Heure d’actualité du groupe politique DP au sujet de l’approvisionnement national en eau potable

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Op Ärem Gebuertsdag geet et jo vill ëm d’Waasser
haut. De Weltwaasserdag …
M. Fernand Etgen, Président | Dat ass, well ech es
esou vill drénken.
(Hilarité)
M. Marc Goergen (Piraten) | Ech sinn dovun ausgaangen, Här President.
(Interruption)
Um Weltwaasserdag soll een awer och nach eng
Kéier drun erënneren, dass weltwäit net jiddereen
d’Chance huet, fir proppert oder iwwerhaapt Drénkwaasser ze hunn. Et sinn iwwer 800 Millioune Leit, déi
net déi Chance hunn. An déi Zuel, déi ech erausgesicht hunn, wéi mer op de Regierungssäiten ënnerwee waren, well déi wierklech informativ sinn – do
kann ee se och eemol luewen –, op ëmwelt.lu, dat ass
déi, an déi huet mech e bësse schockéiert, dass all
Dag 5.000 Kanner stierwen, well se direkt oder indirekt mat knaschtegem Waasser a Kontakt kommen.
Dat huet mech e bësse schockéiert, dass déi Zuel
esou héich ass. Fir et nach eng Kéier ze soen: 5.000
Kanner, wéi um Regierungssite steet.
Dofir ass et och ëmsou méi wichteg, wa mer eng
Aussepolitik an eng Wirtschaftspolitik maachen, dass
mer och do d’Waasser mat am A behalen. Et kann net
sinn, dass mer a verschidde Länner fueren an do déi
schéinsten Deale maachen – also Dir als Regierung –
an awer vläicht net iwwert d’Theema Waasser schwätzen, net kucken, ob déi Leit och dat Waasser hunn.
Huele mer vläicht Länner wéi Dubai, ech mengen, déi
waren elo ganz negativ opgefall mat hirem Waasserverbrauch, déi Megacity, dat ass en Theema, dat ee
muss uschwätzen. Ech mengen, et kann ee vill Theemen uschwätzen, mee awer och de Waasserverbrauch, de Waasserverbrauch an esou enger Megacity,
wann een op esou eng Expo geet an dat finanzéiert. A
grad dat – et si jo elo e puer Leit, déi dohinnerfléien,
also, ech war nach ni do, ech fléien och net mat, mee e
puer Leit awer – ass bekanntlech eng Wüüst, fir déi,
déi et nach net woussten. Dat heescht, mir musse
kucken, wa mer wierklech mat deene Pavillonen an
allem ënnerwee sinn, vläicht an eiser Aussepolitik an
an eiser Wirtschaftspolitik och e bësse méi Wäert op
d’Waasser ze leeën, wa mer wëssen, dass all Dag
5.000 Kanner stierwen oder 800 Millioune Leit nach
ëmmer net déi Moyenen hunn.
Dofir soe mir Piraten och ganz kloer, dass d’Waasser
néierens op der Welt dierf privatiséiert ginn. Mir wieren eis konsequent géint eng grouss Firma, déi mat
engem „N“ ufänkt a mat „estlé“ ophält.
Une voix | Très bien!
M. Marc Goergen (Piraten) | Dat ass fir eis e Skandal,
wann ee kuckt, wéi déi zu Vittel oder enzwousch
anescht hir Waasserproduktioun kommerzialiséieren
an déi Leit do herno näischt méi hunn! Firwat schwätzen ech dat un? Dat ass elo net direkt Lëtzebuerg, an
awer, déi sinn nämlech hei an der Vente. Dat kann een
alles awer hei zu Lëtzebuerg konsuméieren, et kann
een et kafen. Sécherlech ass de Konsument do ze sensibiliséieren, mee et ass awer vläicht och ze soen, dass
verschidde Firmen … Déi Firma, déi ech elo genannt
hunn, déi ass an Afrika nach vill méi schlëmm ënnerwee, wéi se dat zu Vittel oder iergendzwousch a
Frankräich mécht. Ech mengen, déi Dossiere sinn Iech
alleguerte bekannt.
Dofir soe mir Piraten ganz kloer, dass d’Waasser op
kee Fall dierf privatiséiert ginn!
Une voix | Très bien!
M. Marc Goergen (Piraten) | Zu Lëtzebuerg hu mir –
zumindest an deem Gemengerot, wou ech vertruede
sinn – scho méi oft d’Positioun ageholl, dass mer der
Meenung sinn, dass de Waasserpräis muss verännert
ginn. Mir Piraten sinn net der Meenung, dass de Fix
esou héich soll sinn, mee dofir awer de Variabel vu
mir aus 10-, 20-, 30-mol méi héich. Well et ka jo net
sinn, dass een, dee vill verbraucht, doduerch, dass de
Fix schonn héich ass, herno awer net esou, kommt,
mir nennen et „richteg bestrooft“ gëtt, wann en dann
Ëmweltschied mécht an d’Waasser quasi verhonzt fir
de Pool, den Auto oder wat net nach alles, an do effektiv net esou vill méi bezilt.
Dat heescht, de Fix muss erof, dofir muss de Variabel
awer vill méi héich sinn, wann ee vill méi Waasser
verbraucht. Ech weess, dat ass eng kleng Revolutioun
am Waasserpräis, mee dat ass awer d’Meenung, déi
mir Piraten vertrieden, dass de Fix erof muss goen,
dass de Variabel muss vill méi héich sinn, fir dass ee
ganz kloer do kann usetzen, wou ze vill Waasser verbraucht gëtt.
An et ass jo schonn e puermol ugeklongen, dass
Lëtzebuerg dann iergendeng Kéier wëllt d’Musel unzapen. Do ass awer meng Fro dann un d’Ëmweltministesch, wéi et dann do ass mat de Reschter vu
Cattenom, well bekanntlech gëtt Cattenom gespullt
duerch d’Musel. Wéi ass et dann do mat de Reschter,
déi do herno wäerten dra sinn? Dat ass awer fir mech
elo e bësse riskant, wa mer herno soen, d’Leit sollen
dat drénken, wa Cattenom domadder seng Reaktere
spullt.
(Brouhaha)
Dann hu mir och schonn e puermol, zumindest op
kommunaler Ebene, ugemierkt, national ass dat e
bësse méi schwiereg, dofir war ech e bësse verwonnert
iwwert dee grénge Spriecher: Mee wann ee Waasser
wëllt spueren, kann een direkt higoen an zum Beispill
d’Gebaier esou maachen, dass se Reewaasser opfänken.
Une voix | Natierlech!
M. Marc Goergen (Piraten) | Jo, Dir sot „natierlech“,
mee mir ass awer elo net bekannt, dass Äre Bauteminister dat grouss op all de Gebaier elo gemaach hätt
rezent. Also fir all déi Gebaier, déi hei duerch d’Chamber gaange sinn, do mengen ech net, dass do grouss
op de Waasserschutz oder iergendeppes esou opgepasst ginn ass.
Une voix | Ech menge schonn!
M. Marc Goergen (Piraten) | Dir kënnt mir da jo nach
erklären, wéi eng Gebaier konkreet zum Beispill
Toilettë mat Reewaasserversuergung hunn oder soss
eppes. Dat géif mech nawell interesséieren! Wéi eng
grouss Projeten hutt Dir als gréng Partei do am
Bauteministère matkritt?
Dann nach eng Fro un d’Ministesch. Ech hat jo e puer
Question-parlementairë gestallt, mee Dir kënnt mer hei
nach eng Kéier soen, well dat hat ech nach net gefrot,
wat dann elo geschitt, wann de Stau eidel gemaach
gëtt, wéi mer da mat der Drénkwaasserversuergung
hei zu Lëtzebuerg iwwert d’Ronne kommen, well da
feelt jo awer eng ganz grouss Quantitéit. Wësst Der do
schonn, wéi Der dat géift maachen? Dir hutt mer gesot,
et géif an e puer Joer iergendeng Kéier dozou kommen.
Wéi géif dat da stattfannen?
An dann nach, meng Zäit ass ëm, eng ganz kleng
Anekdot – an ech wëll dem Här Graas och Merci soe fir
seng Heure d’actualité –, déi dem Här Graas vläicht och
gefält. Et ass nämlech esou, dass een op d’Sportfëscher
muss lauschteren a kucken, well si sinn déi, déi als
Éischt matkréien, wann an eise Gewässer eppes net
fonctionéiert. An dofir si si déi, déi eigentlech wichteg
sinn, fir dat ënner Kontroll ze halen.
Merci.
Plusieurs voix | Très bien!
M. Sven Clement (Piraten) | Ganz gutt

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat