Gesetzesprojet 7757 iwwert déi drëtt Phas vum Large-Scale-Testing

Sven Clement:
Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, Mond op, Stäbchen eran a schonn ass et geschitt. De Covidtest geet an de Labo an d’Resultat, hoffentlech negativ, kritt ee per SMS. Wat fir den Eenzelnen nëmmen e puer Minutte vu sengem Liewen an Usproch hëlt, kascht, op d’Gesamtpopulatioun gekuckt, awer Stonnen a Stonnen un Organisatioun an Auswäertungsaarbecht. An dës muss finanzéiert ginn.
Dofir ass et wichteg, datt mer haut e Budget stëmmen, deen et erlaabt, och wärend enger drëtter Phas vum Large-Scale-Testing Persounen op eng Covid-19-Infektioun kënnen ze testen. De Large-Scale-Testing kann eis net nëmmen hëllefen, Infektiounsketten ze briechen, mee e kann an dëser drëtter Phas och derzou bäidroen, méi Informatiounen iwwert d’Wierksamkeet vun den Impfstoffer ze gewannen.
Ech huelen et dofir direkt virewech: D’Piraten wäerten dëse Projet ënnerstëtzen an haut fir eng Verlängerung vun der Finanzéierung vum Large-Scale-Testing stëmmen. Dat awer net, ouni eng Rëtsch Kriticken un der Ëmsetzung ze formuléieren. D’Covidpandemie hält un an déi schläichend Fortschrëtter, déi mer bei den Impfunge maachen, loossen een net gleewen, datt eng kollektiv Immunitéit zäitno erreecht ka ginn. Dofir wäert och weiderhi musse getest ginn. Datt mer de Large-Scale-Testing ganz allgemeng ënnerstëtzen an dofir och zoustëmmen, de Projet weider ze finanzéieren, soll awer net verstane ginn als ee „Weider sou!“.
Déi zweet Phas vum Large-Scale-Testing, déi bekannterweis jo am September 2020 ugefaangen hat, huet gewisen, wou d’Problemer leien, déi elo an dëser drëtter Phas ze léise sinn. Grad wat den Transport vu Personnes à mobilité réduite ugeet, koum et an de leschte Wochen a Méint zu inakzeptabelen Ausgrenzungen: Well den Adapto Persounen net duerch de Large-Scale-Testing féiert, goufen eng ganz Rei Persounen, déi sech aleng net deplacéiere konnten, vun der Participatioun un de Covidtester ausgeschloss. Dat war eng Situatioun, déi an engem Land, an deem jiddwereen dee selwechten Accès zu Servicer aus dem Gesondheetsberäich soll hunn, inakzeptabel war an ass. Ech freeë mech dofir, datt dëse Mëssstand rezent konnt behuewe ginn, wat d’Regierung jo och viru Kuerzem an der Äntwert op eng vu menge parlamentaresche Froe confirméiert huet.
E weidere Problem, dee sech am Hierscht gewisen hat, ass deen, datt eis Testcapacitéiten zwar recht héich sinn, et kënne bis zu 53.000 Tester pro Woch gemaach ginn – wäre mer nëmme mat den Impfungen esou séier! -, mee d’Ekippen, déi un der Auswäertung vun den Tester an un dem Tracing bedeelegt sinn, kommen awer scho vill éischter un hir Grenzen.
Et gouf Wochen, an deene Leit, déi a Kontakt mat positiv geteste Persoune waren, eréischt esou spéit vun der Santé doriwwer informéiert goufen, datt se nach deeglaang hirem Alldag nogaange sinn, obwuel se eigentlech doheem hätte solle bleiwen, doheem hätte misse bleiwen. Wa mer net just teste wëllen, fir statistesch Informatiounen ze kréien, mee och wierklech Infektiounskette wëllen ënnerbriechen, ass et dofir wichteg, wärend der kommender Phas ze garantéieren, datt den Tracing och bei enger héijer Presenz vum Virus an der Populatioun nach ëmmer fonctionéiert.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, niewent de bekannte Problemer wäert déi kommend drëtt Testphas awer och vun neien Erausfuerderunge gepräägt sinn, Erausfuerderungen, mat deene mer bis elo net konfrontéiert waren. Esou gëllt et, an deenen nächste Méint duerch d’Teste vu verschiddene Persounegruppen net nëmmen d’Ausbreedung vum Virus am Bléck ze halen, mee och Informatiounen iwwert d’Wierksamkeet vun de säit Kuerzem zum Asaz kommenden Impfstoffer ze sammelen. An och d’Opkomme vu private Schnelltester muss sënnvoll an d’Teststrategie integréiert ginn.
Wat awer opfält, ass, datt d’Schnelltester aus dem Sport net an de Rapporte vun der Santé opgefouert ginn, dat, obwuel se iwwert de MyGuichet musse gemellt ginn. Déi selwecht Fro wäert sech also och an Zukunft nach beim Projet vu Schnelltester an der Schoul stellen.
Dofir hunn ech hei, Här President, eng Motioun matbruecht, déi d’Intentioun huet, dëse Mëssel ze behiewen an och d’Resultater vu Schnelltester an den offizielle Statistiken opzelëschten.
Wat d’Dauer vun der nächster Phas betrëfft, ass eng Lafzäit bis Juli virgesinn, déi, falls néideg, awer bis September verlängert kéint ginn, « […] si la situation épidémiologique le justifie ou/et si l’immunité collective n’est pas atteinte d’ici là. » Esou steet et am Text. Well ech – och wann ech mer et wënsche géif – ganz grouss Zweifel drun hunn, datt mer bis Juli duerch genuch Impfungen eng Immunité collective erreecht hunn, denken ech, datt mer realistescherweis fir dës drëtt Phas mat enger Lafzäit bis September musse rechnen. Dat bedeit awer och, datt warscheinlech mindestens nach bis den Hierscht ganz vill ëffentlech Gelder an de Large-Scale-Testing mussen investéiert ginn.
Wéi gesot, mir stinn hannert der Iddi, d’Pandemie och duerch eng ambitionéiert Teststrategie ze iwwerblécken an anzedämmen. Gläichzäiteg fuerdere mer awer, datt dës käschtenintensiv Campagne transparent muss gefouert ginn. Et geet hei drëms, wéi staatlech Gelder an zweestelleger Milliounenhéicht verwennt wäerte ginn. An do ass et wichteg, de Biergerinnen a Bierger zum Schluss mat klore Rapporten oppenzeleeën, wat wierklech mat de Sue geschitt ass, a wiem seng Täsch se gefloss sinn.
Wa mer haut dëse Projet stëmmen, steet schliisslech nach net fest, wéi vill Tester schlussendlech duerchgefouert ginn, well net gewosst ass, wéi vill Persounen der Invitatioun nokomme wäerten. Esou ass et also och nach net kloer, wéi vill Tester analyséiert ginn a wat déi Phas hei schlussendlech reell kascht.
An och d’Budgetsposten, déi administrativ a logistesch Aarbechten ëmfaassen, si fir d’Ëffentlechkeet schwéier ofzeschätzen, well d’Regierung bis elo keng Detailer zu den Ausgabe publizéiert. Dofir hale mir et fir extreem wichteg, datt no all Phas e Compte rendu muss ëffentlech gemaach ginn, deen am Detail déi eenzel Ausgaben opféiert an et de Biergerinnen a Bierger am Land esou erlaabt ze kontrolléieren, wat mat hire Steiergelder geschitt ass.
Ee Käschtepunkt, deen engem zum Beispill direkt an d’Ae spréngt an deen och schonn ugeschwat gouf, ass dee vun der Hotline vum LST, déi eleng vu Mäerz bis Juli Käschte vun iwwer enger Millioun Euro soll verursaachen. Dat ass op den éischte Bléck nëmme schwéier ze verstoen. An hei misst definitiv nach méi transparent gekläert ginn, wéi eng Käschten hei aus wéi enge Grënn ufalen. Ass et Loyer? Ass et Ekipement? Sinn et Personalkäschten? Bref, mir wëssen et net.
An och an der Chamberskommissioun krute mer nëmmen ee Montant pro Appell, deen eng gewëssen Unzuel vun Appeller iwwerschreit, matgedeelt. Wat dobäi opfält, ass iwwregens, datt et, au contraire, wéi et bei villen anere Produiten ass, déi ee keeft, wou de Präis, wat ee méi keeft, erofgeet pro Unitéit, bei den Appeller ëmgedréit ass: Déi éischt 3.000 gi mat enger Flatrate bezuelt an duerno gëtt et progressiv méi deier pro Unitéit. Do stellt ee sech awer d’Fro, wat déi Käschte genau verursaacht. Op Nofro, wéi dat opgeschlësselt gëtt oder opgeschlësselt misst ginn – et gëtt ëmmerhi mat ëffentleche Gelder vun enger privater Firma duerchgefouert -, gouf et just d’Verspriechen, dat nozekucken. Ech stinn haut hei an ech hunn déi Äntwert net.
Et misst also och méi kloer kommunizéiert ginn, mat wéi enge Soustraitanten zesummegeschafft gëtt. An net nëmmen, mat wéi eng Soustraitanten, mee mat wéi enge Soustraitanten dës Soustraitanten nach eng Kéier schaffen. Well mir mierken hei, datt mer net nëmmen déi grouss Big-Fouren – oder Arendt gouf genannt – als Soustraitant direkt vum Staat hunn, mee datt dës Firmen nach eng Kéier Soustraitanten hunn, soudatt et nach manner iwwerschaubar gëtt, wien dann elo hei wierklech d’Geld vum Contribuabel fir e Service a seng eegen Täsch stécht.
Mir brauchen Transparenz, wann et ëm d’Notzung vun ëffentleche Gelder geet.
Den Optrag … an do kommen ech dann op déi Helpline, déi haut scho fir e bësse Gerumouers gesuergt huet, d’Helpline vaccination, en Optrag, dee schlussendlech fir bal néng Milliounen Euro un ee vun de Big Four gaangen ass, dee fir vill Froe gesuergt huet, well net kloer ass, wéi sech déi héich Zomm rechtfertege léisst, an deen dann, knapps geet et lass, vun engem Ustuerm iwwerrascht ass.
Bref, mir schwätze vill vun Transparenz, mir brauchen hei einfach méi Kloerheet, net nëmmen, mat wiem mer schaffen, net nëmmen, firwat mer mat deene schaffen, mee mir brauche virun allem eng Transparenz, wéi vill déi eenzel Prestatioune konkreet kaschten a wéi déi Präisser zustane komm sinn. Grad wa mer an enger Procédure négociée sinn – wat mer hei waren, well d’Argument ugefouert gëtt, datt jo soss kee Prestataire ze fanne wär -, grad dann, wa mer also net iwwer e Marché public fueren, ass et immens wichteg, datt mer eng méi héich Transparenz vun de Präisser a vun de Käschten hunn, well soss ginn d’Fënsteren an d’Diere fir Abusen opgemaach.
Här President, ech komme sou lues zum Schluss, mee net ouni nach e leschte Punkt unzeschwätzen: deen awer dach wichtege Punkt vum Dateschutz – de Schutz vu persounebezunnenen Daten -, deen och erëm mat de Soustraitanten zesummenhänkt! D’Regierung léisst d’Invitatioune fir de Large-Scale-Testing nämlech vun engem Soustraitant printen. Op den éischte Bléck seet ee sech: Majo, natierlech! Eng Dréckerei, déi dréckt Contenu. Mee op deene Bréiwer stinn awer och d’Adressen drop vun deene Leit, déi invitéiert goufen.
Dat heescht: Déi Firma weess, wie wéini invitéiert gouf.
An do stellt sech d’Fro … an dat ass net kloer op Nofro hin, an de Kolleeg Marc Goergen hat déi Fro an der Kommissioun gestallt, wéi dee Soustraitant déi Informatioune kritt. Well da stellt sech nämlech d’Fro: Huet dee Soustraitant potenziell d’Méiglechkeet, sech do eng Datebank ze schafen? Mir kennen d’Kontrakter net. Ech ginn dovun aus, datt et e gudde Kontrakt gëtt. Ech hoffen et! Mee ech hunn en net gesinn. A mir wëssen net, a wéi engem Format e se kritt. Dat alles bereet eis dann awer e bësse Bauchwéi. A mir hoffen, datt mer do an Zukunft awer nach méi kloer Äntwerte kréien, fir datt dee Bauchwéi dann hoffentlech ewechgeet.
Dat gesot, den LST ass wichteg: D’wëssenschaftlech Publikatiounen hu gewisen, datt en Infektiounsketten ënnerbënnt, datt en Neiinfektioune ka verhënneren. An dofir wäerten d’Piraten e matstëmmen. Mee perfekt ass eppes aneres.

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat