M. Marc Goergen (Piraten)
Merci, Här President.
Och merci un de Gilles Roth, dass mer haut dëst Theema och en public kënnen diskutéieren. Nodeems mer et dann an de Kommissioune schonn eng Kéier haten a sécherlech net déi eenzel Parteien alleguerten enger Meenung waren, dofir ass et wichteg, dass mer et och eng Kéier en public kënnen diskutéieren. Merci och alleguerten de Leit um Terrain, ob dat de CGDIS, d’Police, d’Arméi, den Zivill ass, also jidderengem, dee gehollef huet, e grousse Merci. A si hunn eeben dat gemaach, wat d’Politik hinnen erméiglecht huet.
An do komme mer da schonn op déi nächst Punkten. Ech wäert mech haut virun allem op d’Technik konzentréieren, well ech muss jo och éierlech soen, ganz villes war ganz gutt organiséiert! Also, dat muss een och soen. Alleguerten eis Leit, och an de Ministèren, hunn zu deem Moment dat Bescht gemaach, wat méiglech war. An dofir begrenzen ech mech op d’Technik, well dat ass eeben de politesche Volet, deen net fonctionéiert huet. An do gëtt et eeben och déi eenzel politesch Responsabilitéiten. Fänke mer mat Facebook un. Ech hat dat an der Kommissioun och ugekënnegt. Ech huelen un, haut wäert Der dann e puer Äntwerten dozou hunn. An zwar, wou ech mech gewonnert hunn, dass just um CGDIS-Facebook dat Ganzt gedeelt ginn ass, fir d’Leit ze warnen, esou wéi et am Rapport steet; wat mech e bëssen erschreckt huet. All Bildchen, wou iergendwou e Bändchen duerchgeschnidde gëtt oder iergendeng Firma besicht gëtt, ass direkt op Facebook, an esou e wichtegen Alarm hunn d’Ministèren ënner sech net gedeelt. Dat fannen ech e bësse kritesch.
Mee ech fannen et awer och gutt, dass an deem Rapport steet, dass Der Iech eng nei Strategie wëllt ginn, fir eebe méi ze deelen. Mee et kann net sinn, dass ee sech just op d’Like-Page vun engem CGDIS oder engem Twitteraccount verléisst, wann een .Huele mer elo de Premierminister himself, deen awer déi meeschte Likes huet, a wann een déi Reechwäit hätt kënne benotzen deen Dag selwer, fir esou eng Alarmmeldung weiderzeginn, hätt ee sécherlech méi Leit erreecht wéi reng um CGDISSite. Dat selwecht war och mat de Pressekonferenzen. Ech war an de Kommissiounen, an deenen zwou, ech hu scho gesot, dass ech et schued fannen, dass keng Pressekonferenz nach den Owend selwer aberuff ginn ass, fir de Leit eng Kéier mat Nodrock ze soen, wat kënnt. Well fir esou villes gëtt eng Pressekonferenz aberuff, och ganz spontan. Wann een iergendwou erëm e Bréif den zweeten Dag am Tirang fënnt, da gëtt op eemol erëm eng Pressekonferenz aberuff. Firwat dann net an esou enger Krisesituatioun wéi där heiten? Also, dat wär wierklech néideg gewiescht, fir de Leit eng Kéier mat Nodrock ze soen, wat um Spill steet. Dann déi ominéis SMS un d’Buergermeeschteren. Jo, et kann een iwwert den Text elo schwätzen, dass deen net verständlech war, dass do eppes Schlëmmes kënnt. Mee wat mech méi opgereegt huet, ass déi Verzögerung dertëscht. A wéi mer an der Kommissioun jo driwwer geschwat hunn, huet dat warscheinlech dozou gefouert, dass Buergermeeschtere 45 Minutte méi spéit eréischt déi SMS kruten. Dat heescht, de Staat huet hei warscheinlech – do kann de Premier als Digitalminister eis sécherlech herno eng Äntwert ginn – e System benotzt, wou d’SMSen emol fir d’éischt iwwer e Server lafen an duerno verschéckt ginn. Wat awer an engem Fall .Huele mer elo, ben, ech hoffen, et wäert ni geschéien, mee wa Cattenom en Accident huet, an d’Buergermeeschtere musse 45 Minutten op eng SMS waarden, nodeems se fortgeschéckt ginn ass, wuelverstanen, dass déi net live fonctionéiert, well de Staat e System gewielt huet mat SMSen, deen net schnell iwwerdréit, dann hu mer e ganz anere
Problem. Dofir wär et och gutt, wann de Staat géif op e System goen, deen déi SMSe live iwwerdréit, déi de CGDIS verschéckt, an net géif waarden, bis déi Serveren dat maachen, well dat ass ganz kritesch am Noutfall. Dann dee schlëmmste Feeler, dat war GouvAlert, 2018 grouss ugekënnegt fir Krisen. Ech hu mer extra nach eng Kéier den Text erausgesicht, wat Der do alles esou schéi gesot hutt „Warnmeldungen bei schwerwiegenderen Zwischenfällen“ „Benachrichtigungen an […] Smartphone im Falle einer Notfallsituation“ an esou weider, wéi Der dat esou schéin ugekënnegt hutt. Sou, elo steet awer am Rapport – an ech ka jo Ärem eegene Rapport gleewen, wat do drasteet -, dass Der net kapabel waart, fir dee System um Lafen ze halen! Dat ass e bësse wéi wann Der Pompjeescamionen hutt, wann Héichwaasser ass, an Dir hutt keen Diesel kaaft. Fir et eng Kéier kuerz ze erklären: An deem Rapport steet ganz kloer, dass Dir e Certificat, dee GouvAlert brauch, fir ze fonctionéieren, net erneiert hutt. An dat net e puer Stonne virdrun, mee Dir schreift et selwer: „quelques jours“. An ech hat der Ministesch déi Fro scho gestallt an der Kommissioun, wat dann elo „quelques jours“ ass: eng Woch, zwou Wochen oder nach méi? Ech hoffen, mir kréien awer haut eng Äntwert dorop. Well et ka jo awer net sinn, dass Der eng GouvAlert grouss ukënnegt, an den Dag, wou se gebraucht gëtt, fonctionéiert se net! An dat net fir iergendwéi eng Excuse ze fannen, mee huele mer elo zum Beispill am „Tageblatt“. Déi haten den Artikel jo opgegraff iwwert déi ganz GouvAlertGeschicht. Do seet dann den Dennis Fink, Spriecher vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg: „Dass dies bei der GouvAlert-App nicht gemacht wurde“ – also de Certificat verlängert -, „könne er nicht verstehen, und es stelle sich die Frage nach einer Teilschuld. ‚Hier kann man schon davon reden, dass das als grob fahrlässig einzuschätzen ist.’“ An déi Meenung deelen ech! Wa mir eng GouvAlertApp hunn, kann et net sinn, dass dës Regierung vergiess huet, e Certificat – dat muss ee sech emol virstellen! Also all Informatiker laacht doriwwer -, e Certificat, wou herno, ech mengen, d’Ministesch kann et herno soen, et sinn 20.000 Leit, déi op GouvAlert abonéiert sinn, hätte kënne gewarnt ginn. Et huet awer net fonctionéiert, well Dir e Certificat, en informatesche Certificat net verlängert hutt! Dat ass grob farlässeg an do huet de Chaos Computer Club sécherlech Recht gehat. Fir d’Zukunft hoffen ech jo, dass Der doraus geléiert hutt an déi App och wäert bäibehalen. Well déi App huet net nëmmen d’Funktioun, wann eng schlëmm Wiederkatastroph ass, mee – wéi Der jo och scho matkritt hutt, et war en Artikel an de Medien, dee ganz positiv ass – et konnt enger Fra d’Liewe gerett ginn, well se GouvAlert um Handy hat an esou den 112 konnt ruffen an hir Koordinate konnten direkt matgedeelt ginn. Dat heescht, et ass net nëmmen, fir d’Leit ze warnen, mee et geet och deen anere Wee. Dofir si mir Piraten ganz kloer derfir, dass eng digital Léisung bleift, fir an den Noutfäll och esou kënnen de Staat ze informéieren. Da komme mer zu den Hëllefe vum Staat. Ech hunn do mäi Bauch wéi, well ech den Tornado matgemaach hunn an ech weess, wéi laang dass d’Leit do gewaart hunn op déi Hëllefe vum Staat. Ech hunn och direkt déi Woch an der Kommissioun no dem Héichwaasser gefrot wéi et dann elo ass mam Stand, wéi d’Leit ausbezuelt ginn. Gutt, dass do nach näischt bekannt war, verstinn ech. Déi lescht Kommissioun war elo virun dräi Wochen
- och nach keng Äntwert! Mee ech hoffe jo awer, dass Der haut eng Äntwert matbruecht hutt fir d’Leit dobaussen, wéi et dann elo mam Ausbezuelen ass vun deenen Hëllefen, vun deenen 100 Milliounen, wou Der gesot hutt. Et ass schéin a gutt, dat an der Press unzekënnegen, mee et sinn awer scho Leit, déi hunn eis geschriwwen, dass dat guer net esou einfach ass an dass déi Leit e bësse waarde gelooss ginn. An Dir kënnt Iech jo virstellen: Wann Äert Haus ënner Waasser stoung an Der dann an engem Héichwaassergebitt sidd, wou Är Assurance herno net vill bezilt, dass Der keng Zäit hutt fir ze waarden.
- scho guer net wann elo de Wanter kënnt. Also, et sinn ëmmer méi Leit, déi eis doriwwer schreiwen, dass och déi Hëllefe vum Staat nach net ausbezuelt gi sinn. Mee Dir kënnt eis jo sécherlech herno e puer Informatiounen doriwwer ginn. Alles, wat ech elo zur Technik gesot hunn, hoffen ech jo, dass Der dat wäert mathuele fir déi nächst Katastroph, dass do awer da GouvAlert an alleguerten déi aner Systemer, dass d’SMSen endlech emol a real time ukommen, fir dat ze verbesseren. Ee wichtege Punkt ass awer och de Cell Broadcast. Mir haten do jo direkt déi Question parlementaire gestallt. Dir hutt och positiv geäntwert. Et ass awer elo schonn iwwer dräi Méint hier. An ech kann einfach net verstoen, wa mer wëssen „de Wanter kënnt an et kënne weider Katastrophe kommen“, firwat dass dës Regierung dee System net mat méi Nodrock asetzt. Well et ass elo net, dass dat esou komplizéiert wär. Just, fir Iech dat eng Kéier kuerz ze soen: Cell Broadcast fonctionéiert esou, dass déi Handyen an där Funkzell, wou et grad ass – jiddereen hei ass grad an der Funkzell vun engem Operateur, wou e Client ass -, da géifen déi SMS mat der Warnung geschéckt kréien. Dat ass also näischt Schwiereges. Dat ass einfach e klenge Kontrakt mat deenen dräi Operateuren. An da leeft dat. Ech verstinn net, dass mer elo no dräi Méint, wou all Dag dee Risiko besteet, a mir hu jo fir dës Woch erëm schlecht Wieder ugekënnegt kritt, an dës Regierung dee System nach ëmmer net lafen huet. Dofir wëll ech haut vun der Ministesch nach eng Kéier héieren, wéini dann elo dee Cell Broadcast do wäert fonctionéieren. An net erëm iergendeng Ausso „an e puer Méint“ oder esou, mee emol eng Kéier konkreet, wou dee Stand ass. Well eis Leit brauchen dat. Wann déi nächst Katastroph kënnt, mussen d’Leit gewarnt ginn! Dat sinn déi eenzel kleng Feeler, déi mussen opgeschafft ginn. Mat esou enger Opschaffung kann een natierlech herno, wann esou Situatiounen nach eng Kéier antrieden, och vill besser reagéieren. Dofir ënnerstëtze mir och déi Motioun, fir eng onofhängeg Etüd ze maachen, fir dass ee kann extern eng Kéier kucke loossen. Well wann een intern elo nach eng Kéier kuckt … An Dir schreift an där anerer Motioun, Dir iwwerleet eng Kéier, Dir gitt eng Kéier an Iech, Dir kuckt eng Kéier, wat do kéint geschitt sinn. Ech weess net, ob dat dat Bescht ass. Dat Bescht wär wierklech, an och gäre mat Techniker an Informatiker zesummen, dass een eng Kéier kuckt, wou déi technesch Feeler waren, fir awer dat opzeschaffen. Well et sti jo awer trotzdeem Liewen um Spill. A mir kënnen net, wa mer et net opschaffen, weiderhi mat där Technik fonctionéieren, déi dann eeben herno, wann den Noutfall antrëtt, net fonctionéiert. Dofir: fir net nach eng Kéier an esou
eng penibel Situatioun ze kommen.
Merci.