Unerkennung vu franséische Certificats de rétablissement

Covid-Impf-Certificaten a Certificats de rétablissement, déi vun engem EU-Land ausgestallt goufen, ginn an der Reegel och an aneren EU-Länner unerkannt. Ausname gëtt et allerdéngs, wa Länner vun den EU-Reegelen oofwäichen an hiren Awunner z. B. e Certificat de rétablissement ausstellen op Basis vun engem postiven certifizéierte Schnelltest, esou wéi dat a Frankreich de Fall ass. Dës Certificaten ginn net iwwerall unerkannt – och net zu Lëtzebuerg, wou e PCR-Test muss virleien fir esou e Certificat. 

Grad fir Frontalieren, déi tëscht Frankréich a Lëtzebuerg pendelen, kënnen dës Ënnerscheeder awer problematesch ginn, wa si mengen, si hätten e gëltege Pass, an hei am Land dann awer gesot kréien, si hätte kee gëltege Covid-Check an dirften dofir bspw. net op hier Aarbeschtplaz. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass der Ministesch bekannt, dass Frankräich Certificats de rétablissment ausstellt, déi hei zu Lëtzebuerg net unerkannt ginn?

  2. Wat kann eng Persoun maachen, déi e franséische Certificat de rétablissement besëtzt op Basis vun engem Schnelltest a wärend hirer Covid-Infektioun kee PCR-Test gemaach huet, dee si am Nachhinein nach bei der Santé aschécke kéint? Kann dës Persoun een zu Lëtzebuerg gëltege Certificat kréien, oder besteet hei keng Méiglechkeet de franséisch Certificat unerkennen ze loossen?

  3. Ass d’Regierung a Kontakt mat den Nopeschlänner fir eng Harmoniséierung vun de Passen/Ticketen/Certificaten an der Groussregioun unzestriewen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5612

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat