Eng Pensioun fir d’Collaborateure vum Nazi-Regime?

D’Piraten hunn bei der Regierung nogefrot, ob och lëtzebuergesch Awunner Pensioune fir eng fréier Ënnerstëtzung vum Nazi-Regime bezéien.

Am Folgende fannt dir den Text zu eiser Fro:

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Aussenugeleeënheeten an Europa & Finanzen weiderzeleeden.

An de leschten Deeg huet d’international Presse gemellt, datt et och zum haitegen Dag, bal 74 Joer nom Enn vum 2. Weltkrich, nach ëmmer Persoune ginn, déi vu Pensiounen aus Däitschland profitéieren, déi si fir hier fréier Collaboratioun mam Nazi-Regime erhalen. Betraff wäre virun allem Persounen aus der Belsch a Groussbritannien, déi des Zousazpensiounen och nach steierfräi bezéie kéinten, well hier Nimm zwar den däitschen Ambassaden, awer net de belschen a briteschen nationalen Autoritéite bekannt wieren.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Ginn et och zu Lëtzebuerg Persounen, déi vun enger däitscher Pensioun, déi opgrond vun enger Collaboratioun mam Nazi-Regime wärend dem 2. Weltkrich ausgeschott gëtt, profitéieren?
  • Falls nee: Wéi kann d’Regierung, virum Hannergrond, datt d’Nimm vun de Pensionären den nationalen Autoritéiten ausserhalb vun Däitschland oft net bekannt sinn, ausschléissen, datt bei dësem Sujet och Persounen zu Lëtzebuerg betraff sinn?
  • Falls jo: Ass et och zu Lëtzebuerg esou, datt op déi däitsch Zousazpensioun fir d’Collaboratioun mam Nazi-Regime keng Stéieren erhuewe konnte ginn, well dat zousätzlecht Akommes vun de betraffene Persounen der Steierverwaltung net bekannt ass? Wäerte fréier Collaborateuren aus Lëtzebuerg hier Pensiounen nodréiglech versteiere mussen?
  • Wäert d’lëtzebuergesch Regierung, onofhängeg dovun, ob och lëtzebuergesch Awunner konkret betraff sinn, op internationalem Plang Drock ob déi däitsch Regierung ausüben a fuerderen, datt d’Ausschëdde vun de genannte Pensioune schnellstméiglech ënnerbonne gëtt? Falls jo: wéi well d’Regierung heibäi konkret virgoen?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député


Zesummenhang posts

Den 18ten Oktober invitéiert de Chef d‘État Major vun der Arméi op ee Concert mam Titel „Fënnef Joer Engagement fir d‘Arméi“. Dësen Owend, zu
Le parti Pirate a tenu le 29 septembre une conférence de presse sur le sujet “Un monde du travail équitable pour aujourd’hui et demain”.