FRO.LU: Accès piéton Mühlenweg – Pont Buchler

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Am September dëst Joer soll den Tram prett sinn, fir Persoune bis op Bouneweg ze transportéieren. Et ginn doriwwer eraus nach weider Aspekter ronderëm de Chantier vum Tram, déi et fäerdeg ze stelle gëllt. Esou war geplangt, dass bis Enn 2021 sollt de Foussgängerwee vum Millewee op de Pont Büchler fäerdeg gestallt sinn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wouduerch ass d’Fäerdegstelle vun dësem Foussgänger- a Vëloswée a Verspéidung geroden?

  2. Kann de Minister een Datum ginn, wéini deen Accès piéton/vélo zum Pont Büchler, dee jo zur Mobilité douce bäidréit, fäerdeggestallt gëtt ?

Fro n°5898

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5898

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen