Ëffentlechen Transport wärend der Ausgangsspär iwwert d’Feierdeeg?

Esou wéi d’Regierung gëschter annoncéiert huet, wäerten déi sanitär Mesuren, déi am November getraff goufen, weider bis de 15te Januar verlängert ginn. Dëst bedeit, datt iwwert d’Feierdeeg an och Silvester weiderhin d’Ausgangsspär vun 23h00 bis 6h00 gëlle wäert. 

Et stellt sech d’Fro, wéi den ëffentlechen Transport iwwert d’Feierdeeg a virun allem iwwert Silvester, wou den ÖT an normale Joren d’Nuecht duerchfiert, wäert organiséiert ginn.

  1. Kann de Minister präziséieren, ob a wéi den ëffentlechen Transport iwwert d’Chrëschtdagsfeierdeeg organiséiert gëtt? Gëtt dofir gesuergt, datt Persounen a systemrelevante Beruffer ouni Auto iwwert dës Deeg mobil bleiwen?
  2. A wéi  engem Takt wäert den ëffentlechen Transport iwwert d’Chrëschtdeeg organiséiert ginn? 
  3. A wéi engem Takt wäert den ëffentlechen Transport fir Silvester organiséiert ginn?

Verlaf an der Chamber

Fro Nummer 3287

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen