Gebuertshaus zu Bartreng

Communiqué


De 7ten Dezember gouf annoncéiert, dass am Gebuertshaus zu Bartreng keng Kanner méi op d’Welt kommen dierfen. D’Begrënnung vun der Ministesch ass, dass et un engem legale Kader géif feelen an doru elo soll geschafft ginn. Dee muss an eisen Aen ganz séier kommen !

Mir Piraten bedaueren d’Decisioun vun der Ministesch d’Gebuertshaus elo zouzemaachen an hoffen, dass déi entspriechend Gesetzer ganz séier kënne virgeluecht ginn a net wärend Jore wäerte schleefe gelooss ginn, wéi een dat bei villen Dossiere leider gesäit.

Mir hate schonn am Juli eng Motioun eragereecht, fir dass zesumme mat de Leit um Terrain gesetzlech Lücke sollen analyséiert ginn. Op Basis dovun solle Pisten ausgeschafft ginn, fir dass an enger zukünfteger Gesetzgebung d’Qualitéit vun de Servicer genee ewéi eng sécher Basis fir d’Prise en charge duerch d’CNS an de Gebuertshaiser ka garantéiert ginn. Dës Motioun gouf un déi zoustänneg Santéskommissioun weidergeleet, wou bis elo awer keng Beweegung an den Dossier komm ass. D’Gebuertshaus ass fir eng Rei vu Mammen a Pappen eng Alternativ zur traditioneller Spidolsmedezin, ouni dobäi op eng gutt a kompetent Betreiung an engem adequate Kader mussen ze verzichten.

An eng Rei vun zukünftegen Eltere kruten hire Choix elo vu politescher Säit hier ewechgeholl.  De Choix vun Elteren ass eng privat a ganz perséinlech Entscheedung a muss vu politescher Säit respektéiert an ënnerstëtzt ginn.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt