Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet des capacités de production alimentaire européennes ainsi que les questions en matière d’approvisionnement à la suite de l’invasion de l’Ukraine par la Russie.

M. Marc Goergen (Piraten)

Merci, Här President.
Och dës Heure d’actualité geet op d’Invasioun an der Ukrain zréck. An ech erspueren Iech elo nach eng Kéier alleguerten déi selwecht Prozentzuelen, déi ech erausgesicht hat, wéi schonn d’Virriedner. Wat mer awer ganz wichteg ass, ass déi Tatsaach, dass d’Experte sech alleguerten eens sinn, dass grad d’Ukrain wäert an eng Hongersnout geroden. An do schwätze mer net vun enger Reduktioun oder iergendeppes, mee do gëtt et einfach näischt méi ze bäissen. Dat ass
ee vun de wichtege Punkten, dee mer net dierfen an der ganzer Diskussioun vergiessen. Jo, och hei am Land wäerten d’Präisser fir déi eenzel Narungsmëttelen an d’Luucht goen. An ech misst léien, wann ech Iech elo géif soen, ech hätt do iergendeng Wonnerléisung. Also mir als Piraten sinn och do ganz éierlech. Et ass een zimmlech limitéiert als Politiker, fir dorobber kënnen anzewierken, fir dass déi Präisser net wäerten duerch d’Decke goen. Sécherlech hu mer
zu Lëtzebuerg – an dat ass e grousse Virdeel – Instrumenter wéi den Index, mat deem mer de Leit, wann déi Präisser an d’Luucht ginn, kënne bäistoen, wann och réckwierkend. An dofir soe mir och ganz kloer, dass esou Instrumenter wéi den Index och kënnen zweemol d’Joer, a wann et muss sinn dräimol d’Joer, ausbezuelt ginn an net, wéi eenzel Stëmmen dat wëllen, op eemol am Joer oder all zwee Joer limitéiert solle ginn. Et ass awer och esou, dass mir Piraten der Meenung sinn, dass an der Europäescher Unioun nach vill ze vill ewechgeheit gëtt. Mir schwätzen haut e bëssen esou, wéi wann eis Rayonen eidel wären. Also wéi ech d’leschte Kéier an de Supermarché war, huet een, ausser bei de Präisser, déi liicht an d’Luucht gaange sinn, näischt gemierkt. Am Contraire: D’Rayone ware méi wéi voll. An ech mengen, dat ass eigentlech e Luxus, dee
mir an der Europäescher Unioun hunn, deen een net iwwerall op der Welt fënnt. An et ass zwar elo schonn e bëssen hier, et war virun der Pandemie, wéi ech ënnerwee war a Länner, wou de Rayon eigentlech eidel ass, wou d’Leit net wëssen, wat se owes kënne fir ze iesse maachen, wou näischt do ass. An ech mengen net, dass
mir hei – mat aller Kritik, déi ee kann ubréngen – elo an Europa op déi Situatioun wäerten zousteieren. Ech mengen, mir kënnen zu Recht Verschiddenes kritiséieren als Politiker, mee d’Europäesch Unioun wäert et packen, dass mer awer owes nach eppes a mëttes
eppes um Teller hunn, an och nach eppes Waarmes. Dat däerf een, trotz aller Kritik … An ech verstinn och déi verschidden eenzel Mouvementer, fir dann e bëssen Angscht ze maachen. Mee et ass net dat. Eis Europäesch Unioun, an ech mengen och Lëtzebuerg, wann ee kuckt, eis Bauere sinn awer do zimmlech gutt opgestallt. Sécherlech, et däerf een net vergiessen, hinnen déi eenzel Hëllefen ze ginn, och d’Energiepräisser an alles lafe bei hinne fort, mee bon, do kann d’Regierung herno och just eng Korrektioun maachen, well och d’Regierung do net déi eenzel Energiepräisser weltwäit wäert festleeën. Dat heescht, dat Eenzegt, wat d’Regierung … – de Minister wäert dat herno sécherlech soen –, si wäerten de Baueren hëllefen, wann déi Präishaussë kommen, fir d’Produktioun selwer, fir den
Dünger an déi eenzel elementar Saachen, mee Lëtzebuerg ass net am Stand, selwer elo déi ganz Düngeren an alles hierzestellen, fir de Baueren direkt ze hëllefen. Mir Piraten sinn och net der Meenung, dass een elo d’Klimakris soll vergiessen an einfach do alles iwwer
Bord geheien, wat ee wëlles hat. Am Contraire: Dës Kris an der Alimentatioun, déi wäert eigentlech weisen, dass ee schonn hätt misse virdru vill méi op Bio setzen, vill méi op lokal Produkter, fir dass ee vill méi onofhängeg wier vun deenen anere Länner. A mir hunn eeben zu Lëtzebuerg d’Chance, dass mer eis och duerch d’Meteo an duerch den Knowhow vun eise Baueren zimmlech gutt zumindest mat den déieresche Produkter versuerge kënnen.
An, bon, ech sinn do och ganz éierlech: Den Apel oder d’Äerdbier oder wat och alles muss een net d’ganzt Joer hunn. Ech weess, an der Tëschenzäit ginn d’Kanner ewell gewinnt, dass een zu all Zäit, zu all Moment alles a senge Rayonen huet. Ech sinn do kee Fan dervun. Meng Bom seet nach ëmmer …, si keeft och am Cactus – an
engem Supermarché – just dat, wat se fréier grad ëmmer am Gaart hat. An ech hu mer déi Philosophie och ugëeegent, well kuckt een eng Kéi r, vu wou déi Produkter herno mussen hierkommen, ass dat och net méi esou gesond. Deementspriechend: Mir Piraten gesinn et problematesch, dass d’Präisser an d’Luucht wäerte goen. Mir hunn awer zu Lëtzebuerg e stabillt Instrument mam Index, fir dat e bëssen ofzefiederen. Mir gesinn awer net, dass am Moment iergendwellech grouss Enkpäss do wieren. Et kënne vläicht herno … Wat ass et am Moment? E gewëssenen Ueleg, deen an de Supermarchéen op eemol ausverkaf ass, wou kee Mënsch weess, firwat, well eigentlech sinn et Hamsterkeef. Et kënnt es nach no, mee d’Press huet op eemol geschriwwen, den Ueleg wär ausverkaf. Mir sinn awer net der Meenung, dass ee muer am grousse Stil hei zu Lëtzebuerg – wat jo haut d’Theema ass – an an der Europäescher Unioun wäert
virun eidele Rayone stoen, mee dass mer awer gutt opgestallt sinn, fir eis weiderhin ze versuergen.
Merci.

Zesummenhang posts

A ville Länner ginn neigebuere Kanner kuerz no hirer Gebuert am Kader vum Dépistage néonatal op verschidde selte Krankheet getest. Zil vum Screening ass
LU-CIX ass een nationalen Internet exchange Point zu Lëtzebuerg, deen als Service de Schutz vu kritesch Netzer an Hosts proposéiert. D’Asbl gëtt et säit
D’Verwaltungsgeriicht huet rezent jugéiert, dass de Staat engem Flüchtling, deen eleng geflücht war, op Basis vun eiser Gesetzeslag net kann eng Wunneng refuséieren (Arrêt