Zënter Joren hëlt Lëtzebuerg Flüchtlingen aus aller Welt hei am Land op an hëlleft esou deenen, déi d’Hëllef dréngend brauchen.
Allerdéngs muss ee soen, dass et mat der Opnam eleng net duergeet. Vill Flüchtlingen, déi de Statutt vum BPI kruten, kënnen net drop hoffen, jeemools an hir Länner kënnen zeréckzegoen. Hier Zukunft ass deemno hei zu Lëtzebuerg an et gëllt, si esou gutt wéi méiglech an eis Gesellschaft z’integréieren.
Bei der Organisatioun vum Integratiounsprozess stellen sech grouss Erausfuerderungen. Am Plan d’Action National fir Integratioun ginn den Parcours d’Intégration d’Acceuil (PIA) an den Contrat d’Acceuil et d’Intégration (CAI) als zwee grouss Instrumenter opgelëscht. Et stellt sech allerdéngs d’Fro, awéifern dës Instrumenter duerginn, fir et de d’BPIen hei am Land ze erlaben, Fouss ze faassen.
Eng richteg Integratioun brauch eng Chancëgläichheet tëschent de BPIen an dem Rescht vun der Bevëlkerung. Dëst bedeit, dass d’BPIen d’Méiglechkeet mussen hunn, ze schaffen oder ze studéieren an och hiert eege Liewen an engem eegene Logement ze féieren. Esou wéi et eis vun de Betraffene matgedeelt gouf, bestinn hei allerdéngs nach Problemer.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill BPIen waren an de leschten 10 Joer, opgelëscht no Joer, als Demandeur d’Emploi bei der ADEM ageschriwwen? Wéi vill dovunner ware Fraen?
-
Wéi vill BPIen kruten an de leschten 10 Joer erfollegräich vun der ADEM eng Platz um Aarbechtsmarché vermëttelt? Wéi vill dovunner ware Fraen?
-
Wéi eng Mesures d’emplois stinn de BPIen aktuell op?
Wéi vill BPIen waren an deene leschte Joren an enger Mesure d’emploi? -
1. Wéi eng Sproochecoursen existéieren zur Zäit fir Flüchtlingen zu Lëtzebuerg?
2. Deckt d’Offer vun dëse Coursen d’Demande vun de BPIen?
3. Wéi vill Sue gëtt de Staat all Joer fir d’Organisatioun vun dëse Sproochecoursen aus?
4. Wéi vill vun dëse Coursë gi mat engem staatlech unerkannten Examen ofgeschloss, bei deem de Sproochenniveau nom Gemeinsamen Europäischen Referenzrahmens für Sprachen kann nogewise ginn? Ass d’Regierung hei der Meenung, dass ee Sproochecours duerch een obligatoreschen Ofschlossexame besser ass, wéi eng einfach Präsenzattestatioun?
5. Wat ass den Taux de Reussite vun dëse staatlech unerkanntenen Examen? -
Wéi vill Flüchtlinge bezéien aktuell de REVIS a wéi vill hunn aktuell guer kee reguläert Akommes?
-
1. Wéi vill BPIen liewen aktuell an de Flüchtlingsfoyeren uechtert d’Land?
2. Wéi vill liewen op eegenem Fouss an enger eegener Wunneng?
3. Wéi vill liewen an enger aanerer Wunnsituatioun (z. B. am enger famille d’acceuil)?
QP Nummer 4006