Falsch Informatiounen op der Säit vun der Pensiounskeess

Am Arrêt n°191 huet d’Verwaltungsgericht festgehalen, datt d’Reegelungen bei der Pré-Pensioun, déi een Ënnerscheed maachen tëscht dem Statut vum Salarié an dem Indépendant, net verfassungskonform sinn. Dëst, well se d’Leit mat enger “activité non-salarié” an der Pensioun benodeelegen.  Wéi an engem rezenten Artikel am Journal ugefouert gëtt, informéiert d’Pensiounskeess (CNAP) kengesweegs iwwert dës Entscheedung op hirem Internetsite. Hei liest een nach ëmmer, datt een als Indépendant an der Pré-Pensioun maximal 752,32€ Brutto de Mount dierf verdéngen, well een d’Pensioun soss gestrach kritt: “https://cnap.public.lu/fr/pensions/pension-vieillesse-anticipee/pension-vieillesse-anticipee.html” Wéi de Journal richteg erkläert, ass et wichteg, datt d’CNAP op hirem Internetsite op dës Gerichtsdecisioun opmierksam géif maachen, fir datt d’Bieger kënnen eng informéiert Decisioun huelen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wäert d’Ministesch bei der CNAP intervenéieren, datt den Site op d’Urteel vum Verwaltungsgericht opmierksam mécht an d’Folgen vun dësem Urteel erkläert? Dëst sou laang bis eng Gesetzesännerung a Kraaft ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1028

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt