Marc Goergen:
Merci, Här President.
Fir d’éischt emol dem Medieminister eng gutt Besserung, a wéi mer haut gelies hunn, ass e jo och um Wee vun der Besserung, wat eis natierlech freet. Awer och e Merci – en éierleche Merci – un de Guy Arendt fir déi konstruktiv Gespréicher an der Kommissioun. Et ass vill hin- an hiergaang, mee et ass eppes Brauchbares erauskomm. Ech si jo just Gaascht an där Kommissioun gewiescht an ech hunn déi Aart a Weis vun der Presidence wierklech geschätzt.
Duerfir wäert ech och haut de Sven hei vertrieden oder ersetzen, wéi een et nenne wëllt. Et ass nëmmen ee Pirat haut hei, well de Sven bekanntlech e Conflit d’intérêt huet, well e selwer an de Medien täteg ass. Do hu mer decidéiert, dass dann de Sven deementspriechend de Sall verléisst an och net um Vott wäert deelhuelen.
Eng onofhängeg a kritesch Press ass wichteg fir eng gesond Demokratie. Dat hu mir haut och schonn oft héieren. Eng kritesch Press kënnt alle Biergerinnen an all Bierger am Land zegutt. An duerfir ass et och richteg, de professionelle Journalismus mat staatleche Mëttele finanziell ze ënnerstëtzen.
D’Aart a Weis, wéi de Secteur bis elo awer ënnerstëtzt ginn ass, war net méi drobar, dat steet fest! Eng staatlech Hëllef, bei där de Steierzueler an éischter Linn de Pabeier finanzéiert, ass kloer ee Feelureiz gewiescht. Mir sinn e klengt Land mat engem grousse Sproocheräichtum. Eis Awunner kënnen hir Informatioun aus villfältege Medien – och aus dem Ausland – bezéien a brauchen dofir keng déck Zeitungen, déi Säiten a Säite mat Artikele fëllen, déi se mol net selwer geschriwwen hunn, mee just bei groussen Agenturen am Ausland akaf hunn, déi souwéisou scho Stonne virdrun um digitale Wee verbreet gi sinn.
Wa mir net wëllen, dass eis Informatiounen ëmmer méi just nach vun e puer groussen Acteuren um Marché dominéiert ginn, brauche mir onofhängeg Journalist/innen hei am Land, déi selwer schreiwen. An duerfir freeë mir eis och iwwert de virleiende Projet, deen de Journalist an de Mëttelpunkt setzt an net méi d’Unzuel u Säiten, déi gefëllt ginn.
De Secteur vun der geschriwwener Press ass am Wandel. D’Digitaliséierung huet ganz nei Méiglechkeeten, mee och ganz nei Erausfuerderungen a Konkurrenzsituatioune mat sech bruecht. D’Unzuel u Journalisten am Land geet kontinuéierlech zréck. A rezent Spuermoossnamen a groussen Haiser, déi och mat Kënnegunge verbonne waren, hu gewisen, wéi fragill verschidden Aarbechtsverhältnisser bei de Journaliste sinn.
An do hänke jo dann och nach eng ganz Rei vun anere Beruffer mat drun, déi haut ganz kreativ benannt ginn – vum Content Creator fir Social-Media Plattforme vun der Zeitung iwwer e Faktenchecker oder bis hin zu enger klassescher Fotografin. Duerfir ass et esou wichteg, konkreet de Beruff vun de Journalist/inne mat staatlechen Hëllefen ze ënnerstëtzen, fir eng onofhängeg Press am Land ze erhalen, esou wéi dat mat dësem Projet gemaach gëtt. D’Fro ass awer, ob d’Héicht vun de virgesinnen Hëllefe wierklech wäert hëllefen, d’Aarbechtsplazen ze erhalen. 30.000 Euro pro Vollzäitposte pro Joer sinn der elo net esou vill. Hei riskéiere mir, d’Editeuren ze encouragéieren, eeler Employéen, déi méi héich Salairen hunn, lues a lues lass ze ginn, fir se da kënne mat méi gënschtegen neien Aarbechtskräften ze ersetzen.
Fir esou e Verhalen ze verhënneren, hätte mir eis gewënscht, dass d’Hëllefen un den Erhalt vun den Aarbechtsplaze geknäppt gi wären, mee dat ass leider net geschitt. Wärend ee fir déi spezifesch Hëllefen aus der Iwwergangszäit d’Konditioun vum Maintien dans l’emploi erfëlle muss, gouf dat fir d’Aide à l’activité rédactionnelle bedauerlecherweis net festgehal.
E weidere Punkt, dee besser hätt kënne gestalt ginn, ass deen, dass zwar dru geduecht ginn ass, e speziellen Hëllefsregimm fir nei Zeitunge virzegesinn, mee keng wierklech Pisten opgewise gi sinn. Duerfir hunn ech an der Kommissioun och e puermol drop opmierksam gemaach, dass ee Startups méi ënnerstëtze misst. Am Moment sinn d’Hürde fir nei Medien am Text nach zimmlech héich gehalen an et brauch ee vill Kapital.
De Sprong vun zwee op fënnef fest agestallte Vollzäitemployéen innerhalb vun dräi Joer ouni progressiv Steigerung vun Hëllefen ze packen ass guer net esou einfach. An da bleift jo och nach d’Fro, ob dëse Projet d’Kaartekommissioun net wäert iwwerfuerderen, well den Text jo en Ureiz schaaft, fir méiglechst vill Beruffer aus dem Beräich vum Journalismus mat enger Pressekaart auszestatten, well d’Aide jo un dës Kaart geknäppt ass.
Wéinst dësem an och deem virdrun ugeschwatene Punkt si mer och der Meenung, dass et wichteg wär, vu vireran eng Evaluatioun vun dësen Auswierkunge vun dësem Projet an e puer Joer virzegesinn. Net all Zeitung wäert besser mam neie System ewechkommen. Am Contraire: Fir e puer Zeitungen ass dëst Gesetz mat finanziellen Abousse verbonnen. Grad fir kleng an nei Zeitunge kéinten d’Erausfuerderunge vläicht ze grouss sinn. Mee dat ass net sécher. Vläicht wäert och dee ganze Secteur sech upasse kënnen.
Fir genee kucken ze kënnen, wéi een Afloss dëst Gesetz op d’redaktionell Aarbecht am Land wäert hunn, wär et duerfir wichteg, vun Ufank un d’Informatiounen an d’Daten zu dësem Sujet ze erhiewen, fir dann an e puer Joer e Bilan an eventuell Upassunge kënnen ze maachen. Mir géifen eis hei och wënschen, dass d’Evaluatioun an enger enker Zesummenaarbecht mat der ALJP – de professionelle Journalisten – gemaach géif ginn, esou wéi mir eis dat och fir d’Ausschaffe vun dësem Gesetz gewënscht hätten.
Do si mer an der Kommissioun zum Deel awer leider op zouen Diere gestouss, wou de Virschlag, d’ALJP an eng Sëtzung ze invitéieren, ofgeleent ginn ass, dat mat der Ausso zum Beispill vun deene Gréngen, si géife se eleng an hir Fraktioun invitéieren. Wat ass dat da fir eng Manéier fir ze schaffen? Jidderee verhandelt eenzel, hanner zouenen Dieren. Ass dat d’Politikverständnis vun deene Gréngen? Esou Gespréicher gehéieren, wann et ëm e Gesetz aus der Kommissioun geet, och an déi Kommissioun an duerno an en transparente Rapport.
Dat schléisst natierlech net aus, dass d’Politiker an d’Fraktioune sech och ausserhalb vun der Kommissioun mat Associatiounen a Gruppéierunge fir en Austausch treffen, mee wann et hei e Gesetz betrëfft, un deem eng Kommissioun gemeinsam schafft, da missten a mengen Aen och gemeinsam Diskussioune kënne gefouert ginn.
Ech hoffen, mir wäerten esou e gemeinsamen Austausch nach nohuelen – spéitstens no enger Nobesserung vun dësem Projet an e puer Joer. Duerfir wäerte mir haut och d’Motioun vum Här Pim Knaff matstëmmen, déi virdrun deposéiert ginn ass.
Fir Nozebesseren, léiwer awer nach fir iwwert d’Informatiounszougangsrecht vun de Journalisten ze schwätzen, géife mer eis gären an der Kommissioun gesinn, wat jo och e Projet ass, deen nach ëmmer op sech waarde léisst.
Dat gesot, ginn ech den Accord vun de Piraten zu dësem Projet, well mir hei ganz kloer eng Reform erkennen, déi an déi richteg Direktioun geet, och wa mir et op eenzele Punkten anescht geschriwwen hätten. D’Gesetz orientéiert sech un de Journalisten an net um Pabeier, an dat ass e ganz wichtege Punkt!
Fir d’Zukunft hoffe mir awer, dass d’Hëllefe grad fir kleng an Onlinemedien a Pabeierzeitungen nach no uewe korrigéiert ginn, fir hir Chancen ze verbesseren, nieft groussen Zeitunge Fouss faassen ze kënnen. Si si wichteg, fir keng Meenungsmonopoler entstoen a villfälteg Stëmmen zu Wuert kommen ze loossen. Dat ass dat, wat eist Land brauch: Villfalt, och an de Medien.
Merci.
- June 8, 2023
- 11:00 am
- Gemengen & Innepolitik, Parlamentaresch Froen, Questions parlementaires, Walen 2023
Eis sinn e puer Temoignagen zougedroe gi wou Leit Problemer haten, fir d’Bréifwal fir d’Gemengewalen dëse Sonnden aus dem Ausland zréck op Lëtzebuerg ze