Heure d’actualité du groupe politique CSV sur la perte du pouvoir d’achat des ménages

M. Sven Clement (Piraten) | Här President, léif
Kolleeginnen a Kolleegen, ech soen als Éischt emol
deem Här Roth Merci fir d’Ufro vun dëser Aktualitéitsstonn, wëll awer gläichzäiteg soen, datt ech mer awer
iergendwéi e bësse méi Klarifikatiounen an der Invitatioun gewënscht hätt wéi nëmmen iwwert, jo, …
(Interruption)
Jo, et ass ëm alles gaangen. Mir kéinten elo iwwer
Logement schwätzen, mir kéinten iwwert d’Energiepräisser schwätzen, ech mengen, datt d’Kafkraaft
esou e vast Theema ass, datt een et och net an eng
Heure d’actualité ka paken, wat jo och e bëssen en
Zeechen ass, datt mer elo scho fir d’drëtte Kéier, wéi e
Virriedner et scho gesot huet, iwwert d’Kafkraaft hei
zu Lëtzebuerg musse schwätzen.
Ech mengen, ech kommen op een Theema, op een
Element vun der Kafkraaftproblematik, an dat ass
natierlech d’Energie.
Une voix | Jo.
(M. Mars Di Bartolomeo prend la présidence.)
M. Sven Clement (Piraten) | Virun allem fir déi akommesschwächste Stéit ass et am Moment schwéier,
iwwert d’Ronnen ze kommen. Um Enn vum Portmonni
ass nach vill Mount iwwreg. Dat ass e Constat, dee méi
a méi Famillje maachen. An dann hoffe mer nach, datt
d’Zënsen net elo och nach iergendwann an d’Luucht
ginn, well dann ass net nëmmen um Enn vum
Portmonni nach vill Mount iwwreg, mee da fänkt et
och nach un, ganz batter ze ginn, fir de Prêt um
Immobilier zréckzebezuelen, deen haut heefeg schonn
ganz, ganz enk berechent ass.
Mir Piraten, dat weess een, sti fir e generellt an universellt Grondakommes. Dëst kéint, wann et indexéiert
wär, natierlech och an esou Situatioune wéi där heiter
offiederen. Dat géif existenziell Ängschten huelen. An
ech mengen, datt een esou Ängschten huet, ass
verständlech, wann de Gaspräis ëm 110 % innerhalb
vu véier Méint an d’Luucht gaangen ass.
Well mir Piraten awer déi eenzeg Partei sinn, déi e
Grondakommes am Programm stoen huet a mer
awer och kuerzfristeg Mesurë brauchen, wëll ech elo
an deenen nächste Minutten op déi agoen.
(Brouhaha)
Duerch dës Verduebelung vun de Gaspräisser denke
mir Piraten, datt et virun allem hei ass, wou de Staat
muss usetzen, fir d’Stéit ze entlaaschten.
Dofir deposéieren ech dann hei och eng Motioun,
wou mer de Staat opfuerderen, de Plus un TVA, deen
e säit September duerch klammend Gaspräisser
ageholl huet, de Konsumenten erëm a Form vun
enger Aide zréckzebezuelen.
Här President.

Mir hunn et eng Kéier duerchgerechent: De Staat
verdéngt pro Stot am Moment 100 Euro d’Joer méi,
just duerch d’steigend Gaspräisser, op der TVA. Ech
schwätzen net vun deenen aneren Taxen, déi sinn
nämlech net proportionell. Déi sinn an absolutten
Terme beim Gas. Mee aleng beim Gas sinn et 100
Euro pro Stot, fir ee Joer.
Wa mer dat natierlech elo och nach op de Brennes an
op de Pëtrol duerchdeklinéieren, dann huet de Staat
iwwerproportional vun dëse Präishaussë profitéiert,
well grad beim Brennes sinn et net nëmmen absolutt
Taxen, mee do sinn et proportional Taxen, déi
grevéieren, respektiv d’Droit-d’accisen. An ech
mengen, och do, dat hu mer elo net agebaut, kéint
de Staat entgéintkommen. An ech mengen, datt esou
och d’Klimabonusse kéinte finanzéiert ginn.
Här President, d’Regierung huet d’Allocation de vie
chère an de REVIS mam leschte Budgetsgesetz
gehéicht. A wéi schonn am Dezember gesot, fanne mir
Piraten, datt een d’Aiden u sech automatesch misst pro
Mount kréien a Form vun engem Steierkreditt, respektiv a Form vun enger direkter Ausbezuelung. Well et
ass jo schéin, eemol am Joer eng Primm ze kréien, mee
d’Leit kënne sech awer besser organiséieren, wann dat
Akommes monatlech disponibel wier.
D’Kolleege vun der LSAP kënne sech scheinbar net an
der Regierung duerchsetzen, well vill ze wéineg Leit
kommen nach ëmmer fir dës Suen a Fro. Dat gouf
haut och ugeschwat. Ech mengen de Seuil fir d’Allocation de vie chère ass am Moment ze niddreg. Do
musse mer net ronderëm de Bräi schwätzen. Do
kënne mer einfach soen: En ass ze niddreg, kommt,
mir maachen eppes dogéint, kommt, mir héije genau
deen. Well wann ee mam Mindestloun, mam qualifizéierte Mindestloun zu Lëtzebuerg net méi dovu profitéiere kann … Et ka mer elo kee behaapten, datt et
deene Leit richteg gutt geet!
Am Kader vun de steigenden Energiepräisser, an och
dat hu mer haut erëm héieren, ass dann natierlech och
op d’CO2-Steier geklappt ginn, eng CO2-Steier, déi eis
prinzipiell net onsympathesch ass, well se u sech och e
Staatszil begleet. Mee mir géifen awer léiwer vun
enger negativer CO2-Steier, engem Klimabonus
ausgoen. Esou géife mer nämlech wierklech encouragéieren, motivéieren, fir alleguerten zesumme géint de
Klimawandel ze kämpfen, well een den Netverbrauch
géif belounen, anstatt datt een de Verbrauch géif
direkt besteieren.
Nach eng Kéier ganz kuerz als Rappell – ech hunn et an
der Budgetsried méi wéi laang a breet duergeluecht -:
Mir Pirate proposéiere fir den Ufank e Seuil vun aacht
Tonnen – dat ass manner wéi dat, wat den
Duerchschnëttslëtzebuerger am Moment emettéiert -,
deen ee ka verbrauchen. A jiddereen, deen ënnert
dësen aacht Tonne bleift, dee kritt eppes eraus. A jiddwereen deen driwwer geet, deen, ben, dee bezilt. Just,
fir eng Kéier ze soen: Domadder ass en Transatlantikvol natierlech dat, wat de Budget quasi direkt
opbraucht. Wann een awer mat der Famill mam Auto
op d’belsch Plage fiert, dann ass dat méi ökologesch,
wéi aleng iwwert den Atlantik ze fléien

Ech deposéieren an deem Sënn dann och nach eng
Motioun, fir datt eng Etüd soll gemaach ginn, fir
d’Méiglechkeet vun enger Aféierung vun engem
Klimabonus ze analyséieren.
Här President.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, déi
héich Präisser sinn an éischter Linn also e kuerzfristege Problem. Mir brauchen dofir virun allem kuerzfristeg Hëllefe fir déi Stéit, déi et wierklech brauchen.
De Staat soll net nach vun dëse Präishaussë profitéieren, mee de Plus un Einnamen direkt, an net eréischt
mam nächste Budget, zréck un d’Leit ginn.
Mir brauchen och eng Allocation de vie chère, déi méi
Leit zegutt kënnt an déi d’Leit méi einfach a méi oft
mussen ausbezuelt kréien. Mir brauchen awer och
laangfristeg Alternativen. Dofir hoffen ech, datt eng
Majoritéit heibanne bereet ass, analyséieren ze
loossen, ob e Klimabonus esou eng Alternativ wär.
A schlussendlech musse mer elo well géigesteieren,
well wann elo och nach d’Zënse klamme sollten, wat
jo awer ugedeit gëtt, da kënnt eng weider Ëmverdeelung vun ënnen no uewen. An dat kéint eng richteg
Katastroph ginn. Do geet et net méi duer, sech fir
d’Vergaangenheet op d’Schëller ze klappen, mee do
muss een d’Jalone fir d’Zukunft setzen.
Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Den LCGB huet matgedeelt, datt d’Sécherheetsfirma Protection Unit hir Aktivitéiten astellt an ee Repreneur sicht. D’Firma schafft fir eng Villzuel u staatleche Verwaltungen, parastaatlechen
Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen