Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Gesetzesprojet 7764 iwwert d’Gesellschafte mat sozialem Impakt

Sven Clement:
Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt e grousse Merci un de Rapporter Georges Engel hei fir de mëndlechen a schrëftleche Rapport. Ech kéint elo ganz laang decortiquéieren, wat elo grad gezielt gouf. Ech loossen dat awer sinn, well ech mengen, datt eng Rëtsch vun deenen Argumenter scho virbruecht goufen, och an de Kommissiounsaarbechten, an datt mer do net nach eng Kéier mussen drop agoen.
Mat dësem Gesetz, an dat ass, mengen ech, dat Wichtegst, entlaaschte mer kleng Organisatiounen, déi sech zu Lëtzebuerg fir de gudden Zweck asetzen, sougenannten SISen.
Mat dësem Gesetz musse se also net méi fir all Bilan direkt bei e Réviseur d’entreprises goen. Kee Wonner, datt d’Réviseurs d’entreprises dat net esou gutt fonnt hunn; dat ass ëmmerhin hinnen d’Botter vum Brout geholl. Mee virun allem fir déi Kleng, déi en Actif vu manner wéi 100.000 Euro hunn, war dëst einfach eng onnéideg a virun allem eng ze grouss finanziell Belaaschtung. An duerfir begréisse mir Piraten och dës Gesetzesännerung.
Mir fuerderen, datt all den Organisatiounen, déi sech hei am Land fir e gudden Zweck asetzen, esou mann wéi méiglech administrativ Steng an de Wee geluecht ginn. An dat hate mer och schonn 2018 gemaach, wéi mer eng Proposition de loi deposéiert haten, fir bei den ASBLen d’Obligatioun vun der Publikatioun vum Membersregëster ze sträichen, eng ganz kuerz Propositioun vun engem Saz. De Conseil d’État huet et leider bis haut net a säi Kalenner bruecht, fir en Avis zu där Proposition de loi ofzeginn, eppes, wat ech ganz schued fannen. A vläicht, esou wéi virdrun hei en Appell fir de Covid-Check gemaach gouf, dann hei net en Appell un eis selwer, mee vläicht eng Kéier en Appell un de Staatsrot: Deen Text läit elo dräi Joer do, kuckt Iech en eng Kéier un! En ass wierklech net laang, an da kënne mir hei an der Chamber eis Aarbecht maachen.
Dat gesot, léif Kolleeginnen a Kolleegen, musse mer derfir suergen, datt kleng Strukturen, déi sech fir de gudden Zweck asetzen, net vun onnéideger Bürokratie blockéiert ginn. Mir mussen hinnen de Wee einfach maachen a mir musse se encouragéieren. A genau dat probéiere mer mat deem heite Projet. An duerfir wäerte mir Piraten en och direkt mat Jo stëmmen.
Merci.
 

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll