Etüd zur méiglecher Aféierung vun engem Klimabonus

Context:Aktualitéitsstonn Pouvoir d’achat

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • De Statec huet a senger Evaluatioun vun der CO2-Steier festgestallt, dass och mat der geplangtener Erhéijung vun der CO2-Steier bis 2023, d’Emmissiounen zu Lëtzebuerg am Joer 2023 nach 17% iwwert der Trajectoire vun 55% CO2-Emissiounen leie wäerten: “Si l’objectif des émissions de GES pour 2021 pourra probablement être respecté, l’écart avec la trajectoire de réduction qui mène à -55% en 2030 (courbe grise) augmenterait au cours du temps, jusqu’à 17% en 2023.”;
  • De Statec hält kloer fest: “Il est généralement admis que la taxe CO2 est une condition nécessaire, mais pas suffisante pour réduire les émissions”, esou dass och aner Méiglechkeeten mussen a Betrouecht gezu ginn;
  • D’Subventiounspolitik eleng geet net duer, fir déi aktuell ressourcenintensiv Technologien a kuerzer Zäit duerch méi effizient Technologien z’ersetzen. Ee Beispill dofir ass d’Elektromobilitéit, wou dee gesamte Fuerpark misst elektresch ginn.
  • Et feehlt eng Subventiounspolitik vum Verzicht, déi d’Leit incitéiert a belouhnt. Ee Klimabonus, a Form vun enger negativer CO2-Steier kann ee steierlecht Instrument sinn, wat et erlabt, de Verzicht ze belouhnen.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. eng Etüd an Optrag ze ginn, fir déi méiglech Konsequenze vun engem Klimabonus a Form vun enger negativer CO2-Steier zu Lëtzebuerg z’analyséieren.

D’Majoritéitsparteien DP, LSAP an déi Gréng hunn eis Motioun ofgewisen.

 

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen