M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Jo, den ëffentlechen Transport ass am ganze Land, an
dat ass elo gutt, e gratis Service, deen de Staat senge
Bierger offréiert.
A wann ee ganz éierlech ass, huet Lëtzebuerg awer
eng super Offer un ëffentlechem Transport. Wann
een e bëssen am Ausland ënnerwee ass, weess een
ze schätzen, wéi vill hei investéiert gëtt a wéi gutt den
Takt ass.
Sécherlech kann een elo an deene méi ländleche Regiounen nach vill Punkte fannen, wou den ëffentlechen Transport net esou gutt ugebonnen ass. An do si mer och der Meenung, dass all Bierger am Land dee selwechte Service soll ugebuede kréien. Et kann net
sinn, dass et ofhängeg ass vun der Regioun, wéi gutt
herno den ëffentlechen Transport accessibel ass.
Et gëtt zwee ënnerschiddlech Benotzer, déi all Dag
den ëffentlechen Transport benotzen. Dat sinn déi
eng, déi probéieren, mam ëffentlechen Transport op
d’Aarbecht ze kommen. An et sinn déi aner, déi éischter fir Fräizäitaktivitéiten, sief et, fir akafen ze goen,
sief et, fir Kolleegen ze treffen, den ëffentlechen
Transport mussen huelen.
An dann hu mer do awer nach eng Ënnerkategorie,
an dat ass wichteg an där Strategie. Et sinn déi eng,
déi huelen e fräiwëlleg, loossen den Auto stoen, well
se déi Méiglechkeet hunn, well den ëffentlechen
Transport esou opgewäert ass, och am ländleche
Raum, dass se den Auto stoe loossen a fräiwëlleg
an de Bus oder Zuch klammen. A mir hunn awer déi
aner, déi keen Auto oder kee Fürerschäin hunn oder
am Alter sinn an de Fürerschäi schonn ofginn hunn
an deementspriechend net kënne fueren. An dat
ass e Punkt, deen an der Strategie vum ëffentlechen
Transport am ländleche Raum ganz wichteg ass.
An do komme mer och bei d’Thema vum Ruffbus.
Eis Piraten schwieft vir, dass mer de Ruffbus ausbauen an zwar änlech no engem Hub-System. Dat ass ganz einfach esou: E Ruffbus soll net do sinn, wéi et virdrun hei ugeklongen ass, wéi en Taxi, deen een duerch d’ganzt Land féiert. Nee! E Ruffbus soll do
sinn, wou e grousse Bus kee Sënn mécht, well d’Statistik ganz einfach seet: Do fueren net genuch Leit. Da mécht et kee Sënn, do e grousse Bus hin ze schécken oder e Bus mat enger fester Linn, wou dann dräimol am Dag vläicht ee matfiert an déi aner 15 Busser fueren eidel. Dofir ass eis Iddi ganz kloer e Ruffbus, deen
op deen nächste gréisstméigleche Punkt fiert, wou
een da seng Verbindung kritt fir dohinner, wou ee
wëllt. Dat wär nämlech d’Léisung.
Do hu mer nämlech de Problem. An ech verstinn
d’Leit, déi sech do opreegen, dass duerch hir Stroossen op eemol grouss Busser fueren, déi eidel sinn.
Mee mir kéinten higoen a kleng Busser – wou mer en
plus kéinten Elektrobusser asetzen an esou d’Ëmwelt
schounen – vill méi ëmweltfrëndlech asetzen.
Et ass och esou, dass dat Ganzt muss digital begleet
ginn. Wa mer wëllen de Bus méi attraktiv maachen,
muss et ganz einfach sinn, iwwer säi Smartphone
herno e Ruffbus am ländleche Raum oder vläicht och
e Linnebus vill méi einfach ze koordinéieren an ze
ruffen.
Jo, an do si mer och bei deene Jonken. Et ass vill geschwat ginn hei vun daagsiwwer. Mee wat mécht een
dann owes, wann een emol eng Kéier wëllt erausgoen? Ech mengen, mer liewe jo net alleguerte just
fir ze schaffen. Et geet ee jo och emol owes eng Kéier
gären eraus. Do ass et, a mir hunn dat e bëssen nogesicht, am ländleche Raum awer zimmlech mau mat de
Late-Night-Busser, wat awer fir déi Jonk, fir de sozialen Zesummenhalt, immens wichteg ass. Well mir soe
jo och, dass se, wa se eng Kéier eppes anescht wéi
Waasser drénken, net solle mam Auto fueren. Mee da
soll een awer och déi Late-Night-Busser souwuel fir
de ländleche Raum wéi fir deen anere Raum kënnen
ubidden. An do sinn awer nach ganz vill Lächer am
Netz, soudass de Late-Night-Bus e wichtege Facteur
ass, deen nach muss ausgebaut ginn.
Dat selwecht, an dat mierken ech och doënne bei mir
am Dräilännereck: Et muss vill méi mat der Groussregioun zesummegeschafft ginn! Wa mer wëllen,
dass déi Clientèle, déi ech virdru genannt hunn, op
d’Aarbecht soll kommen, a mir wëssen, dass dat ganz
vill Frontaliere sinn, da muss an der Groussregioun
vill méi mat de Buslinnen zesummegeschafft ginn, fir
dass mer dat vill méi attraktiv maachen an den Auto
stoe bleift.
An dann nach eng Kéier eng Fuerderung, déi mir als
Piraten jo schonn e puermol ubruecht hunn: Dass
endlech an all Bus och Wi-Fi wär! Well ech mengen,
dat ass eent vun den Argumenter, fir net mam Auto
am Stau ze stoen an net um Handy ze spillen. Ech
soen et nach eng Kéier: Net um Handy spillen! Mee
dass d’Leit kënne bequeem mam Bus fueren, Wi-Fi
fir näischt, a jidderee ka moies seng Zeitung ganz bequeem um iPad oder Smartphone liesen. Mee mir si leider zu Lëtzebuerg nach net esou wäit, dass d’Busser alleguerten de gratis Internet ubidden. Dat wär awer nach e klenge Boni méi, fir dass d’Leit géifen
den Auto stoe loossen. A mir hätten eppes fir de Klimaschutz gemaach.
A merci dem Aly Kaes fir d’Ufroe vun der Heure
d’actualité
- April 15, 2025
- 1:15 pm
- Logement, Parlamentaresch Froen, Wirtschaft
D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun