Heure d’actualité de la sensibilité politique déi Lénk au sujet de l’urgence de réglementation des tâches du personnel éducatif et psycho-social des centres de compétences

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen: Persounen, déi schaffen, obwuel hir Tâchen net kloer reglementéiert sinn,
esou datt se net anstänneg geschützt sinn an och
d’Nohaltegkeet an d’Qualitéit vun der Aarbecht net
garantéiert ass. Persounen, fir déi vill onfräiwëlleg
Iwwerstonnen d’Reegel an net d’Ausnam sinn. Persounen, déi d’Gefill hunn, scho laang ausgebrannt ze
sinn an net méi ze kënnen, an trotzdeem iergendwéi
esou gutt et geet weidermaachen, well se wëssen,
wéi wichteg hir Aufgab ass, och wann d’Wäertschätzung vum Patron vläicht feelt. Persounen, deenen hiert Streikrecht net respektéiert gëtt.
Wat sech hei vläicht unhéiert wéi de Fall vun engem
skrupellosen internationale Milliardekonzern, ass a
Wierklechkeet déi traureg Realitéit vun enger ganzer
Rei Mataarbechterinnen a Mataarbechter aus eise
Schoulen hei zu Lëtzebuerg, an zwar vum edukativen a
psychosoziale Personal aus de Centres de compétence,
déi vum Bildungsministère an der Vergaangenheet
ëmmer nees vergiess, voire ignoréiert goufen.
Si musse méi Stonne schaffe wéi d’Léierpersonal, hu
manner Pausen an en anere Stonneloun. Trotzdeem
schaffe se zanter Joren ënnert dëse Konditiounen an
alles, wat se wëllen, ass vum Ministère nogelauschtert ze kréien an net just viru vollendet Tatsaache
gestallt ze ginn. Dat schéngt bis elo awer ze vill verlaangt ze sinn.
Duerfir soen ech de Kolleege vun déi Lénk villmools
Merci, datt se d’Demande gemaach hunn, dëse Sujet op den Ordre du jour ze setzen, well ech denken,
et gëtt héich Zäit, datt de Ministère och eemol hei
virun der Chamber erkläert, firwat de Sozialdialog an
dësem Secteur net respektéiert gëtt.
Firwat bleift den Dossier vum Litige, deen d’Gewerkschaft bei der Schlichtungskommissioun agereecht
huet, leien, ouni datt eng Sëtzung aberuff gëtt? Firwat goufen Accorden ënnerzeechent, ouni datt d’Representantë vun der APCCA consideréiert goufen?
Firwat muss dat edukatiivt a psychosoziaalt Personal
ënner esou vill méi schlechten Aarbechtskonditioune
schaffe wéi déi aner? Fënnt de Minister, datt hir Aufgaben esou vill méi einfach sinn? Wéi kann et sinn,
datt een d’48-Stonne-Woch fir esou vill Employéen
zur Reegel mécht, wa Studie kloer weisen, datt déi
klassesch 40-Stonne-Woch de Burnout-Risiko scho
steigert an d’Produktivitéit par rapport zu enger
35-Stonne-Woch stagnéiert oder souguer ofhëlt, well
d’Leit einfach net vill méi packen.
Ech mengen, datt mer eis eens sinn, datt hei ganz vill
am Uerge läit an een esou séier wéi méiglech zréck
un de Verhandlungsdësch misst kommen. Et geet
eis schliisslech nieft den Aarbechter och grad ëm déi
vulnerabelst Kanner, déi op eng gutt an individuell
Prise en charge ugewise sinn. Si brauche Personal,
dat sech ganz op si konzentréiere kann an net ausgebrannt an iwwerfuerdert probéiert, hinnen iergendwéi nach gerecht ze ginn.
Mir dierfen an de Schoulen d’Personal net splécken,
mee musse kollegial a fair Aarbechtskonditioune
garantéieren. Dat bedeit, datt d’Kontrakter mussen
eenheetlech sinn an et net wéi et bis elo ka sinn, datt
zwou Persounen, déi fir genee déi selwecht Aufgaben
agestallt goufen, ënner ganz verschiddene Konditioune schaffen. An dat bedeit och, datt de Minister sech muss entscheeden, ob en eng Upassung vun den Aarbechtskonditiounen un déi vun der Fonction
publique wëll maachen, wou ee 40 Stonne schafft a
säi Congé fräi leeë kann, wéi ee wëllt, oder ob eng Upassung un den Enseignement soll gemaach ginn,
wou een zwar manner flexibel ass, wat d’Congéen
ugeet, mee duerfir awer och d’Preparatiounszäit
an d’Schaffzäit mat agerechent kritt an esou net 40
Stonne pro Woch virun enger Klass steet.
Déi aktuell Kombinatioun vun den Nodeeler vu béide
Systemer ka laangfristeg jo ni zu engem gesonden
Aarbechtsklima féieren. Duerfir hoffen ech, datt
de Minister eis haut kann a wäert soen, wéi hien
d’Aarbechtskonditiounen an Zukunft ze verbessere
gedenkt.
Ech soen Iech Merci

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Also fir mech ass kloer, datt heimadder net den Accord
per se a Fro gestallt gëtt, mee datt et wierklech drëm
geet, emol erëm mateneen ze schwätzen. An dat ass,
mengen ech, dat, wat absolutt dréngend néideg ass.
An dat hunn ech och a menger Ried gesot. An dofir wäerte mir och … A wann den Här Baum mer elo
weist, wou hei drasteet, datt deen Accord soll a Fro
gestallt ginn, dann … Zumindest an den Invitte fannen
ech wierklech näischt dovunner, datt do iergendwou
dat Wuert „Accord“ och nëmme géif ugeduecht ginn.
Deementspriechend wäerte mir dat heiten och matstëmmen.

M. Sven Clement (Piraten) | Quelle surprise!

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Wann ech virdru fir d’Motioun gestëmmt hunn, dann
ass et mer bei där heiter Motioun e bësse méi schwéiergefall. Mir wäerten eis och enthalen an ech leeën och
duer, firwat. Ech hu virdru fir méi Dialog plädéiert. Méi Dialog
setzt viraus, datt mir heibannen net dem Dialog virgräifen. An ech mengen, wa mer elo hei géifen eng
Motioun stëmmen, déi quasi schonn engem Outcome
vun deem Dialog géif virgräifen, firwat solle se sech
dann nach zesummesëtzen an diskutéieren?
Dat heescht, fir eis ass et ganz kloer: Mir invitéiere
souwuel d’Gewerkschaft wéi och de Ministère, deen
Dialog ze sichen, sech auszetauschen an da Léisungen ze fannen. An deem soll d’Chamber do net virgräifen, andeem se eng Motioun stëmmt, déi quasi do schonn d’Schinne setzt, op deene se sech duerno beweege mussen. Duerfir wäerte mir eis enthalen.

Zesummenhang posts

Dës Motioun gouf mat Hëllef vun enger kënschtlecher Intelligenz (KI) erstallt. Als KI weisen ech op potenziell Risiken hin, déi mam Asaz vu kënschtlecher
Context: Interpellation n°4461 : Enjeux liés à la digitalisation et à l’intégration de l’intelligence artificielle dans les services publics D’Chamber vun den Deputéierten stellt
PEGASUS: dat ass eng Software, déi vu Staaten kaf gëtt fir Mënschen op hiren Handyen z’iwwerwaachen. Dës Software gouf schons vu Regierungen agesat, fir