Dat lescht Schouljoer gouf am zweeten an drëtten Trimester virum allem vu Covid-19 dominéiert.
Verschidden Enseignanten hunn elo d’Gefill, mat hire Klasse vill Schoulprogramm missten nozehuelen, a schaffen dofir am Cour méi intensiv a ginn de Kanner och méi Hausaufgabe wéi gewinnt.
Ënnert der Madamm Ministesch Delvaux-Stehres, war d’Fro, wéi vill Hausaufgabe Primärschoulkanner solle kréien, e grousst Thema. An enger ministerieller Consigne vun 2005 gouf deemools festgehalen, dass Kanner eréicht ab dem drëtte Schouljoer sollten Hausaufgabe kréien, an dass dës Aufgaben, déi ouni d’Hëllef vun engem Erwuessene misste kenne bewältegt ginn, am Total net méi wéi 2 Stonne pro Woch dierften an Usproch huelen am drëtte Schouljoer, an net méi wéi véier Stonnen ab dem véierte Schouljoer.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi eng Consigne fir Hausaufgaben kann de Minister haut, bal 15 Joer no de genannte Richtlinne vun der Madamm Ministesch Delvaux-Stehres, virum Hannergrond vun der aktueller Pandemie ginn?
Hält de Minister un der Consigne fest, dass et Hausaufgaben eréischt ab dem Cycle 3 sollt ginn, an dass e Workload vun zwou, respektiv véier Stonnen net depasséiere sollt ginn? -
Därf en Enseignant decidéieren, sech net un dës Consignen ze halen a méi Hausaufgaben ginn?
Em wéi vill Minutten/Stonnen däerf en Enseignant déi vum Minister proposéiert Consignen depasséieren?
QP Nummer 3126