Iwwert den Internet hu mir d’Méiglechkeet eis weltwäit mat anere Mënschen ze vernetzen an auszetauschen.
Nach ni an der Geschicht vun der Mënschheet, goufen et Weeër, déi esou séier an esou käschtegënschteg waren, fir Informatiounen auszetauschen, wéi haut.
An trotzdeem kenne mir zum aktuellen Zäitpunkt just op e Brochdeel vun der mënschlecher Kultur frei zougräifen.
Et ginn och haut schon e puer Open-Acces Journals an deene wëssenschaftlech Artikele publizéiert ginn, déi fir jidderee frei zougänglech sinn.
De Gros vun den Online-Publikatioune kann een awer just consultéieren, wann een d’Chance huet op enger Universitéit oder an enger Bibliothéik ageschriwwen ze sinn, déi Lizenze bei den eenzele Verläg kaf huet, oder wann ee fir all Publikatioun bezilt.
(Wat bei Präisser vun deelweis iwwert 50 Euro fir ee PDF vun 20 Säiten awer just deene wéinegste wäert méiglech sinn.)
Firwat ass dat esou? Feelt et de Wëssenschaftler u Suen, esou dass si op déi héich Präisser fir hier Artikelen ugewise sinn?
Ganz am Géigendeel. D’Fuerscher gesi vun de Suen, déi fir Lizenzen an Zougrëffsrechter ufalen, an der Reegel keen Cent. An deene meeschte Fäll hunn si souguer dofir musse bezuelen, fir iwwerhaapt kenne publizéiert ze ginn.
D’Verläg rechtfäerdegen de finanzielle Beitrag vun de Fuerscher an déi héich Lizenzpräisser domat, dass si Ausgaben hätten, fir d’Qualitéit vun den Artikelen ze garantéieren. Éier en Artikel vun engem Fuerscher verëffentlech gëtt, evaluéieren nämlech aner Wëssenschaftler op den Artikel och de wëssenschaftleche Standarden entsprécht, ob methodesch propper geschafft gouf an ob d’Resultater novollzéibar an iwwerpréifbar sinn. Dat ass eng wichteg Kontroll, fir ze verhënneren, dass wëssenschaftlech mannerwäerteg Aarbechten duerch eng Publikatioun an engem Verlag mat gudder Renommee leschten an och souguer d‘Wëssenschaft am allgemengen a Verruff brénge kéinten. Dorunner soll sech och näischt änneren.
Mee d’Ausgabe vun de Verläg sinn net unnäernd esou héich wéi hier Recetten. De Verläg bleiwe vill Suen iwwreg.
Elsevier, de weltwäit gréisste Wëssenschaftsverlag, hat 2016 en Ëmsaz vun 2,3 Milliarden Euro an ee berengegten operative Gewënn vun 830 Milliounen Euro.
Ass dat gerecht?
De Staat bezilt d’Universitéiten, déi Akademiker astellen.
D‘Fuerscher bezuelen, fir kenne publizéiert ze ginn an d‘Bibliothéiken an d’Universitéiten (an domat nach ëmol d’ëffentlech Hand) bezuele fir Zougangslizenzen ze kafen.
Déi eenzeg Gewënner sinn d’Verläg.
Dobäi si mir hautzedaags guer net méi op des Verläg ugewisen. Scho guer net am Beräich vun den Online-Publikatiounen.
Et ass ouni Weideres méiglech, Datebanken ze schafen, an deenen akademesch Studie fir jidderee frei zougänglech sinn, ouni dass e private Verlag hannendru stoe muss, wéi divers „fair Open Access“ Projete weisen. Och iwwert de „fair Open Access“ kann eng Qualitéitskontroll assuréiert ginn.
Wat feelt ass eng entspriechend Gesetzgebung. Open Access ass net verflichtend an d’Deele vu kopéiergeschützten Dokumenter och fir de privaten Notze verbueden.
Wien am Moment e wëssenschaftlechen Artikel, deen en z.B. iwwert eng Unilizenz erofluede konnt, u Kolleege wëll wieder ginn, déi iwwert hier Uni keen Accès hunn, mëscht sech nom aktuelle Gesetz strofbar.
Mir hunn zwar méi Wëssen, wéi all d’Generatioune virun eis, mee mir loossen net jiddereen drun Deel huelen.
Dat fanne mir Piraten inakzeptabel. Mir ënnerstëtzen dofir déi Europäesch Biergerinitiativ (ECI, European citizens initiative) fir de Filesharing fir den net kommerzielle Gebrauch ze legaliséieren, esou dass jiddereen d’Recht kritt, wëssenschaftlech Artikelen ouni Gewënnoofsicht ze deelen.
Mat denger Ënnerschrëft kanns och du dech fir e Recht op Wëssen an d’Recht, dëst mat aneren ze deelen, staark maachen.
Wann dës ECI innerhalb vun engem Joer genuch Ënnerschrëft kritt, ass d’EU-Kommissioun gezwongen en entspriechende Gesetzestext ze proposéieren. Fir Lëtzebuerg gi 4230 Stëmme gebraucht; deng Stëmm kann den Ënnerscheed maachen: Ënnerschreif hei.
Laangfristeg setzen d’Piraten sech iwwerdeems fir eng fair Fuerschungslandschaft an, an där d’Verläg net op d‘Käschte vun den Auteuren an der ëffentlecher Hand Gewënn maachen. Dofir fuerdere mir eng Gesetzgebung, déi Publikatiounen nom Modell vum „fair Open Acces“ net zur Ausnam, mee zur Reegel mëscht.