Merci, Här President. Merci dem Myriam Cecchetti fir déi wichteg Aktua- litéitsstonn. Jo, et ass e wichtege Schrëtt, wou ech eigentlech net domat gerechent hat, dass d’EU e géif maachen. Mee et muss een natierlech elo déi eenzel Modalitéiten an dann Effekter ofwaarden, wéi déi eenzel Länner dat Ganzt och interpretéiere wäerten. Ech sinn do e bësse méi skeptesch, woubäi ech de Start awer kloer begréissen, net nëmmem, well mir dat änlech am EU-Programm scho gesinn hunn, mee och, well ech d’Iddi vum Mindestloun nach ëmmer ënnerstëtzen.
Well et ass nach ëmmer esou, dass, wann ee schaffe geet an all Moien opsteet, soll een och gutt dovunner liewe kënnen. Et leescht een eppes fir d’Gesellschaft, da soll een och eppes zréckkréien. An do ass eeben d’Diskussioun, dass een ëmmer nëmmen nom Mon- tant selwer kuckt, eigentlech e bëssen eng falsch,
well et ka sinn, dass ee mat engem méi niddrege Min-
destloun wéi zu Lëtzebuerg an engem anere Land ka besser liewe wéi hei zu Lëtzebuerg mat engem Min- destloun, deen am Moment an Europa deen héchsten ass.
Ech schwätzen do net vun den zwee Euro a Bulgarien, mee vun deene Länner, déi dertëschentleien a wou hir Niewekäschte vill méi geréng sinn. Dofir ass den euro- päesche Mindestloun och ganz komplex, dass een net einfach ka soen, mir huelen deen een oder deen anere Montant, mee ganz vill Krittäre muss kucken, wat op där enger Säit et komplex mécht, op där anerer Säit awer och eng Ouverture ass, fir dass déi Länner, déi de Leit net wëllen esou vill zréckginn, dat kënne benotzen, fir eeben e Mindestloun zimmlech déif ze halen.
Mir si souwisou der Meenung, dass e Mindestloun, egal wéi e Land et ass, 20 % iwwert dem Aarmutsrisiko soll leien, well et kann net sinn, dass, wann ee schaffe geet, een nach ëmmer an dem Aarmutsrisiko ass.
A mir gesinn och an der Groussregioun hei fir eist Land eng Chance, awer och eng Gefor.
Op d’Chance ginn ech fir d’éischt an. Dat ass, dass d’Handwierksbetriber, doduerch dass an der Grouss- regioun Mindestléin kommen … Huele mer zum Bei- spill Däitschland, dat ass e grousse Phenomeen, wou ganz vill Handwierksbetriber eng méi bëlleg Konkur- renz haten, well déi lescht Joren déi eeben iwwert d’Salairë gesteiert waren, soudass d’Handwierks- betriber hei am Land elo sécherlech manner Konkur- renz iwwert de Präis kréien, well wann Däitschland elo op 12 Euro Mindestloun eropgeet, se zimmlech no bei eis wäerte sinn, wat eis Handwierksbetriber stäer- ke wäert a wat och warscheinlech d’Méiglechkeet gëtt, dass déi hirem Personal, sief et iwwer Primmen oder iwwer aner Modalitéiten, entgéintkommen.
Op där anerer Säit gesinn ech awer e Risiko, dass, wann an der Groussregioun d’Salairen an d’Luucht ginn iwwert de Mindestloun, manner Leit heihinner wëlle schaffe kommen, well se sech de Verkéier kënne spueren. Si kënnen alleguerten déi aner Käschte spue- ren, wa se herno mat 12 Euro … Oder wa Frankräich op 10 Euro, 11 Euro elo eropgeet. Elo ass jo déi nei Regie- rung, déi ugekënnegt huet, och do nach eng Kéier nozeleeën, dass se herno bei 12, 13 Euro wäerte lan- den. Da si mer herno op engem Niveau. An dat wäert sécherlech eis Personalpolitik e bëssen op d’Kopp geheien.
An do muss Lëtzebuerg sech fir d’Zukunft virberee- den, well mir wëlle jo och elo net vill, vill méi wäit an déi osteuropäesch Länner goen, fir dann do Personal ofzezéien, well dat ass dann och erëm kontraproduk- tiv. Dofir ass et, fir elo sech virzebereeden, dass mer higinn an awer herno genuch Main-d’oeuvre nach am Land hu fir eis deeglech Aufgaben.
Mir Piraten si souwisou der Meenung, dass de Min- destloun iwwer eng Steierpolitik muss iwwerlaascht ginn. Mir hunn allgemeng e Problem domat, dass d’Steieren nom Loun zimmlech héich sinn. Mir sinn éischter der Meenung, dass een d’Kapital oder aner Erträg misst vill méi besteieren, awer dofir de Loun, wou ee schaffe geet, misst vill manner besteiert ginn. Dat hätt och scho beim Mindestloun bezéiungsweis bei alleguerten deenen, déi kuerz driwwer leie seng Virdeeler, dass d’Leit do direkt erëm cash an d’Täsch eppes erëm hätten.
Huele mer de Mindestloun: 50 oder 100 Euro hätt een einfach méi, wann een do un der Steierschrauf géif dréien. Et géif dem Staat net wéidoen, wann en en contrepartie deene groussen Entreprisen, déi Mil- lioune Gewënner maachen, dat vläicht iergendwéi ëm 0,00… iergendeppes Prozent géif eropsetzen. Da géif dat scho sech finanzéieren.
Et ass awer och nach eppes, wat ee muss bedenken, dass ganz vill Liewensmëttel, déi mir hei am Land konsuméieren, och aus osteuropäesche Länner kom- men. An dat bedeit och, wann elo en europäesche Mindestloun kënnt, dass och do nach eng Kéier un der Präisschrauf wäert gedréit ginn. Da ginn d’Gromperen, d’Spargelen …, alles wäert nach eng Kéier e bësse méi héich ginn, am Präis an d’Luucht goen. An dat ass e Phenomeen, dee mer an der aktueller Situatioun, mat 20 %, 30 % elo schonn op de Liewensmëttel, sécher- lech mussen an Zukunft am A behalen.
Also mir Piraten stinn deem ganze Mindestloun fir d’Europäesch Unioun gutt entgéint, mee mir maachen awer och drop opmierksam, dass mir als Land musse verschidde Virbereedungen treffen, well Lëtzebuerg wäert eeben, wéi virdru gesot, iwwert d’Groussregioun, iwwer gewësse Präisser sécherlech en Impakt spieren. An do gëllt et, elo schonn ze handelen, fir dass, wann déi Mindestléin herno a Kraaft trieden an déi eenzel Parlamenter an Europa déi ëmgesat hunn, mer da fit sinn an dat gutt verdaue kënnen.
Merci.