M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif
Kolleeginnen a Kolleegen, „smart economy“, „prosumer“, „circular economy“, dës an nach ganz aner Anglizisme waren an de leschte Joren d’Trendwierder a ville
Ministèren. Et wéilt een et aneschters maache wéi all
déi aner virdrun: besser, …
Une voix | Genau!
M. Sven Clement (Piraten) | … nohalteg, zirkulär!
(Interruption)
Eng drëtt industriell Revolutioun gouf ugekënnegt.
Iwwert d’Ziele vun deenen industrielle Revolutioune
loossen ech mech elo net aus, well aleng dofir géif
meng Zäit komplett dropgoen. Ob mer dann elo
wierklech bei der drëtter oder vläicht souguer scho
bei der véierter misste sinn, ass nämlech och eppes,
wat breet debattéiert gëtt.
De sougenannte Rifkin-Prozess, benannt also nom
amerikaneschen Ekonomist a virun allem Publizist
Rifkin, soll Lëtzebuerg prett maache fir dat 21. Joerhonnert – ewech vu fossillen Energien, baséiert op erneierbaren Energiequellen. Fir dës wäertvoll Energien
net ze verbëtzen, mussen d’Objeten, déi domadder
gefiddert ginn, esou ressourceneffizient wéi nëmme
méiglech konzipéiert ginn. An dat féiert eis dann zu
der Digitaliséierung an der Prozessoptimiséierung.
Duerch en Zesummeleeë vun den digitale Strukture
gëtt all Objet fir säi Gebrauch optiméiert. „Minimal
input, maximal output, superb quality“, an intelligent
solle se och nach dobäi sinn.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Piraten si mer de
verschiddenen Aspekter vum Rifkin-Prozess net ofgeneigt, well verschidde Punkte spigelen exakt dat erëm,
wat mer eis u sech vun enger moderner an digitaler
Gesellschaft géifen erhoffen. All Biergerin a Bierger
sollt an dëser Gesellschaft, der Visioun no, eng Matgestaltungsméiglechkeet hunn, soll Deel sinn, soll net
nëmme Konsument sinn, mee soll tatsächlech kënne
gestalten, kënne participéieren. Wëssen a Konscht
géife fräi zirkuléieren an „l’usage prime sur la propriété“. Dat entsprécht dach genee eise Leitiddie vun
enger fräier a selbstbestëmmter Gesellschaft.
Mee: D’Realitéit ass aktuell eng aner! De fräien Internet ass net wierklech fräi. E Beispill dofir wäerte mer
haut nach eng Kéier diskutéieren. Mir hunn d’Copyright-Direktiven, déi d’Majoritéit haut no dëser Aktualitéitsstonn dann ofstëmme wäert an déi d’Notzung
vum Internet net méi fräi, mee éischter manner fräi
wäerte maachen. Duerch déi Gesetzer maache mer
nämlech de Wee fräi fir Uploadfilteren, staatlech virgeschriwwen Zensuren, déi den Zougang zum fräien
Internet wäerten aschränken. Mee dorop kommen
ech herno nach eng Kéier zréck.
Här President, et ass e wäite Wee vun engem renge
Wonschdenke bis zur Realiséierung vun enger wierklech neier Wirtschaftsuerdnung. Dem Rifkin seng
sougenannt „new economy” baut nämlech op enger
Entkoppelung tëscht Energie a Wirtschaftswuesstem
op. An hei ass ze erkennen, datt Lëtzebuerg nach ëmmer eng „old economy“ ass amplaz vun enger „new
economy“, wéi d’Regierung eis wéilt gleewen doen.
An dofir brauche mer eis u sech just d’Zuele vum Statec unzekucken. Dobäi kann een nämlech observéieren, datt de Wirtschaftswuesstem zu Lëtzebuerg nach
ëmmer Hand an Hand geet mam Wuesstem vun den
Aarbechtsplazen an dem doraus logescherweis resultéierenden demografesche Wuesstem. D’Entkopplung
vun eiser Ekonomie vun de klassesche Produktiounsfacteuren Aarbecht a fossill Energien ass zurzäit SollStatus an nach ëmmer net gelongen.
Mir sollten eis dofir hei keng falsch Illusioune maachen. „New economy“ kléngt gutt, schéine Sticker,
schéine Stempel! Mee fir eng wierklech nei Ekonomie
ze kréien, brauche mer och nei sozial Modeller, déi
dorobber ofzilen, d’Participatioun an d’Méiglechkeet
vum Eenzelnen ze erhéijen an d’Deele vu Gidder méi
ze stäerken. Alles aneschters leeft soss dorobber eraus,
datt déi, déi elo schonns vill hunn, weiderhin deenen,
déi näischt hunn, hir Reegele vum Spill diktéieren.
Dofir plädéiere mir Piraten och weiderhin derfir, datt
mer eis Ekonomie nei gestalte mussen, datt mer mussen iwwer nei Remuneratiounsformen, nei sozial
Garantien nodenken a virun allem, datt mer déi Entkopplung vun de klassesche Produktiounsfacteuren
Aarbecht a fossill Energien hikréien. Mee dofir geet et
eeben net duer, nëmme schéin Annoncen ze maachen
an eng schéi Broschür vum Jeremy Rifkin ze hu respektiv sech op d’Schëller ze klappen, wann een an deem
senge Bicher ernimmt gëtt als eng vun de Regierungen, mat deenen ee sou gutt zesummegeschafft hätt.
Nee, et geet net duer, „name-dropping“ ze maachen,
mir mussen endlech „action“ weisen – fir bei deenen
Anglizismen ze bleiwen. Mir musse weisen, datt mer
et kënnen, an net nëmmen driwwer schwätzen. Mir
mussen – an dat gouf virdru scho gesot – dach dozou kommen, datt mer op all Daach, wou et méiglech
ass, eng Solaranlag drop hunn. Mir mussen et fäerdegbréngen, datt mer méi Energie hei zu Lëtzebuerg
produzéieren, wéi dat haut de Fall ass. Mir mussen,
an dat weist den Ukrain-Krich jo nach en plus, méi
onofhängeg gi vun externe Facteuren. A wa Lëtzebuerg, vu senger Gréisst hier, u sech agill
genuch wär, fir et hinzekréien, musse mer et awer
nach ëmmer weisen. A bis elo ass et méi schéint Geschwätz wéi wierklech eppes ze weisen. An dofir gesi
mir déi aktuell Ëmsetzung vum Rifkin-Prozess ganz
nuancéiert. Mir mengen éischter, datt mat der Ëmsetzung nach net wierklech ugefaange gouf.
Ech soen Iech Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!
M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Bon, dat mat de staatleche Gebaier an der Statik ass
esou eng Mär, déi mer ëmmer erëm gezielt kréien. Dir
sidd net responsabel fir déi Gebaier, dofir maachen
ech Iech do kee Reproche. Ech stelle mer awer d’Fro –
Dir sidd responsabel fir d’Industriezonen an Dir hutt et
elo grad ugeschwat, Dir wéilt encouragéieren, datt an
den Industriezone solle Panneau-solairen op d’Diech
kommen –: Gesitt Dir et dann als Minister vun der
Ekonomie esou, datt ee vläicht an Zukunft bei all neier
Autorisatioun an enger Industriezon Panneau-solairen,
Panneau-photovoltaïquen, fir genau ze sinn, sollt obligatoresch maachen, éier een eng Autorisatioun géif ginn?