Interpellation de M. Claude Lamberty au sujet des grands projets de réforme de la politique nationale du sport

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, et gëtt ëmmer gesot, datt Sport wichteg fir Kierper a Geescht ass. An dat stëmmt och: Sport ass immens wichteg. Leider si sech Experten och doran eens, datt vill Leit net genuch Sport maache respektiv sech vill ze wéineg bewee- gen. Dat betrëfft Erwuessener genee esou wéi Kan- ner. Dobäi ass de Sport och fir Kanner ganz wichteg.

Et geet awer net duer, ëmmer nees ze widderhue- len, wéi wichteg Sport ass, fir datt d’Biergerinnen a Bierger hei am Land méi Sport maachen. Do ass och d’Politick gefrot! An, nee, ech froen elo net, datt mer d’Plenièren an Zukunft am Lafe ronderëm d’Stad of- hale sollten – bien que: Och mir kéinten heiansdo méi Beweegung verdroen!

Mir sinn net nëmme gefrot, wann et dorëms geet, fir datt d’Biergerinnen an d’Bierger generell méi Sport maachen, mee mir sinn och gefrot, wann et ëm déi Leit geet, déi sech scho sportlech op verschiddenen Niveaue betätegen. Well mir hunn a ville Sportaarte schonn eng grouss Unzuel u Veräiner, zum Beispill an den traditionelle Ballsportaarte vum Fussball, Basket, Volleyball an Handball, mee och a ganz villen anere Sportaarten, déi manner eppes mat „Werfen und Fan- gen“ ze dinn hunn.

Mir mussen de Veräiner derbäi hëllefen, hir Offer méi bekannt ze maachen. Grouss Veräiner zum Beispill am Fussball oder am Basket sinn opgrond vun hire Matcher an awer och hire Resultater dobausse méi bekannt. Bei anere Sportaarten, dat wësse mer alle- guerten, ass dat net esou.

Et gëtt ganz vill verschidde flott Sportaarten hei am Land, mee eng ganz Rei vun dëse Veräiner, déi déi ausféieren, sinn net ëmmer bekannt. An et gëtt Ini- tiative wéi d’COSL-Spillfest, déi immens wichteg sinn, fir d’Sportaarte kennen ze léieren, mee leider net ëm- mer duerginn, fir datt déi Sportaarten sech dann och wierklech am Kapp vun de Leit verankeren. Grad nei oder méi kleng Verbänn hunn dann och dacks Pro- blemer, fir dobausse bekannt ze ginn. Et kann ee sech awer just engagéieren, wann ee weess, datt et eppes gëtt.

Bei manner bekannte Sportaarte gëtt dacks just an de Medien doriwwer bericht, wann e Sportler oder eng Sportlerin bei enger Kompetitioun – an heefeg dann enger internationaler Kompetitioun – eng ganz gutt bis exzellent Performance erbruecht huet, an ech maachen hinnen do kee Virworf, mee firwat gëtt et zum Beispill kee grousse Regëster oder kee méi ak- tive Push, fir och mat de Medien zesummen eis méi kleng Sportaarte bekannt ze maachen, wäit iwwert d’Live-Arena vun engem grousse semi-ëffentlech- rechtlechen Tëleessender eraus?

Mir mussen dann och méiglechst fréi ufänken ze kucken, méi Kanner fir de Sport ze begeeschteren, an dat genderneutral, well ee soss gutt d’Hallschent vun de Leit vu verschiddene Sportaarten ausschléisst. Si solle gesinn, wéi vill Spaass et ka maachen, sech an engem Sportveräin ze engagéieren – a wann ech soen „engagéieren an engem Sportveräin“, da mengen ech domadder natierlech och, datt een dat muss ënnert engem Daach kënne maachen an enger entspriechender Infrastruktur; dorënner falen Terrainen, Halen, Piscinnen a méi, jo, och e Vëlodrom

oder eng Beachvolleyballhal, déi haut och schonn ugeschwat goufen.

An et ass eng ganz gutt Iddi, datt mer an d’Infra- strukturen investéieren. Mir musse just oppassen, datt mer eis bei de Präisser dann och ferm un dat ha- len, wat mer eis als Wäert ginn, datt mer oppassen, keng allze grouss Depassementer ze kréien, datt et plangbar bleift an datt mer net herno enger Sportaart eppes bauen op d’Käschte vun där anerer.

Nëmme wa gutt Infrastrukturen zur Verfügung stinn, kann och Sport op guddem Niveau gemaach ginn. Dowéinst musse mer derfir suergen, datt de Staat, dat ass wichteg, zesumme mat de Gemenge Verant- wortung iwwerhëlt.

Wichteg sinn awer net nëmmen d’Infrastrukture fir d’Sportveräiner an de Breedesport insgesamt, mee och d’Elittesportler. A Lëtzebuerg huet eng ganz Rei Elittesportler. Wann een driwwer nodenkt, falen engem ëmmer direkt zwee, dräi Nimm an – d’Lëscht vum COSL ass awer vill, vill méi laang –, déi op inter- nationale Kompetitiounen ëmmer nees ganz gutt Re- sultater bréngen. Och si mussen natierlech esou vill wéi méiglech gefërdert an ënnerstëtzt ginn.

An do ass dann awer e klenge Couac nach ëmmer dran, datt et haut, wann een net direkt vu senger Sportaart liewe kann an awer soll ënnerstëtzt gi vum Staat, fir Elittesportler ze sinn, nach ëmmer heescht: als Fräiwëllege bei der Arméi mellen, fir an d’SSEA, d’Section de sports d’élite de l’armée, ze kommen. Dat fanne mer net ideal!

Mir wëllen eng Trennung tëscht der Arméi an dem Sport, well et fir eis net kloer ass, firwat ee sech on- bedéngt als Zaldot muss verflichten an en Eed ofleeë muss, nëmme well een op héich professionellem Niveau wëll Sport maachen. Dëst sollt och an engem ziville Kader méiglech sinn an ech weess, datt dat och schonn e puermol annoncéiert gouf, an ech freeë mech schonn drop, d’Erklärungen ze kréien, firwat dat anscheinend nach net do ass an och nach net fir haut oder fir muer wier!

A jo, wa mer vun Elittesport schwätzen, schwätze mer vun High Performance. A vun High Performance geet et dann direkt eriwwer bei den LIHPS, de Luxem- bourg Institute for High Performance in Sports. Et ass gutt, datt d’Sportlerinnen an d’Sportler, déi u Kom- petitiounen op engem héijen Niveau deelhuelen, hei entspriechend encadréiert ginn. Nëmme mat deem richtegen Encadrement sinn nämlech laangfristeg gutt sportlech Resultater méiglech.

An ech mengen, den Encadrement, also grad am LIHPS …, ech war dee schonns e puermol kucken an ech sinn ëmmer erëm begeeschtert, mat wat fir enger héijer Technicitéit och do de Sport u sech gepusht gëtt, eppes, mengen ech, wou mer eis wierklech no vir kata- pultéiert hunn, eppes, vun deem Lëtzebuerg virun 10, 15 Joer nëmme gedreemt hätt. An haut hu mer et! An ech mengen, datt et dofir och ganz wichteg ass, datt mer weiderhin doran investéieren.

Wann ech awer och vum Encadrement schwätzen …, an och dat huet de Claude Lamberty, deem ech iw- wregens nach Merci wollt soe fir d’Ufroe vun dëser Interpellatioun, schonn ugeschwat, dat ass de Congé sportif, ee vun deene 27 Congéen, déi et hei am Land gëtt.

De Congé sportif gëtt enger Rei Sportlerinnen a Sport- ler d’Méiglechkeet, fir méi einfach nieft hirer norma- ler Aarbecht och u grousse Sportskompetitiounen deelzehuelen. An eng ganz Rei Leit profitéieren do- vunner.

An da gëtt et natierlech och de Congé sportif fir d’Encadranten. An ech hu virdru vum Encadrement geschwat. Et ass wichteg, datt eeben och grad Leit, déi de Sport encadréieren – eis Benevoller –, kënne profitéieren, fir derbäi ze sinn, well et ass jo net nëm- men de Sportler, dee wichteg ass, fir datt Sport statt- fënnt, mee et geet och ëm d’Traineren, et geet och ëm d’Arbitteren. A wann déi net dovunner profitéie- ren, dann hu mer forcement e Problem.

Et kéint een de Congé sportif awer sécherlech nach reforméieren. An ech weess, datt och dat ugeduecht ass.

An zum Schluss – ech hunn et elo schonn ugedeit – wëll ech op d’Situatioun vun de Benevoller agoen. Entschëllegt, et ass e bëssen Telegrammstil haut, mee bei esou engem vasten Theema an zéng Minutten derduerchzegoen …

(Interruption)

Hätt ech et ugefrot, dann hätt ech der 30 gehat. An, ech mengen, souguer dem Claude Lamberty sinn um Enn d’Minutten e bësse fortgelaf. Dofir erlaabt mer, nach ganz kuerz op d’Benevoller anzegoen.

Ouni Benevoller ass d’Veräinsliewen net méiglech. Bon, dat hätt ech elo och an enger Interpellatioun iw- wert d’Musek oder iwwert d’Kultur kënne soen. Et ass awer dofir net manner wouer.

Vill Veräiner hunn ëmmer méi Problemer, fir nach Be- nevoller ze fannen. Iwwerall ginn der gesicht, dacks awer keng oder net méi genuch fonnt. An och do si mir als Politicker gefrot, fir de Veräiner oder de Verbänn ënnert d’Äerm ze gräifen. Duerch méi flexibel Aar- bechtszäiten a -modeller géife mer et erméiglechen, fir datt méi Biergerinnen a Bierger och d’Zäit an d’Chance hätten, sech an engem Veräin ze engagéieren – Stéch- wuert „Work-Life-Balance“, well d’Veräinsliewen ass en Deel vun enger gudder Work-Life-Balance!

Vill Leit sinn haut scho voll ausgelaascht mat hirer Aarbecht an hirem Familljeliewen an hu weeder d’Zäit nach d’Energie, sech dann och nach anerwäerts ze engagéieren. Eng weider Méiglechkeet wier– an dat hate mer schonn an eisem leschte Walprogramm stoen – eng speziell Kaart fir d’Benevoller, mat där si eng Rei vu Virdeeler wéi zum Beispill Remisë bei Entréeën a Muséeë géife kréien.

Ech géif jo elo soe „gratis ëffentlechen Transport“, dat ass et nämlech eng Kéier ginn. Et gouf eng zäit- laang eng Kaart, mat där Benevoller am Sport konnte gratis den ëffentlechen Transport benotzen. Bon, vu datt den ëffentlechen Transport elo ouni Ticket fonc- tionéiert, huet déi Kaart e bëssen hire Sënn verluer. A mir géifen eis wënschen, dass mer erëm esou eng Initiativ kéinten opleeën an déi nach eng Kéier kéin- ten ausbauen.

Domat géif nämlech hiren Asaz indirekt belount a valoriséiert ginn. An et geet net drëm, e Benevollen ze bezuelen. Et geet drëm, engem Benevollen e bësse méi wéi d’Fläsch Cremant ze ginn, déi de Georges Mischo virdrun erwäänt huet. Et geet drëm, him och iwwert d’ganzt Joer Reconnaissance ze weisen.

An dann och nach e puer Wuert zum Parasport, well och deen dierf op kee Fall vergiess ginn. De Sport ass fir Mënsche mat enger Behënnerung nämlech ge- nausou wichteg wéi fir Leit ouni Behënnerung. Mir mussen de Parasport dofir net nëmme finanziell nach méi stäerken, mee mir mussen eis och derfir asetzen, datt och am Parasport d’Offer méi grouss gëtt. Well och do gëtt et ganz vill Sportaarte respektiv Variante vu Sportaarten, déi kéinten exerzéiert ginn, déi hei zu Lëtzebuerg zum Deel einfach nach net bekannt sinn.

Gläichzäiteg géife mer verschidde Virurteeler aus der Welt schafen, well vill Leit nach ëmmer der Meenung sinn, datt Persoune mat engem Handicap sech net

sportlech betätege kënnen oder datt dat eppes Exklu- sives wär fir Leit mat engem Handicap. Mee et gëtt Sportaarten, déi inklusiv sinn, wou Persounen ouni Handicap a Persoune mat Handicap zesummen déi nämmlecht Sportaart kënnen exerzéieren. Domadder géife mer e grousse Bäitrag zur Inklusioun leeschten.

An domadder si meng zéng Minutte leider och schonn um Enn. Ech hätt nach mindestens fir fënnef Minutte weider eppes ze soe gehat. Mee ech soen Iech op alle Fall Merci an ech freeë mech drop, wa mer an deenen zwee Dossieren – Congé sportif a bei den Elittesportler – awer géife weiderkommen.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen
 Ee WORT-Artikel vum 23ten Dezember 2024 hat informéiert, dass op der Schnellstreck vum Tram tëschent der Stad an dem Belval elo dach ee weideren