Wann d’Schüler am leschte Joer vum Fondamental ukomm sinn, musse si sech enger Rei Tester an Evaluatioune stellen, mat deenen ermëttelt soll ginn, wei eng Schoulform fir si am Secondaire am beschte gëeegent wär. D’Elteren, d’Léierpersonal an och Psychologen aus dem Centre Psycho-Social et d’Accompagnement Scolaires (CePAS) sinn un der Orientéierungsprozedur bedeelegt. Well d’Unzuel u Psychologen, déi fir de CePAS schaffen, aktuell awer net duergeet, fir d’Demande u Participatioune bei den Orientéierungen ze decken, huet de Minister Meisch den 23. September 2019 e Courrier erausgeschéckt, an deem hien d’Direktere vun de Regionaldirektiounen, de Lycéeën an de Centre de Cométences biet, him eng Lëscht zoukommen ze loossen, mat alle Psychologen déi bei hinne schaffen. Op Basis vun dëse Lëschte sollen da Psychologen aus der gesamter Education Nationale opfuerdert ginn un der Orientéierungsprozedur vun de Schüler aus dem Cycle 4.2. deelzehuelen. Dat bedeit natierlech, dass dës Psychologen op hirer eigentlecher Aarbechtsplaz temporär feele wäerten. Besonnesch problematesch ass dat, well et an der Praxis och wäert esou sinn, dass Psychologen, déi agestallt goufen, fir an de Centres de compétences Kanner mat spezifesche Besoinen ze ënnerstëtzen, elo wäerte bei den Orientéierungen hëllefe mussen, esou dass hinne manner Zäit bléiwe wäert fir hier ursprénglech Aarbecht. Et ass deemno onkloer, wéi eng ëmfaassend psychologesch Prise en charge an de Centres de compétences nach wäert kënne garantéiert ginn.
An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Bildungsminister Claude Meisch dës Froe gestallt:
1) • Wéi vill Psychologe aus dem CePAS huelen un der Orientéirungsprozedur deel a wéi vill net?
• Ass et richteg, dass et aktuell e Personalmangel am CePAS gëtt?
• Falls jo: Wéi vill zousätzlech Persoune mat wéi enge Qualifikatioune gi gebraucht?
• Ass de Minister der Meenung, dass de Personalmangel am CePAS an am Enseignement fondamental am allgemengen op eng inappropriéiert Rekrutéierungspolitik zeréck ze féieren ass?
• Wéi vill Psychologe goufe säit 2017 pro Joer rekrutéiert fir de CePAS? Wéi vill Poste goufen ausgeschriwwen a wéi vill dovu goufen net besat?
• Wéi vill Psychologe goufe pro Centre de compétences säit hirer Ouverture rekrutéiert? Wéi vill Poste goufen ausgeschriwwen a wéi vill dovu goufen net besat?
• Wéi vill Psychologe goufe pro Joer am MENJE agestallt? Wéi vill Poste goufen ausgeschriwwen a wéi vill dovu goufen net besat?
2) • Wéi vill Kanner mat spezifesche Besoine profitéieren aktuell vun der Aarbecht mat Psychologen an de Centres de compétences?
• Wéi vill vun dëse Kanner si vollzäit an der scolarisation spécialisée, wéi vill an der scolarisation spécialisée simultanée et à titre complémentaire (deelsintégréiert Schüler) a wéi vill profitéiere vun enger Prise en charge spécialisée, also vun enger Ënnerstëtzungsmoossnamen innerhalb vun der Reegelschoul am Sënn vun der Inclusioun?
• Wéi garantéiert de Minister, dass den Asaz vun de Psychologen aus de Centres de compétences fir d’Orientéierung am Cycle 4.2. net zu enger Baisse vum psychologeschen Encadrement vun de Schüler mat spezifesche Besoine féiere wäert?
• Falls et net méiglech ass, d’Psychologen aus de Centres de compétences fir d’Orientéierungsprozedur anzesetzen, ouni den Encadrement duerch Psychologen an de Centres de compétences ze reduzéieren:
• Wéi rechtfäerdegt den Här Minister seng Entscheedung, grad de Schüler aus de Centres de compétences, déi am dréngendsten op Hëllef ugewise sinn, d’Ënnerstëtzung ze kierzen?
3) • Wéi vill Direktere sinn dem Opruff nokomm an hunn eng Lëscht beim Bildungsministère agereecht? Wéi vill Lëschte goufen net agereecht?
• Wéi vill Psychologen aus de Centres de compétences goufen op Basis vun den deposéierte Lëschten opgefuerdert, bei der Orientéierungsprozedur vum Cycle 4.2. ze hëllefen?
• Wéi vill Psychologen aus de Lycéeë goufen op Basis vun den deposéierte Lëschten opgefuerdert, bei der Orientéierungsprozedur vum Cycle 4.2. ze hëllefen?
• Wéi vill Psychologen, déi un eng Regionaldirektioun vum Fondamentale affektéiert sinn, huelen un der Orientéierungsprozedur deel a wéi vill net?
• Gouf eng Auswiel getraff oder goufe sämtlech op de Lëschten opgefouert Persoune kontaktéiert?
• Falls et zu enger Auswiel koum: Op Basis vu wéi enge Kritäre gouf decidéiert, wéi eng Persoune bei den Orientéierungen hëllefe mussen?
4) • Kennen déi Psychologen, déi net beim CePas agestallt sinn an awer fir dëst Joer bei der Orientéierung hëllefe sollen, mat enger Dispense vun hirer eigentlecher Aarbecht rechnen? Falls jo: Wéi vill Stonnen ëmfaasst dës Dispense?
• Wäert et och eng zousätzlech finanziell Opwandsentschiedegung ginn?
5) • Wéi vill Kanner sinn dëst Joer am Cycle 4.2. ageschriwwen?
• Wéi vill Stonnen Aarbecht wäerten op d’Psychologen aus der Éducation Nationale zoukomme fir d’Orientéierung vun dëse Schüler?