Gesetzesprojet 7768 iwwert d’Bäihëllefen am Kader vun der Covid-19-Pandemie

Published by Piraten on

Sven Clement:

Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt emol: Den Delai fir d’Areeche vun den Dossieren, fir eng Aide de relance unzefroen, ze verlängeren, an d’Méiglechkeet vun der sougenannter Nouvelle aide de relance an d’Hëllefe fir d’Coûts non couverts nach bis Juni profitéieren ze kënnen, si wichteg Schrëtt, fir d’Entreprisen an dëser unhalender Kris ze ënnerstëtzen.

Mee mir musse soen, wéi et ass. Mir stinn net hei, fir de Leit e Gefalen ze maachen. Nee, mir kënnen eis hei net op d’Schëller klappen, well mir wëssen et alleguer: Dës Mesurë sinn de Minimum, deen néideg ass, fir eis Wirtschaft um Dréien ze halen. Richteg sozial Mesurë misste méi wäit goen.

Wéi virun engem Joer den éischte Lockdown koum, hate wuel déi wéinegsten Entrepreneuren dermat gerechent, datt se e Joer méi spéit ëmmer nach vu Restriktioune betraff wären, déi et hinne géife verbidden, hirem Geschäft ganz oder deelweis nozekommen.

Deemools hate mer nach all gehofft, datt mer haut schonn duerch déi Kris erduerch wären, datt et en Albdram wär, deen hanner eis géif leien. Dat hat och en Afloss op d’Aart a Weis, wéi d’Entreprisen dës Kris geréiert hunn. D’Kriselogik war laang Zäit déi, kuerzfristeg esou gutt et geet ze iwwerbrécken, bis dann e puer Méint méi spéit alles erëm beim Ale wär.

Ech hunn haut de Moien nach mat engem Mann aus dem Horeca geschwat, dee mer gesot huet: „D’lescht Joer am Mäerz hunn ech gesot: ‚Wann ech am Juli erëm kann opmaachen, dann iwwerliewen ech et.‛“ Dunn huet e sech gesot: „Wann ech et bis Oktober packen, da packen ech et.“ An elo seet e sech erëm: „Wann ech et bis dëst Joer Oktober packen, dann hunn ech eng kleng Chance ze iwwerliewen.“ Dat weist, wéi wierklech Schrëtt fir Schrëtt d’Erwaardungshaltung sech verännert huet.

Am Ufank war et: Elo gläich, gläich geet et erëm! E ganzt Joer ass awer keng kuerzfristeg Iwwerbréckung méi! A wann ee sech d’Gestioun vun der Pandemie an d’Impfcampagnë weltwäit ukuckt, muss ee sech leider agestoen, datt e Retour an d’Normalitéit wuel soubal nach net wäert méiglech sinn, och wa mer alleguerten hoffnungsvoll op de Summer kucken, wou déi steigend Temperature jo och zum Deel derzou bäidroe wäerten, d’Transmissioun vum Virus anzedämmen.

Déi unhalend Ongewëssheet doriwwer, wéi et mam eegene Betrib wäert weidergoen, ass eng grouss finanziell, mee awer och eng mental Belaaschtung. All Kéier, wann e Covidgesetz kënnt, hoffen d’Besëtzer vun de Restauranten, de Caféen oder och den Discoen, datt se hir Dieren nees dierfen opmaachen, a vill ze heefeg gi se nees weider dräi Woche vertréischt.

Net ze wëssen, wat an dräi Woche geschitt, ass fir d’Patrone schwéier. Wéi solle se esou plange kënnen? Wéi solle se entscheeden, ob se Mataarbechter entloosse mussen oder Wuere verkafe sollen, wa se net wëssen, ob se dës dräi Wochen drop nees dréngend bräichten, fir de Betrib no der laangerseentener Reouverture nees un d’Goen ze kréien?

An deem Kontext ass de Communiqué, dee vun der Horesca un hir Membere verschéckt gouf an op d’Aussoe vum Minister verweist, fir vill Entrepreneuren e Schlag an d’Gesiicht gewiescht.

An dësem Schreiwe gëtt bemierkt, datt de Minister betount hätt, datt déi staatlech Aiden net éiweg fléisse kéinten, an Zukunft och reduzéiert géife ginn an d’Entreprisë gebiede wären, déi néideg Restrukturatiounen ze treffen. Wat ee grad bei groussen Entreprisen oft mat deem schéine Wuert vun der Restrukturatioun verstoppt, wësse mer alleguerten: Kënnegungen! Mee egal, ob et sech ëm eng grouss Entreprise handelt, déi sech muss iwwerleeën, wéi vill Mataarbechter se duerch dës Kris erduerchhuele kann, oder eng kleng, déi sech froe muss, ob se vläicht hire ganze Businessmodell ëmstelle muss, well d’Kris einfach ze laang ass, fir iwwerbréckt kënnen ze ginn: Ouni Planungssécherheet, ouni déi eng Woch ze wëssen, wat e puer Woche méi spéit lass ass, ass et bal onméiglech, en anstännege Plang opzestellen.

Här President, de Privatsecteur huet vill duerchgemaach am leschte Joer. „Fir opzebleiwen, musst Der korrekt ekipéiert sinn an d’Hygiènesmesurë respektéieren“, sot net nëmmen d’Regierung, mee sote mer alleguerten. Okay! Entreprisen an Independanten hunn dës Krittäre respektéiert a sech en Inventaire kaaft mat allem, wat gefuerdert war: Masken, Händschen, Desinfektiounsgel, Plexiglas et cetera et cetera.

„D’Zuele sinn ze héich, alles, wat net essenziell ass, muss zoumaachen“, gouf gesot. Okay! Entreprisen an Independantë waren net frou, mee se haten d’Situatioun verstanen. Et war grav, se hunn zougemaach. An elo, no Méint, an deene se alles gemaach hunn, wat vun hinne gefuerdert war, si mer nach ëmmer matten an der Kris an d’Betriber däerfen nach ëmmer keng Leit empfänken.

Elo fënnt d’Regierung et opportun, de Patrone matdeelen ze loossen, se missten esou lues iwwerleeën, wéi se ouni staatlech Hëllefen eens kéinte ginn a Restrukturatioune virgesinn.

Mir fannen, datt et zum aktuellen Zäitpunkt, wou d’Regierung et de Betriber duerch hir Restriktiounen zum Deel onméiglech mécht, hirem Geschäft nozegoen, falsch ass, den Entrepreneuren nach zousätzlechen Drock ze maachen. Jo, wann den Horeca nees normal seng Dieren dierf ophunn, mussen d’Patrone sech iwwerleeën, wéi se hire Betrib nees onofhängeg vu staatlechen Aidë féiere kënnen. Mee matten an enger Kris, wou kee weess, wat an zwou Woche lass ass, ze verlaangen, sech prett ze maache fir Restrukturatiounen, ass an eisen Aen de falsche Wee.

Wéi soll een dann decidéieren, wat déi beschten Entscheedung fir de Betrib an d’Mataarbechter wär, wann een d’Konditiounen net kennt? Dann ass et jo pueren Zoufall, ob eng Verännerung zum Gudden oder zum Schlechten ausfält. Mir mussen de Patronen an dëser Kris hëllefen. Mir hunn näischt dervun, elo mat den Aiden ze zécken, wa mer duerno mussen de Chômage vun all deene bezuelen, deenen hir Betriber dës Kris net iwwerstanen hunn.

Mir fannen duerfir och, datt Lëtzebuerg de ganze Spillraum notze soll, dee mer vun der EU kréien, an den Avise vun de verschiddene Kummeren nolauschteren an d’Limitt vun enger Perte vu 40 % vum Chiffre d’affaires op 30 % erofsetze sollt.

Wärend e puer Méint kann eng Entreprise eng Perte vun 30 % normalerweis iwwerbrécken. Mee dës Kris dauert elo schonns ze laang. Och Patronen, déi keng 40 %, mee nëmmen 30 % Aboussen haten, kënnen an d’Strauchele kommen.

Et kéint ee jo och nach e soziale Krittär aféieren a soen, datt nëmmen déi Entreprisë mat enger Perte vun 30 % Hëllef kréien, déi och noweise kënnen, datt d’Entreprise duerch dës Verloschter bedrot ass an datt Aarbechtsplazen um Spill stinn. Esou misst d’Regierung d’Aiden net onnéideg ausweiden a géif awer deenen hëllefen, déi dës Ënnerstëtzung dréngend bräichten. Eng gewësse Flexibiliséierung. Kleng Betriber kämpfen dobaussen a mat hinnen hir ganz Famill. A verschiddene Familljen iwwerhuele mëttlerweil schonn d’Kanner d’Mensualitéite vun de Prête vun den Elteren, fir datt d’Famill iwwerhaapt nach iwwert d’Ronne kënnt. An dat sinn nach nëmmen déi Familljen, déi d’Chance hunn, kee Familljebetrib gehat ze hunn, soudatt d’Kanner an anere Secteure geschafft hunn an elo nach e Salaire kréien, wärend de Betrib vun den Elteren nach ëmmer zou ass.

Familljebetriber, wou d’Zoumaache vum Betrib d’Akommes vu jidderengem aus der Famill betrëfft, huet et am häertste getraff. Duerfir brauche mer elo Aiden, déi de Mënschen hëllefen, dës Kris ze iwwerstoen an duerno nees weidermaachen ze kënnen. Mir brauchen Aiden, déi séier ausgeschott ginn a méiglechst keen duerch d’Netz fale loossen.

An do vläicht eppes kuerz un d’Adress vun der Madamm Beissel. Si huet virdru gesot, mir hätten eis Flexibilitéit opginn, wa mer d’Gesetz bis Enn des Joers lafe gelooss hätten. Ech hunn net d’Gefill, datt bei där Vitess, mat där mir hei an der Chamber am Moment d’Gesetzer änneren, nei aféieren, ofänneren, ofschafen, datt et do op ee Gesetz méi oder manner, wat mer am Laf vum Joer hätte missen änneren, ukomm wär, fir ze soen, dowéinst géing d’Flexibilitéit verluer. Et seet jo och keen, beim Covidgesetz géife mer u Flexibilitéit verléieren, well och dat steet reegelméisseg um Ordre du jour.

Wat mer begréissen ass awer dee Fakt, datt de Plaffong fir d’Aiden op 1,8 Milliounen Euro eropgesat gouf an datt 25 % vum Chiffre d’affaires immuniséiert ginn, well et ass nun emol esou, datt déi Liwwerung an déi Plats à emporter net onbedéngt rentabel sinn. Dat ass net dat, wat e Restaurant mat enger grousser Salle ausmécht. Dat ass e Brochdeel vun deem, wat se an normalen Zäite kéinten an och géife verdéngen.

A mir stinn, wéi gesot, hannert den Upassungen, déi dëse Projet hëlt, och wa se eiser Meenung no net wäit genuch ginn, se deelweis besser missten encadréiert ginn, wéi zum Beispill duerch e méi komplett Pandemiegesetz, a mer de Patrone méi laang
Planungssécherheet misste ginn.

Mir hoffen, datt dat vläicht an der Zukunft nach geschitt. Mee am beschten hoffe mer, datt déi Kris hei méi séier eriwwergeet, wéi mer dat am Moment ofgesinn. Duerfir wäerte mir dëse Projet trotz engem liicht kräischenden An awer matstëmmen.

Merci.


0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.