M. Sven Clement (Piraten)
Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, den Danger Dan huet a sengem Lidd gesot: „Faschisten hören niemals auf, Faschisten zu sein hat die Geschichte gezeigt“. Dat mierke mer haut da ganz gutt. Ech nenne
bewosst keen, mee ech mengen, jiddwereen, deen dat heiten dobausse suivéiert huet, ka sech dat ganz gutt virstellen. Wéinstens weess och den Här Montag – oder a nee, merd!, Freitag heescht en – dann elo, a wéi enger Partei en nach ëmmer nogelauschtert kritt, wien him nach ëmmer gleeft. Bon, dat kann en da bei Iech ausmaachen. Ech freeë mech, wann e bei Iech op der Lëscht steet.
Bref. En Ugrëff op d’Press ass och ëmmer en Ugrëff op d’Pressefräiheet, op d’Meenungsfräiheet an domadder och op d’Demokratie. Eng fräi Press ass als véierte Pouvoir essenziell fir eng fonctionéierend Demokratie. A mir hunn zu Lëtzebuerg déi grouss Chance, an engem Staat ze wunnen, deen d’Pressefräiheet schützt. Mee dat ass net iwwerall esou. Aus China an dem Iran hu mer zum Beispill héieren, wéi d’Covidpandemie an déi domat verbonnen
Aschränkungen och benotzt goufen, fir Journaliste bei hirer Aarbecht ze behënnere fir ze verhënneren, datt d’Ausmooss vun der Pandemie am Land sollt public ginn. Reporter ouni Grenzen bericht och vun enger ganzer Rei Fäll, wou regierungskritesch Journalisten an deene verschiddenste Länner opgrond vun zouene Grenze wéinst der Pandemie net méi ausreese konnten an esou dem Risk vu politescher Verfollegung ausgesat waren. Mat esou Problemer sinn d’Journalist/innen hei zu Lëtzebuerg glécklecherweis net konfrontéiert, mee och un hinnen ass d’Pandemie net spuerlos laanschtgaangen. D’Stéchwuert „Lügenpresse“ an déi domat verbonnen Uschëllegungen an d’Ugrëff op d’Press sinn eppes,
wat mer aus eisen Nopeschlänner scho laang kennen, wat zu Lëtzebuerg bis viru Kuerzem awer marginal war. Uschëllegungen aus der Bevëlkerung, datt d’Press net objektiv wier, mee just vun der Regierung gelenkt géif ginn, fënnt een och hei am Land ëmmer méi, an dat leider zum Deel och bei Persounen, déi net do virdrun zréckzécken, Journalisten ze bedroen, wa se mengen, si wären net objektiv. Dat ass eng besuergniserreegend Entwécklung, déi een net onkommentéiert stoen däerf loossen. An duerfir soen ech dem Kolleeg Guy Arendt villmools Merci, datt en dëse Sujet op den Ordre du jour gesat huet. Jo, heiansdo liest een an der Zeitung Saachen, déi
engem net gefalen. A grad wann ee sech dem politeschen Debat stellt, da kënnt dat méi oft vir. Ech mengen, dat ass eis alleguerten heibanne scho geschitt, datt mer eppes gelies hunn, héieren hunn, wat eis net gefall huet. Déi eng reege sech dann op, et misst een no de Leaks sichen, déi aner werfen der Oppositioun vir, si sollen net mat der Press schwätzen, déi aner reege sech driwwer op, datt d’Press Quellen zitéiert huet, déi hinnen incredibel virkommen. Bref, um Enn vum Dag ass et d’Recht vun de Journalist/innen, fir sech op déi Quellen ze beruffen, wou se wëllen, an dat dann ze assuméieren.
Heiansdo deet d’Berichterstattung wéi! Heiansdo fillt ee sech ongerecht behandelt! A jo, heiansdo iere sech och d’Journalisten! Kee behaapt, datt d’Journalisten onfeelbar wären. A jiddwereen huet d’Recht, sech opgrond vun engem Bericht bei der Press ze mellen, fir Fakte kloerzestellen, wann en da mengt, datt eppes falsch duergestallt gouf. Et huet een awer net d’Recht, Journalisten ze bedroen, well se net dat schreiwen, wat ee wëllt. Ze bedaueren,
datt d’Press net fräi wier a just mat der Politik géif matlafen, an dann hinzegoen a Journalisten ënner Drock ze setzen, datt se dat solle schreiwen, wat ee selwer liese wëllt, féiert jo kaum zu méi Meenungsfräiheet oder Pressefräiheet. Mat perséinlechen Attacken, Uschëllegungen oder Erpressungen erreecht een absolutt näischt, ausser vläicht en Telefon vun der Police, well d’Journalist/inne sech dat, zu Recht, net gefale loossen. Mir hunn d’Chance, an engem Land ze wunnen, an deem jiddweree seng Meenung fräi äussere kann, ob
mer se deelen oder net. Wann een en Artikel, eng Tëlees- oder eng Radiosemissioun gesäit bezéiungsweis héiert, dann hält keen een dovunner of, dorop ze reagéieren. Vum klassesche Lieserbréif bis zu
engem Video op Social Media steet et jiddwerengem absolutt fräi, eng Reaktioun ze publizéieren a Punkten ze kommentéieren oder richtegzestellen. An natierlech kann een dat och ausserhalb vun der Place publique maachen, andeems een de Journalisten eng
Reaktioun zoukomme léisst, ouni se ze verëffentlechen, oder eng Plainte beim Presserot deposéiert. Dofir gëtt et de Presserot! Esou gesäit nämlech geliefte Meenungsvillfalt aus. Do geet et ëm Inhalter an Diskussiounen an net drëms, engem Angscht ze maachen, een ënner Drock ze setzen duerch Droungen, Gewalt oder eeben och
finanziell Konsequenze vun de sougenannte SLAPPSuits. Well wann een net emol als Éischt bei de Presserot geet, fir do eppes ze denoncéieren, an direkt bei de Parquet geet, fir eng Plainte ze deposéieren, ma da beweist een, aus wat fir engem Holz ee geschnidden ass! Da weist een, datt et engem nëmmen drëm geet,
fir onnéidegen Drock op Journalistinnen a Journalisten opzebauen an domadder ze probéieren, d’Journalisten dozou ze kréien, dat ze schreiwen, wat ee selwer héiere wëllt, well ee vläicht eng absolutt
minoritär Meenung vertrueden huet. Mir hu Gesetzer, déi d’Meenungsfräiheet a Journaliste schützen. An ech mengen, datt dat gutt ass, datt mer déi musse stäerken an datt mer virun allem als
Chamber Droungen an onnëtz Plainten net kënnen
onwiddersprach stoe loossen.
Ech soen Iech Merci.