Firwat musse Leit mat engem normale Akommes héich Affekotskäschten droen? Dëst wollt ee Notzer op FRO.LU wëssen. D’Piraten hunn dat nogefrot.
Den Artikel 6 vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun beseet, dass all Mënsch viru Geriicht ee Recht op Verdeedegung duerch een Affekot huet. Mënschen, déi sech keen Affekot leeschte kënnen, hunn ee Recht op een Affekot, dee vum Staat bezuelt gëtt.
D’Dispositioune
vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun goufen zu Lëtzebuerg am
Artikel 37 vum Gesetz vum 10ten August 1991 iwwert de Beruff vum Affekot
souwéi säi Reglement Grand-Ducal opgeholl. De Reglement Grand-Ducal
definéiert, wee Beneficiaire vun der Assistance judiciaire ka ginn.
Wärend
et selbstverständlech ass, dass Persoune mat engem Mindestloun oder mam
REVIS hiren Affekot gestallt kréien, ass de Prozess fir Persoune mat
engem soi-disant “normale Salaire” mat immensen Onkäschte verbonnen.
D’Käschte vun engem Affekot variéiere vu Fall zu Fall, soudass fir
Normalverdiener eng Streitaffär viru Geriicht schnell zu héijen
Affekotskäschte féiere kann, déi fir Persoune mat engem mëttlere Salaire
zu enger grousser Belaaschtung féieren. Am Koalitiounsaccord huet
d’Regierung ugekënnegt, den Accès fir d’Assistance judiciaire op Basis
vu progressive Kritäre wëllen ze erweideren (Säit 19 vum
Koalitiounsaccord).
An deem Zesummenhang hu mir dem Justizminister dës Froe gestallt:
- Op wéi engem Stand ass de Projet fir eng Erweiderung vum “Accès à la Justice”? Wäert de d’Regierung de Projet per Reglement Grand-Ducal duerchféieren oder wäert de Justizminister der Chamber ee Gesetzesprojet virleeën? Bis wéini ass domadder ze rechnen?
- Ass de Justizminister des Weideren der Meenung, dass d’Affekotskäschte per Gesetz oder Reglement missten transparent definéiert sinn, ähnlech wéi et bei Consultatiounen an der Medezin de Fall ass?
Dir hutt och eng Fro un d’Regierung? Da maacht Gebrauch vun www.fro.lu