer Feinstaubbelaaschtung gestuerwen. D’Theema vun der Ëmweltmedezinn, an domat verbonnen d’Fro, wéi mer Patienten traitéiere kënnen, déi vun de villen Ëmweltgëfter krank ginn, mee och d’Fro, wéi mer esou Schuedstoffer nees aus eiser Ëmwelt erauskréien, sinn also vun extreemer Bedeitung fir eis Zukunft. An dofir soen ech de Kolleege vun deene Gréngen och villmools Merci fir d’Ufroe vun dëser Interpellatioun an och fir den Exposé ganz am Ufank. Ech hunn eng ganz Rëtsch nei Wierder kennegeléiert, déi ech ganz éierlech och hei net ka widderhuelen. Mee ech mengen, de Marc Hansen ass do och méi Expert wéi déi meescht vun eis heibannen. D’Regierung huet an hirem Koalitiounsaccord villes ugekënnegt am Beräich vun der Ëmweltmedezinn. An et ass wichteg, no dësen dräi Joer elo emol e Bilan ze maachen, wat scho gemaach gouf, wat nach geplangt ass a wou et eventuell Lücke gëtt. Dee grousse Problem heibäi ass, datt mer op ganzwéineg, voire a verschiddene Beräicher op guer keng Etüden iwwer Lëtzebuerg aus dem Beräich vun der Ëmweltmedezinn zréckgräife kënnen. Fir d’Ausland gëtt et zum Deel ganz ëmfaassend Etüden doriwwer, wéi vill Mikroplastik oder Schwéiermetaller an de Gewässer an an de Kierper vu Mënschen an Déieren ze fanne sinn. Wéi belaascht sinn eis Liewensmëttel, eist Waasser, eis Loft a jo, och eise Kierper? Hu mer e Problem mat Eternitt op Scheierdiecher? Wéi vill Schuedstoffer stiechen ëmmer nach an de Mauere vun eise Gebaier? Ëm wéi eng Stoffer handelt et sech genee? A wéi gi mer se nees lass? Äntwerten op dës Froen ze sichen an dann entspriechendM esuren ze huele ka Liewe retten. En Ausbau vun de Formatiounen an der Recherche an dësem wichtegen Domän ass dofir indispensabel an ech hoffen, datt d’Regierung haut och nach eng Rei Informatiounen dozou ka ginn, wéi si gedenkt, an
dësem Beräich d’Fuerschung auszebauen. Dat soll awer net heeschen, datt mer aktuell näischt maache kënnen a mol nach als Éischt drop waarde mussen, datt nach weider Etüde gemaach ginn. Vu ganz ville Stoffer wësse mer haut schonn, datt se zum Beispill staark kriibserreegend sinn oder aner schlëmm Krankheete verursaache kënnen. Den Dioxin gouf genannt, den Amalgam gouf genannt, mir kënnen eng ganz Rëtsch Stoffer nennen. Fakt ass: Mir brauche Strategien, wéi mer genau dës Stoffer lassginn. An do kënne mer net méi waarden! Do musse mer och net weider op Etüde waarden, Etüden, déi ëmmer erëm dat nämmlecht confirméieren, wat mer u sech haut scho wëssen! Et geet also elo drëms, Weeër ze sichen, fir se aus eisem Liewen ze verbannen. Eenzel Verbueter, esou
wichteg se och sinn, ginn do net méi duer. Natierlech ass et gutt, wa mer geféierlech Chemikalien, zum Beispill an der Landwirtschaft, reglementéieren, mee mir dierfen net vergiessen, datt dee Moment, wou de Verbuet kënnt, eis Biedem oft awer scho jorelaang domadder traitéiert goufen. Eleng duerch e Verbuet kritt een déi Stoffer oft net
méi aus der Ëmwelt eraus. An dofir hält hir Wierkung op Mënsch, Déier an Ëmwelt och oft net mat deem Verbuet op. Do ass et wichteg opzeklären. Ganz vill Leit si sech guer net bewosst, wat fir een Impakt hir Liewensëmwelt op hir Gesondheet huet, well se guer net wëssen, mat wat a wéi enge Stoffer se am Alldag iwwerhaapt a Kontakt kommen. Se bemierken dann eréischt, datt eppes net stëmmt, wa sech am Kierper op eemol esou chronesch Entzündungen oder aner Krankheete breetmaachen. Mee souguer dann ass et oft nach e wäite Wee, jo, e ganz wäite Wee bei ganz villen, bis eng richteg Diagnos steet. D’Anamnees ass heefeg net derfir ekipéiert, fir Ëmweltaflëss als éischten Aspekt ze kucken. Vill ze heefeg kucke mer éischter an der Medezinn, fir d’Symptomer ze behandelen, wéi fir d’Ursaach ze fannen. Eng Entzündung, da kritt een eng Pëll, et kritt een e Medikament, et kritt ee gesot: „Huel eng Crème, da geet et der besser.“ A genau do setzt jo d’Ëmweltmedezinn un a genau do musse mer d’Prise en charge verbesseren, fir Persounen, déi ënner gewëssenen Ëmweltaflëss leiden, besser hëllefen ze kënnen!
Dofir war jo och eigentlech d’Ëmweltklinick geplangt, mee – an dat hunn e puer Leit hei haut scho gesot – déi léisst op sech waarden. Ëmmer nees goufe Pläng gemaach, an dann awer nees verworf. A mëttlerweil gesäit et aus, wéi wann emol net déi puer Zëmmere géifen ëmweltmedezinnesch ëmgebaut ginn, geschweige dann e ganze Flillek an enger Klinick. Hei hoffe mer, datt mer haut nach eng Kéier weider Detailer kréien a vläicht méi positiv Nouvellë kréie wéi aus deene rezenten Tëleesinterviewen. Mir hoffen, gewuer ze ginn, bis wéini d’Patienten hei am Land net nëmmen ambulant, mee och stationär kéinte behandelt ginn, an zwar am Beräich vun der Ëmweltmedezinn an net nëmmen am Beräich vun der Medezinn.
Wat ass aus den héijen Ziler aus dem Koalitiounsaccord ginn? Wat bleift Rescht a wat wäert konkreet ëmgesat ginn? Nach besser wéi eng adequat stationär Behandlung ass et natierlech awer, d’Krankheet guer net opkommen ze loossen, ech sot et virdrun. Hei fält dann awer och d’Stéchwuert „Preventioun“ erëm. An domat mengen ech wierklech d’Preventioun vum Ausbrieche vu gewësse Krankheeten an net just d’Fréierkennung. Wa mer vu Preventioun vu Kriibserkrankunge schwätzen zum Beispill, da geet et jo oft och dorëms, reegelméisseg Routineanalysen ze maachen, fir d’Krankheete schonn an engem ganz fréie Stadium ze erkennen, fir se dann, esou gutt et geet, behandelen ze kënnen.

Mee do geet et eigentlech jo manner drëm, enger Krankheet virzebeuge wéi dorëm, se fréi ze erkennen. Natierlech sinn esou Routineënnersichunge wichteg a se rette ganz vill Liewen, mee mir kënnen awer nach méi maachen, wa mer nach e Schrëtt méi fréi ufänken an esou gutt et geet probéieren, déi Saachen ze vermeiden, déi Krankheeten iwwerhaapt eréischt ausléisen. An hei si mer dann nees bei deem wichtegen Theema vun der Opklärung. Wann d’Leit net wëssen, wat se sech mat gewëssenen Zousazstoffer a Liewensmëttel undinn, an net wëssen, wéi eng Materialien an hiren Haiser verbaut sinn, da kënne se och net drop oppassen, sech gewëssene Stoffer net eréischt auszesetzen. Dofir muss méi informéiert ginn. Dofir brauche mer méi Transparenz, wat d’Zousazstoffer a Liewensmëttelen ugeet, wat d’Bausubstanzen an eisen Immobilien ugeet, wat d’Belaaschtung vun eise Biedem ugeet. An do ass jiddweree gefuerdert! Do ass eng ganz Fro vu Wäerter. Dat ass net nëmmen eng medezinnesch Fro – dat ass eng gesamtgesellschaftlech Verantwortung! A well et gesamtgesellschaftlech ass, muss awer och d’Industrie mat u Bord geholl ginn. Jo, se muss gezwonge ginn, Verantwortung ze iwwerhuelen, andeems streng Riichtwäerter festgehalen an d’Depassementer dann och konsequent bestrooft ginn. Et kann net sinn, datt mer Riichtwäerter festsetzen an herno, wann dann en Depassement ass, ass dat ëmmer en Eenzelfall“, „en dramateschen Accident“ Jo nee, dat geet net duer! Mir mussen, wann en Depassement stattfënnt, dat dann och kënne richteg sanktionéieren.
Amplaz d’Leit duerno medezinnesch behandelen ze mussen, sollte mer also kucken, datt d’Leit iwwerhaapt esou mann wéi méiglech krank ginn. Mee wa mer dat Zil erreeche wëllen, da musse mer endlech ëmdenken. Da musse mer ophalen, eis Biedem, eist Waasser, eis Loft an eise Kierper fir de vermeintleche Fortschrëtt ze vergëften. An da musse mer den Ëmweltschutz endlech virun déiwirtschaftlech Interesse stellen. Mir hu just ee Planéit a jidderee vun eis huet och just ee Kierper. Dofir musse mer endlech besser op béid oppassen!
Ech soen Iech villmools Merci.

Zesummenhang posts

Den LCGB huet matgedeelt, datt d’Sécherheetsfirma Protection Unit hir Aktivitéiten astellt an ee Repreneur sicht. D’Firma schafft fir eng Villzuel u staatleche Verwaltungen, parastaatlechen
Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen