Impfflicht bei der Arméi – Nofro

Am Dezember d’lescht Joer hat ech dem Minister eng parlamentaresch Fro gestallt, wéi den 1G an der Arméi gehandhaabt gëtt. Kandidate ginn ab dem 1te Januar 2022 nëmmen an d’Arméi inkorporéiert, wann se ee vollstännegen Impfzyklus virweise kënnen. Persounen, déi net geimpft sinn, ginn deemno vollstänneg aus der Arméi ausgeschloss. De Minister berifft sech heibäi op d’ofgeännert Gesetz vum 16 Abrëll 1979 “ayant pour objet la discipline dans la Force publique”. Mam leschte Covid-Gesetz gouf d’Situatioun hei am Land awer extreem gelackert an d’Leit brauchen aktuell keng gréisser Konsequenzen ze fäerten, wann si sech net impfe wëlle loossen.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Hält d’Arméi weider dru fest, dass all neien Zaldot ee kompletten Impfzyklus muss ofgeschloss hunn?

  2. Existéiert am Kader vum NATO-Bündnis eng Verflichtung, déi beseet, dass d’Zaldote musse geimpft ginn? Wann deem sou wier, wéi eng Instanz hëlt des Decisioun?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5973

Äntwert

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen