FRO.LU: Guicheten vun der CNS

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Duerch d’Covid-19 Pandemie sinn d’Guichete vun der CNS am Moment nëmme mat Rendez-vous accessibel, wann ee säi Remboursement vun enger Doktersrechnung wëll per Chèque froen. Dee Rendez-vous kann een iwwert Guichet.lu fixéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat sinn an der Moyenne d’Waardezäiten, wann een ee Rendez-vous per guichet.lu hëlt, fir ee Remboursement?

  2. Wäerten d’Guichete vun der CNS erëm fir Remboursementer ouni Rednez-vous opgoen wann d’Covid-19 Situatioun sech berouegt huet?

  3. Kann de Minister garantéieren, dass ee Remboursement ouni Rendez-vous an Zukunft wäert méiglech bleiwen?

Fro n°5707

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5707

Zesummenhang posts

Kaderprogramm Péiteng 2023
Mam Gesetz vum 2ten November 2021 ass eng EU-Direktiv ëmgesat ginn, iwwert d’Kontroll vun der Proportionalitéit beim Accès zu verschiddene Beruffer. Am Mäerz 2023