Gesetzesprojet 7801 iwwert eng Ofännerung vum Budgetsgesetz 2021

Sven Clement:
Merci, Här President,
léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt e grousse Merci un de Rapporter André Bauler, deen hei, wéi gewinnt, en ausféierleche Rapport souwuel mëndlech wéi och schrëftlech virgeluecht huet.
Mir Piraten si prinzipiell d’accord mat der Verlängerung vum Abattement fir Proprietären, déi hire kommerzielle Locatairë manner respektiv kuerzzäiteg guer kee Loyer froen.
Dat, wat d’Madamm Oberweis elo grad hei op der Tribün presentéiert huet, ass eng generell Kritik vun dem System vun Abattementer am Steierwiesen. Et ass esou: Wie méi verdéngt, dee bezilt méi en héije Steiersaz. Dat heescht, wa mer en Abattement maachen, profitéiert e méi dervun.
Dat ass e Kritikpunkt, dee mer schonn e puermol hei formuléiert hunn. Dat geet vum Vëlo, vum elektresche Vëlo, iwwert d’Aiden, den Abattement zum Beispill fir Frais-domestiquen. Wie méi verdéngt, dee bezilt méi Steieren, méi en héijen Taux, kritt also méi eraus, wann en déi ofsetzt. Esou einfach ass et u sech. Dofir, mengen ech, ass et eng
ganz berechtegt Kritik, déi hei formuléiert gouf. Eng Kritik, déi mer och generell, wa mer elo iwwert d’Steierreform schwätzen, musse berécksiichtegen. An ech denken, datt mer do jo op deene richtege Schinne stinn, fir deen Debat an abseebarer Zäit hei
an der Chamber kënnen ze féieren.
Zréck awer zu dësem Text. Dësen Abattement hëlleft a priori deene Betriber, déi eebe Problemer an der Kris kruten. Déi Betriber, déi bei hire Proprietär ginn a soen: „Ech ka mer et am Moment net leeschten. Kanns de mer dat heiten noloossen?“ A fir datt dee Proprietär eebe grad keng Perte huet, gëtt en Abattement geschaf. Dat ass grondsätzlech ze begréissen. Mir wëllen et klenge Betriber erméiglechen, duerch d’Kris ze kommen. Mir wëllen et erméiglechen, datt se eebe grad hire Bailleure kënnen de Loyer bezuelen, dee geschëllt ass, respektiv wa se dat net kënnen, datt et do opgeet um Enn vum Dag.
Et gëtt awer ee klenge Couac nach an deem heite Projet, e Couac, wou et éischter drëm geet, fir Flexibilitéit ze weisen. Et geet nämlech drëm, datt ee muss noweisen, datt ee covidbedéngt eng prekär Situatioun huet. Den Afloss vum Virus op de Betrib ass awer net ëmmer einfach ze beweisen. Dat kann een elo vläicht bei engem Hotel oder bei engem Restaurant, deen eng Fermeture administrative hat, ganz einfach noweisen. Bei engem normalen Handelsgeschäft ass et awer vläicht scho méi schwéier. Spéitstens wa mer dann an d’Büroe ginn, fänkt et un, ganz schwiereg ze ginn, fir vläicht am Detail nozeweisen, datt dat heite covidbedéngt eng prekär Situatioun ass. Mir géifen eis also wënschen, datt hei d’Steierverwaltung déi néideg Largesse géif weisen, déi néideg Largesse, fir eeben derfir ze suergen, datt, wann dat deklaréiert gëtt a plausibel
gemaach ka ginn, datt dat dann och ugeholl gëtt.
D’Aféiere vun engem Abattement ass also sécherlech ni perfekt, mee awer eng wichteg Mesure am Kontext vun dëser Kris. An dat gesot, ginn ech den Accord vun de Piraten fir dës Mesure.
Merci.

Zesummenhang posts

Däitsch Medie mellen, dass Däitschland een Accord mat Israel fonnt huet, fir Rackéitenofwiersystemer vum Typ “Arrow 3” ze kafen. Laut Berichter sollen dës Ofwiersystemer
D’Piratepartei huet den 3ten Oktober op enger Pressekonferenz Léisungen fir eng gerecht Stéierpolitik presentéiert. D’Presentatioun gouf vum Sven Clement, eisem nationale Spëtzekandidat, an och
Den 18ten Oktober invitéiert de Chef d‘État Major vun der Arméi op ee Concert mam Titel „Fënnef Joer Engagement fir d‘Arméi“. Dësen Owend, zu