Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de la position du Gouvernement face à la situation actuelle en Ukraine

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, u Krisen an Erausfuerderunge mangelt et jo an der haiteger Zäit sécherlech
net. Grouss Feieren, Iwwerschwemmungen, Stierm,
Cyberugrëff, terroristesch Ugrëff, a jo, wéi mer elo
wëssen, och Pandemië si Bedroungen, op déi sech
Länner sollte virbereeden. An do däerf Lëtzebuerg
net hannen ustoen!
D’Klimaverännerunge maache sech ëmmer méi bemierkbar a mir kréien esou lues alleguerten d’Konsequenze vun eisem schounungslosen Ëmgang mat
eiser Ëmwelt ze spieren. Gläichzäiteg geet d’Weltbevëlkerung ëmmer weider an d’Luucht, wat de Risiko
vu Pandemien erhéicht, an d’Konflikter tëscht de
Mënschen huele mat der Digitaliséierung nei Formen
un.
Do ass et sécher net verkéiert, wa mer haut mam virleiende Gesetzesprojet eisem Haut-Commissariat à
la protection nationale an domadder och de Servicer
vun der Agence nationale de la sécurité des systèmes
d’information – dat ass déi ominéis ANSSI –, dem
Centre de traitement des urgences informatiques
CERT, op Englesch Computer Emergency Response
Team, an dem Service de la communication de crise,
dem SCC, eng stabill legal Basis ginn, déi, an dat
hunn d’Virriedner jo gesot, aktuell feelt.
Et geet hei also manner drëm, um Fonctionnement
vun dëse Servicer eppes Grondleeëndes ze veränneren, wéi dorëm, hir aktuell Fonctiounen emol endlech
gesetzlech ze verankeren. An dat gëllt net nëmme fir
d’Servicer, mee zum Beispill och fir de Poste vum Directeur adjoint um Niveau vum HCPN, e Posten, deen
et am Organigramm schonn zanter 2016 gouf, deen
am aktuelle Gesetz awer nach guer net existéiert.
Sechs Joer!
Mir stinn hei also nees virun enger Situatioun, bei
där op Regierungsniveau laanscht d’Chamber Entscheedunge getraff goufen, soudatt schlussendlech
eng stabill Base légale gefeelt huet. An och dat ass u
sech näischt Neits. Am Ufank hu mech esou Fäll nach
immens opgereegt, well ech geduecht hunn, datt
esou eppes dach guer net méiglech wier. Mee esou
lues kréien ech den Androck, datt dat awer e bëssen eppes typesch Lëtzebuergesches ass an datt dat
ausser mir och net vill Leit heibannen nach wierklech
opreegt.
Une voix | Bravo!
M. Sven Clement (Piraten) | Well tëscht dem Moment, wou opfält, datt d’legal Basis Lücken huet oder
guer net do ass oder vläicht souguer national oder op
EU-Niveau net verfassungskonform ass – a Beispiller
gëtt et genuch –, an deem Moment, wou dann och
tatsächlech e Gesetz gestëmmt gëtt, fir dëse Problem
dann endlech ze behiewen, verginn zu Lëtzebuerg
gären emol e puer Joer, an deene vun engem Gefill
vun enger Urgence näischt oder zumindest net vill ze
spieren ass. Ëmsou méi frou sinn ech dann, léif Kolleeginnen a Kolleegen, datt dëse Projet säi Wee gepackt huet an haut ka gestëmmt ginn.
An ech hoffen natierlech, datt déi vill aner Projeten,
déi néideg sinn, fir bekannt Gesetzeslücken oder Problemer an aktuellen Texter auszebesseren, schlussendlech dann och nach hei ukomme wäerten.
Ech soen Iech Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat